Fotoen vum mengem Baby :)

We welcome all our new registered users, introduce yourself in here (public) / Nous souhaitons le bienvenue à tous nos utilisateurs enregistrés, présentez-vous ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
Sub-way:)

Fotoen vum mengem Baby :)

Post by Sub-way:) » 31/01/2010 17:49:37

Stellen mech mol richteg fiir;)Sin den Tom wunnen wei gesood zu Mertzeg,sin da 22 an Mecatroniker,sin Auto verreckt.voila mei gett et ompfong net ze soen :) haat schon puer maschinen 2 steck dovun leider schon schrott :roll: 1mol ass ma een baam entgeint komm :shock: jo an eemol krrut ech fiirfahrt geholl,jo hun ma dun na daat kaaf an hei mee war nie fiir lang ,biss ech een gt vum kollege gefuer sin :D jo do war ech hin und weg ,wel laang gesicht an hun een fond :) op Stuttgart mam tieflader an mat heem geholl,steht lo seit september an menger Garage .su daat wir et mol vun mir wann een na froen huet roueg schreiwen :D

puer donnen vum Auto


Lackierung: Honda Formula Red (Mega gail faarf )

Räder:
Work Emotion CR Kay - Gunmetal Black 8,5x18
Toyo Proxes T1-R - 245/35

Fahrwerk:
Eibach Pro-Street S Gewindefahrwerk*
Aerys Carbon Domstrebe hinten
Aerys Domstrebe vorne

Blitz Nur Spec R Catback (uppipe an downpipe kennt no:)

HKS Blowoff Valve Super SQV reloaded

Turbo Timer Blitz

Greddy Unzeigen

..... ((Foten sin vun mengem Handy also Qualiteit ass net super:(
....
.... asw ---

Image

Image

Image

Image

Image

Image

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 31/01/2010 17:51:51

ajo sin den gt gefuer den jo mega ass mee wollt onbedengt den my 2004 :) ass einfa mhhhhhhhh:)

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 31/01/2010 17:59:19

hun grad gesin daat mat den fotoen net sou geklappt huet wei ech wolt.... doppelt? sorry,,, bon hei na eng

Image

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 31/01/2010 21:12:58

:D :D top maschine!

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 31/01/2010 21:35:14

messi :) woolt eigentlech een am bloen,mee wou ech biss deen gesin hun .mol eppes aaneschters 8)

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 01/02/2010 0:15:01

Salut Tom!

Härzlech wëllkomm an eisem Forum!

Eng stramm Machine hues du do!! Sin mol gespaant fir deen eng keier "live" ze gesin! Also net rem futti maachen!!!!

Ech sin iwwregens vun Colmar-Bierg. Daat as jo och net weit aus den Féiss! :D


Bis dann,
Yves

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 01/02/2010 5:09:51

:D

Flott Maschinn hues du do ! War mäin och an Däitschland sichen, an zwar op Hannover. Awer nix Tiefflader, direkt test phase fir heem.

Ma gudd, freen mech fir deen live ze gesin, dann fuer lues ! :P

Bis dann

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 01/02/2010 20:39:03

Yves. hun dain schons oft gesin ;) waerden eis allerspeitstens op da Road Tour gesin 8)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 01/02/2010 21:05:15

Cool dei Faarv !!

PS: Hun deng Posten sou geännert, dass een d'Biller direkt geseit (kanns jo mat Edit kucken, wei ech daat gemach hun ;-) Ah jo an wichteg, du muss den "Direct" Link benotzen :lol:)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 02/02/2010 19:09:00

:oops: leiren schnell ;)

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 05/02/2010 19:27:04

Salut Tom!

Gudd ze héieren dass du bei der Roadtour dobei bas! Daat get bestemmt rem een TOP Event!!! :D

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 05/02/2010 21:20:33

naitrlech get dat een top event!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 07/02/2010 11:47:59

hoffen et gett mega;)well lossen den nürburgring doweinster saussen :?

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 07/02/2010 16:56:16

Natirlech get daat mega! (Ring as dach oninteressant. Do fiert een jo nemmen am Krees!!) :D

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 07/02/2010 18:20:11

Wiers du interesseiert zu Spa ze fueren ? Den 21.03 ass en rengen Subaru Trackday !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 07/02/2010 18:43:49

Ganz gaeren :D mee main auto ass bis dohin na net ugemellt :roll: waert reicht den 1mee op da stroos sengen ronnen dreinen 8)
soss ganz ganz gaeren :lol: messi awer

steinke

Post by steinke » 09/02/2010 0:26:55

gesin ech richteg, oda wuaren do fierdrun aaner setzer dran? :) ob der foto mat deem daitschen nummerscheld , keint een mengen et wieren aanerer dran :)

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 09/02/2010 18:36:02

jop gudd gesin;) waren sparco setzer virdrun dran an daat war guer net mein fall.....

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 10/02/2010 20:56:36

Hei sin och nach e puer Fotoen vun dengem Auto:

http://www.aerys.de/aerys-galerie.php?i ... 2007&uid=3

Just fir den Fall dass du dei nach net gesin hues....! :D

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 11/02/2010 12:25:40

TOP Yves ! :lol:

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 11/02/2010 17:25:26

wou ass deen bodykit dann???

