En neien Subaru Impreza op de Letzeboier Strosen StephanE-94

We welcome all our new registered users, introduce yourself in here (public) / Nous souhaitons le bienvenue à tous nos utilisateurs enregistrés, présentez-vous ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
StephanE-94
Forum-User
Posts: 2
Joined: 18/05/2013 12:11:16
Location: Steinfort Luxemburg

En neien Subaru Impreza op de Letzeboier Strosen StephanE-94

Post by StephanE-94 » 19/05/2013 13:51:44

Bonjuer,

Ech sin de Stephan Er..., sin 19Joer aal, an sin vun Stengefort. Volvo begeeschtert alles huet mat engem Volvo 480Turbo dann 244 '78, dann 740Turbo ugefangen, elo sin ech mat engem Rouden Mazda MX-5 NA ennerwee... Mais den nexten ass schon reserveiert,

=> En 2003er Subaru Impreza WRX-STi Type UK mat Prodrive Performance Package (mat Zertifikat!). 10/2011 Aus England an Deitschland importeiert gin an elo kennt en richtung Letzebuerg !

Ech hoffen dass ech hei en gudd Steck ennerstezung an Hellef kreien falls mool iergendwann eppes sollt sin.

Ech wenschen ierch alleguerten en schéinen Daach an vill freed beim fueren/rennen ;) .


P.S. Brauch eng Original Auspuffanlag ab Turbo fir duerch den CT mam Subaru, wann een mier eng leinen keint oder verkaafen well, w.e.g. bescheed soen , MERCI !
PPS. Haat dier och schon suergen mam NeutralPositionSwitch / Neutral-Schalter ? Sollt anscheinend bei den New-Age Subaru'en Problemer machen?!

Frendlesch Gréiss,
Stephan

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 19/05/2013 20:36:18

Salut Stephan,

Als eischt mol wëllkomm op eisem Forum and och gleich an d'Subby-Fuerer Famill :D

Zu denger Fro, selver nach keen Problem, och well nach neischt esou heieren, hun awer grad gegoogled an effektiv munches esou fonnt...

Hoffen du fënns eng Auspuffanlag, ech kann leider nët dingen, ech hun en 2006er and dei original Anlag as deels nët mei and den restlechen Deel verkaaft...

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

NunoS-83
Club-Member
Posts: 28
Joined: 02/03/2013 18:53:11
Location: Holzthum

Post by NunoS-83 » 21/05/2013 12:40:23

Herzlech wellkomm och vun mir ;)

UK import? Hmm... daat wert Sandweiler net sou gaer gesin... haat daat och mat engem Audi A4 Tfsi vun Miami gehaat... meng chance war dass deen ganz original war an awer hun ech missen eng "Reception a titre isolé" bezuelen...

Also vill gleck ;)

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 22/05/2013 23:18:28

Salut Stephan!

Härzlech wëllkomm hei am Forum an Félicitatiounen zum Kaaf vun dengem exoteschen Subi! :-)

Ciao
Yves

Post Reply