STi 2008 getest

General discusions about the Impreza WRX STi (public)
Discussions générales sur l'Impreza WRX STi (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

STi 2008 getest

Post by Jean-PierreR-71 » 26/01/2008 17:44:36

Salut,

Ech war den moien op Treier den neien STi kucken, an hun en och direkt konnten/dierfen probeieren :!: Nach cool en gefuer ze sinn ier Tester vum 2.5l an den Zeitschrëften ze gesinn sinn 8)

Also am flottsten hun ech den hell groen font. Och wann meng 2 Impreza'en groer sinn, sinn ech deier Faarv bis well just aus "confort" verfall. Hei ass ët wierklech dei, dei mer am beschten gefällt. Den 2006'er hätt ech am leiwsten am weissen kaaf (war just keen deemols op Stock), den neien wierkt awer am weissen fad, irgendwei onabfälleg. Schwarz an Blo sinn nët ällen, mä do kommen dei schein "Kruven" nët esou zur Geltung wei beim hell-groen. Bleift nach den donkel-groen, deen hun ech leider nët gesinn... Haat zwar mein Photo-Appart vergiess, haat awer des Photo gemailt kruut :

Image

Image

Image

Zum Auto, den Innenraum ass OK, awer eigentlech nët mei wei daat. Ech fannen mein 2006'er besser, vun Material hier ob allefall, an vum Design, nuje, do ass keen wierklech besser, se sinn eben just aanescht.

Den Radio & Lautsprecher sinn iwregens nach wie vor extrem schlecht ! D'Sëtzer sinn leider och nach mei schlecht ginn, wei se ët schon am 2006'er waren :-( Weisou nët nees dei aus dem GT verbauen, daat waren bei weitem dei becht :!: Allerdings gët ët en Sport-Packet, do sin ënnert aanerem richteg Recaro'en dran (+ Navi, BBS Felgen, geteinten Fënsteren... fiir ~5'000€ Oppreis), dei sollen echt gudd sinn, wier also en Must wann een en STi an Betracht zitt :!:

Image

Waat d'Fueren ubelaangt, do sinn ech zimmlech positiv gestëmmt, hun mech direkt wuel gefillt, obwuel ech schon baal 2 Meint keen Impreza mei gefuer sinn, mä just mein Popel diesel :oops: D'Fuerwierk keint just mei steif Stabi'en verdroen, mä ech denken deen Kommentar ass bei mer standard :twisted:

D'Beschleunegung ass zimmlech soft, manner spektakulär, oder aanescht gesoot, mei verwässert... Dobei wëll ech awer nët soen, en geet nët gudd, nee nee, en geet schon gudd. Mä bon ech sinn den geTEKten STi gewinnt, deen sprecht aanescht un. An d'Sound-Koulisse ass ganz fad, do ass neischt ze heieren, souguer den Boxer-Sound ass baal ganz fort. Do heescht ët dann waarden, bis Auspuff'en dispo sinn...

Den SI-Drive ass schon komesch, denken, deen briecht ech nët, well ech den Subby nët all Dag fueren, also wann ech dann domat fueren, dann richteg, also an "Sport sharp" Positioun :twisted: Fiir deen, deen en awer all Dag fueren wëll, ass den "Intelligent" oder "Sport" Modus an sech OK, well een domat ëmmer nach gudd fierun geet, awer den Sprit e bessen verschount bleift.

D'Bremsen sinn dem Fiirgänger trei, steet zwar elo STi an nët mei Brembo drop, ginn awer ëmmer nach gudd genuch. Hei geif ech just eng aaner Bremsflëssegkeet an Stohlfex an eventuell aaner Beläg drop machen, dann wier ët eigentlech gudd 8) Speider geif ech eventuell och dann d'Scheiwen duerch aanerer tauschen, ass awer nët derwärt dei nei direkt eroof ze huelen, besser se fiir d'eischt ooffueren, dofiir sinn se ze deier/schued ;-)

Alles an allem ganz OK, den STi ass "würdeg", fannen ech ;-) Also konnt "den Skeptiker" (ech) awer irgendwei no enger Live Begeignung bekeiert ginn 8)

Ech wärt allerdings bei mengen gudden aalen Subby'en bleiwen, dei sinn mei protzeg, sou wei ech daat gären hun :twisted:

Bis dann, JP.

PS: Den Daewel huet nach deier aaler MY07'er 3 Stëck wann ech mech nët iweren, also ween nach een wëll, elo ass den moment ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 27/01/2008 13:59:34

Also dei Recaros wou zu breissel dran sin, sin einfach top :!: Net ze verglaichen mat deenen doten :!: :!: An do stoung an am Dark Grey oder wei nennt een dei, eng ganz schein Farf fir deen neien STI :!:

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 21/02/2008 10:49:48

Also ech sin den neien STI de WeekEnd op Mamer probeieren gaangen. Mam Chef, dem Herr Daewel.

