Page 1 of 1

Neien STI Ecutek

Posted: 14/05/2009 11:25:09
by MichelW-68
Salut

Wollt mol froen ob dir wesst waat den neien STI 08 2.5 Niveau Ecutek aushält an ob een wees virwat den STI net an Europa mat der automatescher Boite an F1 Schaltung (VIP Schaltung) ausgeliwert get ?

Merci vir al Aentwert

Michel

Posted: 14/05/2009 16:35:24
by Jean-PierreR-71
Ech haat mol heiren, sou ëm 340 - 350PS wieren normal dran.

Den Patrick huet zwar och anscheinend een op 400PS gemach, mä scheinbar soll daat mei kriddeleg sinn, do gouf ët Problemer, kennen awer nët all Detail...

Dei Saach mat der Boîte, gudd Fro, wei ëmmer, daat bescht haalen d'Japaner fiir sech ;-) Beim MY06-07 gouf ët jo anscheinend och eng automatesch Niselanlagsteierung fiir den Intercooler unzefiichten, an Europa gouf ët just den Knäppchen fiir selver dono ze kucken (OK, ass nët sou interessant wei d'Boîte). Daat ass awer just eng Vermuutung, genau wees ech daat nët...

Posted: 14/05/2009 16:38:23
by MichelW-68
ok - Merci

Ginn mol bei den GP an froen mol no. Wann ech eppes wees posten ech daat dann.

Michel

Posted: 14/05/2009 21:39:10
by BenD-86
hun mol heiern sou em dei 370 ps... an dat mat der f1 schaltung soll anscheind am model 2009 kommen...

Posted: 15/05/2009 8:20:32
by Bid-X
Salut,
ech wuar dem Daewel säin gefuer (deen éichten deen den Patrick gemaacht haat), haat 352 Ps.

Ralph

Posted: 15/05/2009 10:30:34
by MichelW-68
Gin et do dann schons Erfahrungswerter waat den Motor aushält ? Deen ass jo anscheinend net esou roboust wei elo zB mein Model (2005) well deen jo keng Schmiedekolben huert ?

Posted: 15/05/2009 10:42:42
by Bid-X
Jo, erfahrungswerter gin et schon, déi éicht 2.5er (06 an 07) hun et jo éichter mat den Culasse-Dichtungen; beim 08/09er gesäit et awer méi düster aus, hei gin et reiheweis Motorschied. Béis Zongen behaapten dass fir all verkaaftenen Sti een Ersatzmotor prett läit.
Kuck emol am Forum vum däitschen GT-Club, do gett et méi ze liesen.

Ralph

Posted: 15/05/2009 11:05:41
by MichelW-68
Bon, dann heescht et jo mol fanger wech vum Ecutek ouni Schmiedekolben & Co. nozerüsten.

Gin mol do liesen, merci vir den Tip

Posted: 15/05/2009 12:33:31
by Jean-PierreR-71
Bis dato scheint mein EJ25 (MY06) mol mam ECUTEK ze haalen (330PS, 3 Joër, 18'500km), loossen mer mol hoffen ;-)

Posted: 07/08/2009 9:26:41
by MichelW-68
Wees schon een waat Subaru welles huert vir 2010?
Esou luers kommen se mam STI hannen dran....alles huert mei oder selwecht vill PS an klappt den STI.?
Hun sei naischt am Programm mat 350PS ?

Michel

Posted: 07/08/2009 16:28:42
by BenD-86
ech gesin du bass nervös......... :twisted: :D :D

Posted: 07/08/2009 17:12:13
by MichelW-68
yepp :oops: :x :shock:

Posted: 07/08/2009 19:39:22
by YvesB-80
Guckst du hier: http://www.litchfieldimports.co.uk/suba ... shopmenu=2 :D


An d'Pond steht nach gudd..... 8)

Posted: 07/08/2009 20:20:27
by MichelW-68
jo ok.....mai ech hun gemengt ab Wierk

Posted: 08/08/2009 1:59:03
by LaurentF-78
@jemp
Mäin EJ25 (MY06) mam ECUTEK (340PS, 3 Joër, 46.500km), hällt bis elo och emol, loossen mer Holz upaacken....

Posted: 09/08/2009 23:31:47
by Jean-PierreR-71
@laurent :

Klengt gudd, dann hun ech jo nach op manst 26'000km ouni Prolem zegudd mat mengen, deen huet der elo baal 20'000 ;-) Wei bass du dann op 340PS komm ? Mein huet der mam ECUTEK 330...

