new member

We welcome all our new registered users, introduce yourself in here (public) / Nous souhaitons le bienvenue à tous nos utilisateurs enregistrés, présentez-vous ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Jarhead1988

new member

Post by Jarhead1988 » 27/09/2010 20:35:03

Salut, mein num ass Steve an kommen aus dem praizerdaul .Sinn vierdrun emmer Opel gefuer an elo hun ech mar een Impreza wrx my2003 mat 60000 kilometer kaaf.Hat es einfach saat das dei autoen emmer vier durchdreihen.Sin op desen site opmierksam gin well ech dar puer hei ronderem fueren gesin hun, an weil ech fan sin alles wat mei wei e besien besser geet. :lol: Fotoen waerd ech muer dropsetzen en ass roed an ganz original ausser een enddeppen vun gp tuning.Ajo ass et ublech dass alleguer impreza sech wenken?lol fannen dat witzech krut elo schon e puermol gewonk an hun et emmer ze speit gesin.

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 27/09/2010 21:13:12

salut steve!

wellkom hei am forum!!!jo dat ass üblech mam wenken!!!!fotoen wären net schlecht... :D

bis dann op der stross!!!!


ben

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 27/09/2010 21:15:14

Ya merci fotoen waerd ech muer dropsetzen mach dier och heiensdo owes treffen woe een en pad kan drenken goen?

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 27/09/2010 21:19:31

ajo nächsten rdv ass en samsden den owend!
02.october zou dummeldeng Restaurant Cavalli!
wanns du loscht hues matzegoen dann mell dech beim yves(621315123)

kuck mol hei download dir dat dann scheck dat un dei adress dann ges du club-member!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 27/09/2010 21:30:35

Salut Noper :-)

Ech sin fun Grosbous ! Kann gudd sin dass du mech schon begéint hues :twisted:

Mir gesin eis !

Ciao

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 27/09/2010 21:33:16

Merci fier info ma do muss ech leider schaffen sin kach.Wolt an engems froen op een nach sachen fier mein auto huet.

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 27/09/2010 21:48:22

Jarhead1988 wrote:Merci fier info ma do muss ech leider schaffen sin kach.Wolt an engems froen op een nach sachen fier mein auto huet.

Waat brauchs de dann ?

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 27/09/2010 21:52:42

Dat ublescht,turbo timer,felgen,blow off...etc.

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 27/09/2010 21:56:16

felgen an blow off hun ech...

den jp huet grad eng gruppenbestellung laafen...bestell der een mat...???

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 27/09/2010 22:27:14

Salut och vu mier an häerzlech wellkomm hei bei ons
Wanns de Felgen sichs, da kann ech der vläit hëllefen. Verkaafen nämlëch meng Speedline (ouni Pneuen)
Kuck einfach mol hei:
http://www.impreza-club.lu/forum/viewtopic.php?t=571

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 28/09/2010 19:03:52

Merci war felgen kuken sichen am fong appes mat Rand.Kommen net an gruppenbestellung eran ass dat normal?Wei krin ech fotoen erop?Merci am viraus :P

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/09/2010 20:16:05

Mat Rand ? Ech mengen daat fens de bei kengem fun eis !

Kuck bei Barracuda, fannen déi flott an déi schaffen baal nemen mat Rand. Soss, OZ wier nach eng schéin Felge.

Ech mengen et muss een Member sin fir an d'Gruppebestellung ranzekommen, alleng Forum-User geet net duer.

Daat mat de Fotoen ass sou eng Saach. Wanns du eng HP hues fir se héichzelueden dann kanns du se fun do aus an de Forum setzen. Aner Méiglechkeet ass .............., kommen lo nimmi op de Numm. Op där Säit kanns du se gratis héichlueden an dann an de Forum setzen. Soubaal ech op den Numm kommen soen ech dir et ! :-)

Läit op der Zong.

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 28/09/2010 20:23:31

Ah, lo hun ech et.

Gef bei google "imageshack" an. Dann ass et direkt den éichten. Op hierem Site kuerz registréieren (email + benotzernumm) , Foto héichlueden an dann an de Forum setzen.

:P

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 29/09/2010 22:09:42


Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 29/09/2010 22:19:58

Hat eichter un esoer geduecht?wat halt dar dofun?

http://img10.imageshack.us/img10/218/db ... felgen.png

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 29/09/2010 23:17:52

Salut Steve!

