Ech war geschter bei den Georges op Miersch den EVO X kucken, hien huet een do stoen. Also vun der Grondform gefällt en mer besser, alledings wierkt en bëlleg vum Material hier, z.B. bis EVO 9 war den Heckspoiler aus Carbon, elo ass ët Plastik asw

Misst een mol fueren kënnen fiir sech en Bild ze maachen.
Den neien STi ass echt an der Reih, ech muss just nach mech domat ooffannen, dass en Impreza heescht, awer daat spillt sech just an mengem Kapp oof !
Den getuned'en STi haat ech jo och probeiert, deen geet nawell fiirun, 340PS an deem kompatken Auto ass den hit

Daat ass effektiv flott drun. Mä do muss nach en Auspuff drop, well sou huet en NULL Sound

An ouni deen, mengt een, den Auto geif nëmmen hallef sou gudd goen

Allerdings ass en mei "soft" an der Leeschtungsentfaltung wei z.B. mein 2.5er geTEKten STi. Natierlech ass ët den eischten Worf vum Tuning, an 100% original, also souguer mam original Auspuff. Do ass sëcherlech nach Potential do
Geschter hun ech awer och den Legacy Spec. B (3.0l H6) testen dierfen. Daat war ech eng Offenbarung !!! Geet sau gudd (245PS ouni Turbo). Mega Sound aus den 6 Zylinder ! Wann do en Blitz drop wier, gehierlos

An d'Fuerwierk (Bielstein original) ass mega, fiir en Kombi luch deen Auto genial gudd, op Anhieb Vertauen verschenkend !
JP.