Mäin neien 08er Wrx (Wrx 06 Kombi ass verkaaf)

Discusions about and presentation of your own car (club members and VIP guests posting only / public viewing & replying) / Discussions et présentations des voitures des membres (publication pour les membres du club et invités VIP uniquement, visualisation et réponses publiques)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
Bid-X

Mäin neien 08er Wrx (Wrx 06 Kombi ass verkaaf)

Post by Bid-X » 17/01/2008 11:52:27

Et ass mär schwéiergefall mais ech hun mech décidéiert een o8er Wrx ze kaafen esou laang et der nach gin.
Hei ass en (nach am Serienzoustand):

Image

Image

Image

Image

Image






Salut Jungs,
hei mäin Auto fir deen neien Forum:

Image

Image

Image

Image

Image

Ralph
Last edited by Bid-X on 23/09/2008 8:57:32, edited 1 time in total.

Steve79

Post by Steve79 » 18/01/2008 15:50:12

Wirklech een flotten Kombi!
Ech mengen wirklech, du hues Subaru UK, d'Virbild geliwwert fir hiren GB270 WRX, dei Special-Edition!!! Hun een Prospekt aus UK vun GB270, ass wirklech eng Kopie!!

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 18/01/2008 17:44:14

Gefällt mär och mega :D

Hat schon emmer een faible ffir Kombi'en, an daat do as een vun den scheinsten :wink:

Serge
Form follows function

Bid-X

Post by Bid-X » 23/09/2008 9:58:37

Image

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 23/09/2008 10:06:25

vill spass mat dengem neien auto!!! :D

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 24/09/2008 13:27:24

Deem schleissen ech mech un, vill Spass beim fueren an beim Tunen ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Steve79

Post by Steve79 » 24/09/2008 13:35:16

Deen ass wirklech schein, an deser Faarw an mat deenen Felgen. Tiptop :D . Vill Spaas domat.

Ech sin Subaru lo leider definitiv ontrei gin, mee bon, muss naach bis Maerz waarden, op deen neien.

Bid-X

Update

Post by Bid-X » 16/10/2008 8:52:36

Et huet sech schon eppes gedoen bei deem neien:

-Mäin gudden aalen Momo Schaltknauf ass dran
-D'Bremssuedelen sin elo schwaarz mat wäissen Subaru-Schreftzuch
-Déi Chromblend teschend den hennechten Luuchten ass elo an Carbon-optik
-Virgescht hun ech endlech mäin Inoxcar Auspuff kritt an dropgebaut (Sound fehlt awer nach :? )
-Sti-Grill montéiert deen ech fir 12.50 Euro op Ebay geschoss hun :lol:

Elo fehlen virum Wanter nach een Saatz Whiteline Stabien (kommen nächst Woch) an dann misst den Auto esou sin wéi ech mär daat virstellen.

Image
Image
Image

Ralph

Bid-X

Update

Post by Bid-X » 31/10/2008 9:39:46

Meng Stabilisatoren sin elo säit 14 Deeg dran an ech kann soen dass dem auto säin Fuerverhaalen sech radikal verännert huet. Säitenneigun ass minimal, Grip doduerch vill, vill méi héich, Ennersteieren ass och een gudd steck manner gin; deen ganzen Auto fillt sech elo méi ferm un! Vir sin elo 22mm amplaatz vun 19mm an hannen 20mm amplaatz vun 15mm. Hun em déi 300 Euro bei Ak-Motorsport kascht. Abau wuar extrem einfach, no enger Stonn wuaren mär färdeg. Merci un den DanielD fir d'Hellef!

Zenter läschter Woch hun ech och deen ganzen 08er SWRT Decal Kit drop, et muss een jo e bessen opfaalen mat engem Auto deen zevill verwiesselbar ass. Richteg Fotoen kommen nach hei wuar ech nach net ganz färdeg.

Image

Image

Vu dass den Sound nach net Impreza-like ass iwerleen ech grad nach den Mettelrouer ouni Resonator vun Inoxcar ze bestellen.