Vun der Optik sin ech positiv iwerrascht. E geseit bei weitem besser aus als ech geduert hun, och vir en "Hatch". En ass schein breed an bulleg. Waat mech steiert ass daat et vum Design e MischMasch ass vun e puer Marken...vir mech gleicht en dem Ford Fokus RS :oops: . Meng Meenung.
Den Auto ass net mei sou puristesch wei deen aale Model...eppes ganz aanescht.

d'Setzer fannen ech nach mei breed gin an dei bidden nach mei weineg Halt wei meng (MY2005). An ech sutz matt enger decker Wanter Jacket am Auto. (!!!) Den Interieur ass cool. Mei en gehuerwenen Niveau. Gudd geleist.

Vum Fueren hier ass et net mei daat brutalt waat ech vun mengem Turbo kennen. Daat ass eben daat waat mech emmer erem faszineiert. Daat Explodeieren vun der Leeschtung. Mai wei beim aale 2.5 Model ass hei Leeschtungsentfallung mei wei bei engem Diesel. Den Moto kennt wirklech frei an en Turbo Lach ass baal net mei ze spiiren.

Ech fannen den Auto och mei Mell ofgestemmt wei elo mein Model. Kann daat awer net 100% soen well ech just e klengen Tour gefuer sin (An do as dem Daewel schon schlecht gin :lol: ...also hun ech net gepuscht)

Den Auto ass mir esougur quesch gaangen an dobei sin ech do luers gefuer. Nämlech um Wandhaff op der Opfahrt Autobun Richtung Stadt vir bei de Gengler zereck. Ech sin do era gefuer wei och matt mengem....an wor deck iwerrascht gin daat dei Sau sech dreine wollt....ech sinn net wei en Toopert gerannt...well ech just soen. :evil:

Soundkuliss ass am Orignial Zoustand deck Null. Du muss seier eppes gemach gin. Mai wann ech mir eng Blitz Anlag drop virstellen mat 2 decken Reier....Wow Muss genial gin.

De Preis...jo jo de Preis... fannen ech och gehuerwenen Niveau...ok et kritt een elo vill mei mam Auto wei nach bei mengem...mai troztdeem 41T€ +-5% Remise....Wann een dann nach den Tuning Auspuff etc etc dobei rechnet....get et wircklech deier.

Meng Präferenz an der Farw wir....weiss
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

Steve79

Post by Steve79 » 21/02/2008 23:08:41

Ech war zimlech lues mam STI gefuer, well ech jo och den Auto wollt ganz lossen. Bon, ech hun jo ''jhust'' een 06er WRX, an duefir huet den STI mech naach mei begeeschtert. Ech sin naach nie mat engem 2.0 Liter gefuer, an wees duerfir netwei groussden Ennerscheed ass. Mee et stemmt, schon mam 2.5 WRX kann ech am 5 Gang mat 50 duerch Duerf zuckelen ouni Problem, wei bei mengem Diesel virdrunner!!

En ass wirklech gelongen den neien STI, bon den Prais ass schon wirklech happeg, 41000 Euro fir d'Basisversioun, dei mer perseinlech zwar duer geet, ass schon vill. Mee wou kritt een sos 300PS, eppes wei een SI-Drive an AWD asw fir deen Prais. Et bleiwt een Auto fir Autosverreckter :D , waat awer och gudd ass.

Haat lo nees een Flyer vun Subaru UK kritt, do ass Basisversioun ronn 25000 Pond, ca 33000 Euro, ass natirlech och schon erem een Ennerscheed zu hei

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 21/02/2008 23:29:34

An ech war Haut just kurz op Mersch bei den Kremer lanscht luusen, ech hun mengen Aan baal net getraut, deen huet een STI mat Full Option do stoen am schwarzen, mat scheinen BBS Felgen an mega mega RECARO Setzer :!: Och deen Startknapp ass net schlecht, cool 8) Daat ass einfach top :!: Aleng dei mei breet Felgen loossen deen Auto 100mol besser ausgesin, an dei Recaros sin den absoluten Hit, net wei deen normalen schrott, muss do bal einfach soen, sorry :!:

An daat am schwarzen, wei sollen do dei aaner Farwen ereicht wirken :?: :?:
Also ech spueren lo mol fir deen voll ausgestatten STI, deen huet mir sou haut den Rescht gin, och mat 300 Ps, egal :!: :D ( laaaaang spueren....)

An dei Felgen...... an dei Setzer.........