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 11/02/2010 17:57:09

dei sin weg :D gott sei dank :twisted: sou eppes geheiert net un den subi,,, subi ass fir mech dreckeg an fies:) keen bling bling,hun lo mat ayers geschwaat,dei man ma mol fiirschleig fiir wrc decals extra fiir mein red beast ;) sin gespannt :lol: an natirlech na schmutzfänger

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 15/02/2010 21:03:26

Salut, Top geschier daat do! Freen mech well rem durch mertzeg ze cruisen, dann gesait een teschent 50000 Focus RSen och mol rem puer subis :)

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 16/02/2010 17:46:30

8) hall nemmen op deer gin et da glaich mei ,wei golfen op da stroos :shock: oh waart bis mir rem all op da stroos sin,da kennen se gring gin :D

Sub-way:)

update

Post by Sub-way:) » 19/04/2010 16:10:42

Image

Image

White_STI_06

Post by White_STI_06 » 19/04/2010 23:30:23

Schengt et just mir esou oder klappt hannen eppes net mam Stuerz???
Sub-way:) wrote:Image
Sub-way:) wrote:Image

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 20/04/2010 11:46:13

Geseit zimmlech neutral aus.

Woubei bei engem gudden Renn-Setup sollt een an der Regel viir mei Stuerz hun wei hannen, waat bei einfach deiwgeluechten BMWen jo exterm "nët esou" ass, viir geschitt neischt, hannen extrem negativen Stuerz.

Fazit an deem Fall, mei Gripp hannen, keen mei viir, an den Auto geet just nach riichtaus, resp. weinst der Power drift en, awer alles schlecht ze kontrolleieren... dorëms geet ët jo am Fong nët :-(

Um GT hun ech viir -1.85° an hannen -1.5° just, OK ass beides schein negativ, wier och neischt fiir all Dag op der Stross 8)

Mee du hues schon Recht, e "normalen" Strossen-Setup sollt viir -1° bis -1.2° hun an hannen -0.8° bis -1° geif ech soen (schwätzen vun Subbien hei, gell, aaneren Auto, aaneren Setup ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 20/04/2010 17:20:18

;) jojo hun schons op dei eischt reaktionen gewaard :D ma nee daat bleiwt net sou, vermossen en muer richteg duerch keng angscht :) haat just na keng zait en plus huet en hannen zevill nospuer an zevill positiv duefir steht en bessi komesch do , kucken mol wei weit ech en hannen agestellt kreien, well do leisst sech jo net souvill stellen ouni stuerz schrauben, fiier waert ech en wuel op 1grad stellen, vlait na bessi mei, kucken wei weit et geet, zevill och net well haenken net all daag um circuit ;)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 20/04/2010 17:54:30

@Subway :

Original geet hannen normal guet ët :roll: Viir kriss den alt mat Chance bis -1.1°...

Stellschrauwen sinn echt nët deier, an domat kanns de weinstens spillen ;-) (Gugs du hier :twisted:)

Oder soss verstellbar Domlager, gët awer direkt vill mei deier an och vill mei Opwand ze monteieren...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

White_STI_06

Post by White_STI_06 » 20/04/2010 18:23:55

wosst ech et jo daat ech net blann sin^^ hun och geduecht du hess positven Stuerz hannen. Mee soss geseit den Auto top aus.

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 20/04/2010 18:26:13

jo sin ma schon am iwwerleen fir daer da ze huelen, mee bis dai hei sin dauert ewer, an well awer prober fueren, naja kucken mol muer daat ech en gericht kreien sou gudd wei meiglech , an op der hp hun ech na keng erfahrung, sin meechtens bei ak motorsport oder ayers

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 20/04/2010 19:35:55

@yank+sub-way

also wann deng spuer sou hannen raus steet dat een et mam bloussen aan gesait ass eppes net normal!also spuer nobaussen!!!
enplus sandweiler????dei sin blan...mee bon dat ass naischt neits!! :idea:

@white
dach du bass blan...hun gewengt wei en mellen hung scho baal mam kirper aus dem auto an du hues awer net reageiert... :D den metten am rondpoint um houwald.... eieieieiei.... :D :D :D :D

White_STI_06

Post by White_STI_06 » 21/04/2010 0:19:24

@Ben: ah du wars den Mellen?^^ nee srieux, ech haat d'Kanner dobei an war zimlech ofgelenkt, sorry, kennt net mei fir

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 21/04/2010 15:55:58

@Sub : Scoobyparts ass DEN Fournisseur hei ;-) Hun schon tonnen Saachen do bestallt, ass mega rapide, an den Preis ass an der Regel top !

Ech denken dei Schrauwen keint ech der an 2-3 Schaffdeeg hei hun...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 21/04/2010 18:52:28

@mike

keen probleem!!!hehehe... :D :D

@sub-way

wei een fuhrwirk hues du iwwerhapt!!!!!
scoobyparts ass top an mei belleg wei ak....

Post Reply