Moien alleguerten

We welcome all our new registered users, introduce yourself in here (public) / Nous souhaitons le bienvenue à tous nos utilisateurs enregistrés, présentez-vous ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Moien alleguerten

Post by CedricZ-89 » 06/04/2013 23:54:46

Salut,
Ma ech sin den Cedric, wunnen zu Maarnech an kann seit März een wonnerschein Blobeye Wrx Sportkombi mein Eegen nennen. Natierlech as en blo, woubei den Daach an verschidden Deeler schwaarz lackeiert sin.
Specs sin : Blitz Turbo Timer, Toyosports DP, eng Invidia Catback, Eibach Pro Street an fir de Summer nach schein 18" OZ Prodrive P1 am schwaarzen ;)

D'Umellung fir d'Roadtour flitt och demnächst an d'Bréifboite ;)

Dann hoffen mer nach op vill Km mam Subi an vill schein Tour'en :)

Bis denne

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 12/04/2013 17:42:26

Salut,

Ma wënschen dech härzlech wëllkomm hei um Forum an am Club :D

Bis geschwënn, JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 12/04/2013 23:13:45

Moien Cedric

Och ech heeschen dech härzlech wëllkomm bei eis am Forum!

Dein Auto kennen mir mengen ech schon, mee dech awer (warscheinlech) nach net. Hoffentlech geseit een sech demnächst eng Keier perséinlech.

Dei nächst Ausfahrt as den 21/04. Deen Daag fueren mir bis op den Nürburgring an machen niewenbei awer och nach e bessen Sightseeing. Falls du Loscht hues matzefueren dann so Bescheed.

Bis demnächst,
Yves

CedricZ-89
Committee member
Posts: 203
Joined: 02/04/2013 16:53:29
Location: Wincheringen, Germany
Contact:

Post by CedricZ-89 » 12/04/2013 23:44:48

Ma merci gesot :)

Jo kann ganz gudd sin dass den Auto bekannt as, et sin Stickeren vum Club an den Seitenfensteren.

Wat den Ausflug op den Ring ugeht, kann ech leider net dobei sin, well ech dann schaffen muss. Mee et fennt sech bestemmt eng aaner Meiglechkeet :)

NunoS-83
Club-Member
Posts: 28
Joined: 02/03/2013 18:53:11
Location: Holzthum

Post by NunoS-83 » 16/04/2013 10:36:25

Salut Cedric :)

och vun mir herzlech welkomm um forum :) obwuel ech selwer nach ziemlech nei dran sin ;)

an nürburgring?? wou? wat? weini? :-D
Impreza WRX Station Wagon 2004
Java Black Pearl

Post Reply