Härzlech wëllkomm hei am Forum! Ech hoffen du wärts vill Freed mat denger neier Spillsaach hun! :D

Wou bas du dann Kach, wann ech froen därf? Mir hun eemol den Mount een Treffen wou mer eppes zesummen iessen gin. Dann keinen mer jo eng Keier bei dir laanscht kommen! ;)

Aus der Felgendiskussioun haalen ech mech raus. Ech denken do muss jiddereen selwer wessen waat him am beschten gefällt an weivill Geld en do well dran stiechen. Sollts du awer nach iergendwelch Froen zum Thema hun kanns du dei natirlech gär hei posten oder eis drop unschwetzen wann mer eis perseinlech kennenléieren!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 01/10/2010 9:01:30

Ech hun däin Auto schon gesin, meeschtens zu Réiden oder tescht Réiden an Räichel. :P

Ech hun mech schon gefroot ween daat soll sin, dann wees ech et jo lo. :D


Zu der Felge kann ech leider och net vill soen. Esou amfong eng schéin Felge, mee si muss natierlech och bei de Subi passen. Ech kann mir sou Saachen emer schwéier firstellen.
Di Saach mam Rand (Bord) ass esou eng Saach, ech haat bei méngem aalen 3er BMW eng AZEV Felge mat 10er Bord, do huet daat gudd ausgesin, mee bei Subaru ?!?!?! Subaru ass méi Racing wi Tuning ! Mee wi den Yves schon soot, jiddferengem säi Goût !
Kucken dass ech eng Foto fun méngem aalen BMW hei erasetzen, dann gesäis de wi daat dorop ausgesin huet.
Probéieren drun ze denken.

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 02/10/2010 17:22:39

Also dessen mount sin ech nach kach an engem party service zu reiden an ab nachsten kach am mamer altersheim.also dat get schwierech fier do eng keier iessen ze goen :shock: Den meinden schecken ech dei umellung fier an den club op post.

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 02/10/2010 17:23:56

Wat halt dier vun enger bastuck auspuffanlach dei vun gp mecht net genuch kameidi?

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 02/10/2010 18:22:46

Also ech kann mech erenneren dass mer fir een vun eisen Memberen sou eng bestallt haaten well heen TÜV wollt. Duerno war se him net haard genuch. Also KAT Ersatz bestallt. Näischt mei gepasst, nemmen Misère....! An qualitativ war se anscheinend och net graad top. Also giff ech dir do eischter oofrooden. Am beschten beschwetzen mer dei Saach eng Keiervwann mer eis gesin! ;-)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/10/2010 18:55:28

Absolut den Bisi senger Meening, eischter nët. Wanns de souweisou eng haard wëlls, ass se nët legal :-(

Do kanns de eventuell op AERYS zerëckgraifen (den Auto op den Photo'en an den Diagramm ass mein STi 8)), dei ass mat TüV (awer deier, ca. 2'000€), dofiir awer haard, gudd, mat Sport-Kat an mat Silencer fiir op Sandweiler ;-)

Ansonten heescht ët all Joër oof an nees opmonteieren fiir op Sandweiler. Awer wanns de daat wëlles hues, dann kann ech der just eng Japanesch empfehlen ! :twisted:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 03/10/2010 0:22:27

-> AERYS...!!!! :twisted: :twisted: entweder cat-back oder turbo-back hengt awer och dervun oof wats du mam auto welles hues!!!!

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 03/10/2010 20:59:38

Ja wollt am fong appes mat tuv well dat emmer roff huelen an dropman hun ech es genuch hat dat schon bei puer autoen.mae hun och gesin das et invidia mat tuv get hat ech um typ r ep3 an dei war genial :twisted: :twisted:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/10/2010 11:14:46

Allerdings wanns de d'Downpipe wiessels (fiir den Kat lass ze ginn) ass och eng Invidia nët mei legal.

Bei der AERYS ass en Sport Kat derbei, deen kascht (praktesch) keng Leeschtung, hun um 2.5l STi 354PS / 523Nm dermat :

Image
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 04/10/2010 18:40:08

Ja as richtech.Weifiel leeschtung ass dan meiglech mat just auspuff an ecuteck?

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 04/10/2010 19:53:09

auspuff+ecu 230-250 ps
auspuff+downpipe+ecu 250-280ps
bei engem 2.0 wrx ...

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 05/10/2010 18:12:56

Downpipe mescht dei soviel aus.Dat hat ech net geduecht ma dan waerd een jo net mei legal sin so wei emmer :lol: Wat kascht den ecuteck dan?hun jo den auspuff vum gp krit een do och metteldeppen?

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 05/10/2010 19:38:24

Do kriss de och Metteldeppen, jo !

Ecutek kanns de rechnen em di 1250€ !

Géi op séng Säit, do steet alles genau !


http://www.gptuning.lu/

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 05/10/2010 20:42:49

turbo-back vun aerys
= down-pipe+mettelsdeppen+endeppen am 3" mat tüv

cat-back vun aerys
= mettelsdeppen+endeppen am 3" mat tüv!!!!

et gin secher och nach anner marken mee ech kennen keng wous du tüv hues!

ecu kascht wei den jayjay sot em dei 1250.- !!!

bei deem mettelsdeppen vum gptuning kris de souweit ech wees keen tüv!