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 22/02/2008 0:07:44

@ S.T.I.: Ech duerft mech schon zu Breissel eng Keier an deen neien "Full Option" setzen an ech kann dir nemmen recht gin. D'Recaro's Setzer sin wierklech TOP!! Keen verglach zu deenen normalen STI Setzer. Woubei dei jo och alt rem net sou schlecht sin... (Opwuel, ech mengen dei vun mengem GT sin besser... hehe :D )

Ech fänken dann och elo un ze spueren... fir een weissen STI mat Recaro! Bis ech d'Suen zesummen hun as warscheinlech schon rem een neien Model do! ;-)

Bisi

blood-of-soul

Post by blood-of-soul » 06/03/2008 6:17:15

waat ass den preis vun deem gudden steck, den Chrëscht ass jo rem op der Sich nô engem WRX STi :twisted: :twisted:

Steve79

Post by Steve79 » 06/03/2008 13:59:38

Sou 41000 Euro fir d'Basisversioun, wann ech mech lo richteg erenneren,

Iwwregens testen se haut den owend den neien STI am RTL-Automag. Ech mengen et ass souguer een schwarzen, mat Treirer Nummer, wann ech dat richteg gesin hat :D , oder??

CarmenS-76
Forum-User
Posts: 28
Joined: 12/01/2008 13:20:13
Location: D-Schweich b. Trier

Post by CarmenS-76 » 06/03/2008 18:48:40

Richtigggggggggggg! :wink:

Kann das jemand aufnehmen?

Carmen

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/03/2008 20:18:04

RTL hat auf seiner Homepage ein Video-Archiv, die Sendung wird also jederzeit abrufbar sein ;-)

Ich werde ein Link hier reinstellen, sobald sie verfügbar ist.

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/03/2008 20:31:11

Hier schon mal den Bericht auf RTL.lu mit Verknüpfung zum Video.
Last edited by Jean-PierreR-71 on 07/03/2008 17:31:34, edited 1 time in total.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/03/2008 23:54:56

den haer becker ass awa net sou douce mat deem scheinen spillchen emgang....warscheinlech waer en gaer am besetz vun dem STI...mee ween waer dat schon net????

Bid-X

Post by Bid-X » 31/03/2008 11:08:35

Hoi,
den W-E haat ech och endlech d'Méiglegkeet deen neien Sti ze fueren. Deen Auto ass richteg komfortabel, huet awer och eng super Strosselag.
Den éichten Moment wuar ech awer e bessen enttäuscht vun der Beschleunegung, och well et deen getunten Sti wuar (den Här Daewel huet mär och bestätegt ass een normalen Wrx beim untrett wéinst deem klengen Lader méi séier ass) mais d'Leeschtung kennt esou linear dass een se baal net spiert. (Mär wuaren awer och zu 4 am Auto!)
Um Bäifuerersetz spiert een dann richteg dass d'Gesiichtshaut no hannen gezunn gett, phänomenal Beschleunegung.
Baussen feelt op allefall Sound! Do ass wirklech net vill, bannen klengt en ganz angenehm no Boxer.
Ech sin den Auto praktesch nemmen an der Sport Sharp Astellung gefuer, Intelligent ass nemmen ze fueren wann een ganz gudd Zäit huet oder an d'Vakanz fiert oder am Stau krebst. Hei kennt nom Drock op d'Gaspedall als éicht emol guer näicht, no e puer Sekonnen kennt dann eng dezent Beschleunegung.
Verbrauch huet sech laut Anzeig bei menger Testfahrt bei 15L agependelt, et kann een awer secher méi verbrauchen, manner geet awer och!

Alles an allem een super schéinen an schnellen Auto deen mär am Moment awer nach ze deier ass, fläicht sin nächst Joer déi éicht Occasiounen eraus, dann denken ech nach eng kéier driwer no.

Merci nach eng Kéier un d'ganzt Daewel-Team, et wuar nees een flotten Nometteg mat villen tollen Autoen!

Ralph

Steve79

Post by Steve79 » 01/04/2008 16:26:55

Am Ufank hun ech Beschleunegung am neien STI, och net sou immens fonnt, souguer am Verglach mat mengem WRX. Mee wann een bessi fiirt, dann kennt daat schons awer. SIn jo och relax gefuer!!! Den STI ähnelt en bessen dem Mazda3 MPS, an deem Punkt, fannen ech. Deen ziit och sou lues an lues un , mee dann kennt en awer. Jhust den MPS ass mei fir d'Autobunn gebaut, wei fir Landstrossen mat Keieren!! Do fannen ech d'Subien besser!!!

Den STI ass mer och lo bessi deier, an gudd Occasiounen wären eng Alternativ. Dest Joer get lo mol definitiv naach gespuert, an nächsten Autofestival kucken ech dann, well dann muss et eppes neies gin!!! :lol:

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 01/04/2008 18:23:47

Ech froen mech just wou mir d'Occasiounen sollen hier huelen wann keen wellt een neien kaafen!! :D

Steve79

Post by Steve79 » 02/04/2008 0:01:22

Jo, daat ass och wouer!! :D Mee wann ech en nei kaafen, gin ech en och net mei hiir!!! Verreckt genuch fir een neien sin ech allemol, mee Gedold :twisted: :twisted:

Post Reply