Ralph

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 31/10/2008 11:28:09

Also do priedegts du genau mein Wuert ;-)

:arrow: Wiesselt d'Stabien, daat ass einfach de glanz :!: :!: :!:

An vill mei bëlleg wei en Fuerwierk. Wann ët mat den Stabbien nët duergeet, kann een ëmmer nach en Fuerwierk drop machen, ët sollt een awer vun ënnen no uewen goen :

1 - Loftdrock vun den Pneu'en
2 - Spuer an Stuerz viir an hannen (mat Stuerzschrauwen geet daat och hannen)
3 - Stabbien
4 - Fuerwierk

---

Fannen och den Stickeren gudd, sinn gespannt op d'Photo'en wann en ferdeg ass !!

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 05/11/2008 10:49:49

Salut

Also mein Nooper huert och en WRX wei dain an deen huert en Nvidea Deppen hannen drop. Bestallt beim GP aus USA.
An daat klengt MEGA. Des Auspuff kennt hannen net riit eraus mai schief esou wei bei den EVO'en. As mega geil.

Mai ouni TUV.

Vum Fuerwirk hier ass daat Dengen do awer katastrophal. Hiern haat virdrun en Buggy Eye WRX an deen wor vill mei stramm oofgestemmt. Um Track Day zu Bitburg sin mir bal em keng Keier komm, sou mega huert den WRX ennersteiert. Dofir ass dei Info matt den Stabi'en net schlecht...gin dei mol weider.

Kukke mol op ech eng Foto posten darf

Michel
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 05/11/2008 11:40:33

Salut Michel,

Breng dein Noper dach einfach mol eng Keier mat op een Treffen! (An dech hun mer och schon laang net mei gesin...) :?
PS: Därf ech froen wou's du deng Felgen kaaft haas an wei eng Greisst bzw. Breed dei hun?

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 229
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 05/11/2008 12:11:16

Salut

..jo ech wees...sorry...mai hun einfach zevill em d'Ouren..Aarbecht...Kanner...Musek. Sin schon frou wann ech Zait fannen Weekends mol mein Auto ze wäschen ...lol

Also allerspeitstens sin ech beim neegsten Trackday zu Bitburg...matt mengem Nooper....wann naischt un den STI kennt.

ähmmm...welch Felge mengste ? Hun emmer nach emg Original drop....sichen no Wanterfelge...fannen awer keng dei am Preis raisonable sin.

PS: Ech mengen mir gin bei deen selwechten Coiffer op Useldeng...!?
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

Bid-X

Post by Bid-X » 11/12/2008 16:13:23

Gett emol erem Zäit fir een Update

Image

Image
Dekor ass schon méi laang färdeg, et sin elo nach Mudflaps dropkomm (Eegebau) an meng 06er Felgen.

Image
Deen Auspuff op der Foto verkaafen ech, wann den Paak ukennt dann ass ab dem Sonnden eng TurboXs Anlag drun (endlech deen Sound deen bei den Auto passt). Een AP Schortshifter hun ech och bestallt (Cado fir Chreschtdaag).:wink:

Ech gin emmer méi zefridden mat deen Auto, am Ufank wousst ech net ob ech mech richteg entscheed haat mais nom Abau vun den Stabien ass alles aanecht gin, hun elo baal 5000km an d'Leeschtung schengt och elo um Programm ze sin (wuar am Ufank immens zéih, kann mech awer errenneren dass et ei mengem 06er genau esou wuar). Elo nach eng oder zwou Domstriewen...:roll:
Grüsse
Ralph

Bid-X

Post by Bid-X » 19/12/2008 10:46:58

Meng TorboXs Anlag ass montéiert an Sound ass um rendez-vous, geil!

Image

An nach een Agency Power Shortshifter hun ech agebaut, huet sech och gelount.

Ralph

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1429
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 19/12/2008 10:49:29

Salut!

Weini gesin mer deng nei Spillsaach dann endlech mol eng Keier LIVE ?!?!?! :D

Bid-X

Post by Bid-X » 20/03/2009 10:54:46

E puer nei Pics:

Image

Image

Image

Ausser dass d'Fensteren getéint sin an d'Summerpneuen nees drop sin huet sech näicht geännert!

Ralph

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 20/03/2009 11:20:51

Dach eppes wichteges fiir d'Photo'en, Sonn 8) Domat geseit en direkt nach besser aus :lol:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply