Page 1 of 1

Moien dir schein lait... :p

Posted: 14/03/2015 21:10:40
by BrunoL-87

Posted: 15/03/2015 14:01:58
by CedricZ-89
Ma dann mol welkomm am Club an vill Spass mat dengem Auto.

Et geseit een sech bestemmt eemol op engem Tour ;)

Posted: 15/03/2015 14:30:18
by BenD-86
Salut an wellkom am Hei am Forum.

Ben

Posted: 15/03/2015 20:36:47
by BrunoL-87
Merci alleguer :)

Krit een och eng members kaart oder sou ? Gin och bei ons regelmeisseg meetings,etc... gemeet ?

Posted: 15/03/2015 21:49:20
by TomW-91
Salut, wellkomm am Club.
Als Member kans du och eng Clubkaart kreien, kascht 30€.
Et gett emmer een Meeting all Mount, an et gett och soss vill organiseiert an ennerholl.
Du fenns dei saachen och am Forum enner, Official Events 2015, Mountly Meetings etc...

Bis dann

Posted: 16/03/2015 9:17:07
by BrunoL-87
Huet een soss nach iergendwelch firdeeler am club ?

Posted: 17/03/2015 16:43:07
by YvesB-80
Salut Bruno!

Härzlech wëllkomm hei am Forum! Schéin, dass du den Wee bei eis fonnt hues! :D
Félicitatiounen och zu denger neier Machine! Een gudden Choix! Du werts et secherlech net bereien!! ;-)

Mir hoffen dech demnächst eng Keier bei engem vun eisen Treffen begréissen ze dierfen an weisen schon mol drop hin, dass déi 15. Editoun vun eiser internationaler "Impreza Road Tour Luxembourg" den 30 an 31 Mai wert stattfannen! (Weider Infoen setzen mir viraussiichtlech am Laaf vun deser Woch online)

Avantagen fir eis Memberen sin:

- Gruppenbestellungen (d.h. besser Präisser oder keng Transportkäschten fir eis Memberen)
- Präisreduktiounen bei Club-Partner (z.b. GP Performance an Autodesign)
- Exclusiv Events fir eis Memberen (Clubtour, Barbecue, Touren & Events am Ausland --> z.b. waren mir schon bei Prodrive, asw.)
- Preisreduktiounen bei Events (z.b. Trackday um Goodyear Circuit zu Colmar-Bierg)

Natirlech fréen mir eis och emmer iwwert Proposen vun eisen Memberen (nei Sponsoren/Partner, Participatioun un neien Events, asw.)

(Hoffentlech) bis geschwenn!

Mat beschten gréiss,
Yves

Posted: 18/03/2015 7:51:53
by BrunoL-87
wow nice !!

Dann fellen ech emol den Formular aus an schecken deen dann an :)

Posted: 19/03/2015 19:10:44
by YvesB-80
Ah, eng (wichteg) Saach haat ech nach vergiess.... Als Club-Member huet een am Forum och Zougrëff op déi Katégorien wou "normal" Forum-User net ran kommen! ;-)

Posted: 20/03/2015 9:26:09
by BrunoL-87
Nice merci fir d´ infos :)

Posted: 25/03/2015 21:42:20
by BobH-91
Ma dann hearzlëch wëlkomm