Page 1 of 1

Mäi Renault Clio R.S.

Posted: 31/03/2010 8:12:16
by Bid-X
Maachen hei emol nach een neit Thema op fir d'Fotoen vu mengem neien Spillchen.
Hun en elo genau 3 Wochen an am Moment ca. 1200km (nach emmer Rodage :cry: ).

Image
Image
Image
Image
Image
Image
Image
Image

Ralph

Posted: 31/03/2010 11:57:11
by MichelW-68
geseit gudd aus...Respekt

Posted: 01/04/2010 10:03:10
by Jean-PierreR-71
Verdammt, dei Sëtzer sinn bestëmmt mega !! :D

Posted: 02/04/2010 8:39:14
by Bid-X
Jo, d'Stetzer sin einfach de Glanz! Ech widderhuele mech fläicht mä wat Renault Sport do op d'Bee gestallt huet ass einfach top!

Mär schengt et wéi wann d'Elektronik de Motor elo fräigin huet, e geet säit gescht e gudde Strapp besser, waarden awer bis d'Kescht 2000km huet fir ze kucke waat richteg drastecht.
Divers Filmer op Youtube (deen hei z.B. http://www.youtube.com/watch?v=IK3wZf9IWVY) stemme mech immens optimistesch!

Eigentlech wollt ech deen Thema hei bei d'Members Cars, hu mech e bessen geiirt :oops:

Bis dann
Ralph

Posted: 02/04/2010 10:10:02
by Jean-PierreR-71
Ass gemoved ;-)

Posted: 03/04/2010 9:18:29
by MichelW-68
Waat kaascht dann esou eppes ?

Posted: 03/04/2010 19:02:50
by Steve79
Ech hun och schon vill guddes vun deenen Renault Sport-Modeller heieren. War den Clio och kucken, eier ech den Abarth kaaf hun. Mee, ech sin jo een Turbo-Freak an den Mégane RS, war mer awer ze deier!
An der leschter ''CAR''(dei englesch Autoszeitung), war eng ganz Reportage iwwert Renault Sport dran. Dei schaffen wirklech sou, wei zb BMW M oder AMG un hiren Autoen, an testen daat riichteg. Et gin lo net einfach jhust deck Motoren an Spoileren drun gepaapt! Muss och mol eemol sou eppes testen goen! :D

Posted: 06/04/2010 9:04:25
by Bid-X
mweis wrote:Waat kaascht dann esou eppes ?
Ma mäin huet 18900.- kascht; laut Lescht kascht en ca. 23000.-

Bis dann
Ralph

Posted: 06/04/2010 12:54:24
by MichelW-68
Bid-X wrote:
mweis wrote:Waat kaascht dann esou eppes ?
Ma mäin huet 18900.- kascht; laut Lescht kascht en ca. 23000.-

Bis dann
Ralph
:shock: Wow......

Posted: 06/04/2010 14:09:00
by SergeK-80
An Saachen Prais/Leeschtung as daat effektiv net ze toppen :!: :D

Posted: 07/04/2010 18:02:44
by MikeW-78
Et soll awer lo keen mei soen Japanplastik! Gesin bei Renault ass et d selwecht, an beim neien Opel Astra och, hun daat lescht woch mol gesin!! :shock: :D

Posted: 07/04/2010 20:52:14
by MikeB-78
plastic ass lo iwwerall rem dran!
Just nach Upper Class huet do aaner Materialien!