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 06/10/2010 19:00:31

Asoe ma fueren en meinden mol dohin froen ech heen mol wat heen mengt.Dan ass et jo besser warden mam ecuteck bis eng anstandech anlag drenner ass.

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/10/2010 20:30:58

8) richteg!!!

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 22/10/2010 19:46:45

Hallo sa wees een wat dat kascht wan een keng papeieren vier felgen huet?lol an op een dei an germany androen kann?

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 24/10/2010 9:47:19

Déi maan daat zu Tréier beim TüV. Gees do eng Eenzeloofnahm maachen loossen, kascht tescht 150 an 250€. Dann muss du se natierlech nach hei an der Agréatioun zu Sandweiler androen loossen, daat kascht rem em di 150€.
@aner
Verbessert mech wann ech mat de Präisser sou donierft leien !


P.S. : Ech mengen zu Sandweiler kascht et nemen halwen Tarif wanns du firweisen kanns dass eng Garage dir d`Felgen op de Pneu montéiert huet an dunn op den Auto. Wann net, dann vollen Tarif ! Oder? War mol sou eppes

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 25/10/2010 0:24:14

wanns du guer keng papeieren hues get dat mei schweier... sin dei fir suby firgesin?

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 25/10/2010 17:36:39

Bon et sin tenzo felgen an dei hun een lachkrees vun 5*114.3 an 5*100 also dei 2 mossen sin 8*18 et 45

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 26/10/2010 11:42:09

schon mol bei <am net gekuckt op et net awer een gutachten get??

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 26/10/2010 16:21:15

Ja hun ech nee get et net an dar schweiz krit een et derbai mee an germany net lol wat fier een blodsin,alles geldmacherei
:wink: :wink:

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 27/10/2010 15:24:57

majo dann probeier mo, deen aus der schweiz ze kreien an dann mat chance hellt den gudde mann um tüv zu treier oder bitburg dat un dann mecht hien dir eng eenzelofnahm....

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 05/11/2010 17:53:16

jA probeieren mol war haut beim autodesign an heen seet och keng chance lol.hei nach eng fotohttp://img44.imageshack.us/img44/3014/img0016tqe.jpghttp://img607.imageshack.us/img607/577/img0017.jpg

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 05/11/2010 17:53:51


User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 05/11/2010 21:31:57

net schlecht...

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 06/11/2010 16:45:04

Fannen och ma just dat mat den pobeieren nervt mech mol kuken lossen mar do mol eng iewerleeen.wat fier een sauwieder

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 07/11/2010 0:37:24

loos mol dei aus der schweiz kommen an dann probeiers du um tüv wann deen der gudd well dreit en der se per einzelofnahm an!!

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 08/11/2010 19:50:16

Normalerweis muss du een Festegkeetsgutachten hun, soss kriss du keng Einzelabnahme beim TüV gemaach. (Et keint flaischt goen wann an der Felge där Stempelen sin dei bestätegen dass d'Felge fir dei Laascht vum Auto OK as, mee do giff ech mech mol net drop verlossen......).

Ech haat och schon eng Keier welles sou eng Tenzo R beim Autodesign ze bestellen, mee hun et duerno mol leiwer sin geloss well ech och gär Felgen mat TüV hätt, an ech mengen d'Felgen vun Tenzo waren och zimmlech schweier.

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 12/11/2010 18:18:19

Naja et get awer iwert lang emweeer ech verkafen se erem an dan ass die bier geschiellt lol merci fier posts

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 16/12/2010 19:17:35

Hallo hun eng schlecht matdelung hun mein wrx haut verkaff fier 14000 :( hun awer schon een neien am viseier lol
:twisted:

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 16/12/2010 21:13:48

???

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 18/12/2010 21:45:06

Waat leeft hei ? Gin nemen nach Autoen verkaaf ! :-(

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 18/12/2010 22:02:14

@Jarhead :

Waat huet dech dann beweegt, deng Maschinn ze verkaafen ?

An waat hues de dann vun Maschinn an Aussiicht ? ;)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Jarhead1988

Post by Jarhead1988 » 22/12/2010 17:59:43

Ma ech schaffen elo jo zu mamer an hat laschte mont fier 350 eruo benzin an dat fannen ech ze viel nemmen benzin.Dofir hun ech elo mein verkaff an mar een wanterauto kaff 207 hdi lol an een impreza fier den summer :twisted: 2001 modell wrx mat 275ps vun koch getunt

Post Reply