Ech war den moien op Treier den neien STi kucken, an hun en och direkt konnten/dierfen probeieren


Also am flottsten hun ech den hell groen font. Och wann meng 2 Impreza'en groer sinn, sinn ech deier Faarv bis well just aus "confort" verfall. Hei ass ët wierklech dei, dei mer am beschten gefällt. Den 2006'er hätt ech am leiwsten am weissen kaaf (war just keen deemols op Stock), den neien wierkt awer am weissen fad, irgendwei onabfälleg. Schwarz an Blo sinn nët ällen, mä do kommen dei schein "Kruven" nët esou zur Geltung wei beim hell-groen. Bleift nach den donkel-groen, deen hun ech leider nët gesinn... Haat zwar mein Photo-Appart vergiess, haat awer des Photo gemailt kruut :
Zum Auto, den Innenraum ass OK, awer eigentlech nët mei wei daat. Ech fannen mein 2006'er besser, vun Material hier ob allefall, an vum Design, nuje, do ass keen wierklech besser, se sinn eben just aanescht.
Den Radio & Lautsprecher sinn iwregens nach wie vor extrem schlecht ! D'Sëtzer sinn leider och nach mei schlecht ginn, wei se ët schon am 2006'er waren



Waat d'Fueren ubelaangt, do sinn ech zimmlech positiv gestëmmt, hun mech direkt wuel gefillt, obwuel ech schon baal 2 Meint keen Impreza mei gefuer sinn, mä just mein Popel diesel


D'Beschleunegung ass zimmlech soft, manner spektakulär, oder aanescht gesoot, mei verwässert... Dobei wëll ech awer nët soen, en geet nët gudd, nee nee, en geet schon gudd. Mä bon ech sinn den geTEKten STi gewinnt, deen sprecht aanescht un. An d'Sound-Koulisse ass ganz fad, do ass neischt ze heieren, souguer den Boxer-Sound ass baal ganz fort. Do heescht ët dann waarden, bis Auspuff'en dispo sinn...
Den SI-Drive ass schon komesch, denken, deen briecht ech nët, well ech den Subby nët all Dag fueren, also wann ech dann domat fueren, dann richteg, also an "Sport sharp" Positioun

D'Bremsen sinn dem Fiirgänger trei, steet zwar elo STi an nët mei Brembo drop, ginn awer ëmmer nach gudd genuch. Hei geif ech just eng aaner Bremsflëssegkeet an Stohlfex an eventuell aaner Beläg drop machen, dann wier ët eigentlech gudd


Alles an allem ganz OK, den STi ass "würdeg", fannen ech


Ech wärt allerdings bei mengen gudden aalen Subby'en bleiwen, dei sinn mei protzeg, sou wei ech daat gären hun

Bis dann, JP.
PS: Den Daewel huet nach deier aaler MY07'er 3 Stëck wann ech mech nët iweren, also ween nach een wëll, elo ass den moment