Posted: 10/08/2009 22:45:51
by BenD-86
jo haut 20000 war derbei...

jhemp heen huet deen meedechers-spoiler drop dee weit manner dofir 10 ps mei!!!!!! :P :P :D :D :D

Posted: 10/08/2009 23:53:55
by LaurentF-78
@ Jemp
338,3 fir genau ze sin....

@ ben
+ Babyspoiler (manner Gewiicht)

= 340 PS

:lol:
:lol:

Posted: 11/08/2009 17:29:36
by BenD-86
majo....ech wees.... :D :D :D :P :P

Posted: 11/08/2009 18:40:25
by Jean-PierreR-71
Nët schlecht, mein war bei 333.4PS scheinen Wert (wou 333.3 nach mei schein gewiecht wier) ;-) An awer 5 manner :roll: 8)

OK, wann schon schein, dann muss ech probeieren op 555PS ze kommen, daat ass dann weinstens eng significativ Zuel fiir en Subby ;-) Awer daat gët dann nach schein deier :shock:

Loossen daat mol awer sinn mengen ech :lol:

Posted: 11/08/2009 21:25:06
by MikeW-78
Main 2003er huet 95000 km mat 331ps erof, left wei am Schnürchen! Also, no panic!! :D

Posted: 14/08/2009 16:00:27
by MichelW-68
Also ech wo elo beim Patrick an deen soot vir den neien STI geet Ecutek bis 330 PS ouni Auspuff. Also +- sou wei dem JP sein.
Hiern soot och daat daat hält. Mat Auspuff ass mei dran.

Wann een dann do driwer goen well sollt een seng Piston wiesselen...daat wir besser.

Wei ass daat dann elo mam 2.5 L STI Moto. Huert Subaru daat elo am Greff oder net?

Hun keen Bock mir do Problemer sichen ze goen.

Off Topic
Ech wo geschter mol am Daitschen Subaru Forum....an do sin der nawel eng yet dran dei vum STI op den Focus gewiesselt hun...sou guer een aus Letzebuerg....woubei ech lo net wees op deen hei am Club wor oder ass.

Michel

Posted: 16/08/2009 12:58:40
by Jean-PierreR-71
Off-topic weider ;-)

Tjo den Focus ass einfach Preiswert, an fiir een, deen sech soss en WRX kaaf hätt, kriss de jo bei Subaru neischt mei, dofiir ass menger Meenung no den Focus echt attraktiv. An an DE ass ët mam Geld e bessen mei knapp, dofiir ass den STi bei iwer 40k€ sëcher nët mei einfach ze finanzeieren... an dann bleiwt den Focus oder den Golf GTi, an do wier meing Choix seier gemach ;-)

An en Kolleg vun mier ass een gefuer, an war iwwerrascht, wei gudd en dei 300PS awer op d'Stroos kritt, trotz dass en just viirgedriwen ass.

Posted: 16/08/2009 13:50:04
by BenD-86
Off-topic nach weider :wink:

den focus gesait och nach mei no race aus wei den sti...an fir 10000euro manner...misst een mol kucken op een deen tsten kann...

Posted: 17/08/2009 13:30:15
by MichelW-68
Also ech hun am IWSTI Forum daat heiten fonnt....an daat geseit net gutt aus

http://www.iwsti.com/forums/2-5-liter-l ... ta-20.html

:roll:

Posted: 17/08/2009 16:32:45
by Jean-PierreR-71
Also mein 2.5l huet elo eppes iwer 20'000km, alles mat 330PS ECUTEK, an bis elo alles a Botter...

Posted: 19/08/2009 11:54:51
by MichelW-68
ass daat genau deen selwechten Moto ?

Posted: 19/08/2009 12:27:05
by Jean-PierreR-71
Daat ass natierlech eng gudd Fro. An sech wärt nët vill aanescht sinn, en huet awer serienmeisseg 300PS contra 280PS fiir mein...

Den Patrick keint der do sëcherlech mei soen.

Posted: 18/07/2010 20:08:05
by MichelW-68
Salut

Huert iergendeen nei Info wat den Moto vum neien STI ugeet. Am däitschen Forum hunn ech gelies dat de Preis anscheinend elo iwwer 50T€ soll leien. Kann een dat confirméieren ?

Michel