Page 1 of 1

WRC-Spoiler norüsten

Posted: 09/10/2008 20:48:58
by NicoW-87
Salut,
huet een eng gud adress wou een eng gud replika vum wrc spoiler hierkritt, oder ev.en original vun engem accidentéierten subi?
an wann, wou hätt ech am beschten en montéieren ze lossen?
tnx

Posted: 09/10/2008 20:54:14
by BenD-86
kuck bei aerys hun deen och! www.aerys.de

Posted: 09/10/2008 21:47:26
by NicoW-87
hun bei aerys gekuckt, an se hun eigentlech genau daat waat ech sichen, lo hängt et just nach dovun oof waat den spoiler kascht...daat muss ech bei hinnen nofroen, oder hues du eng ahnung waat deen soll kaschten!?
tnx

Posted: 09/10/2008 23:12:10
by BenD-86
nee sorry leider net...

Posted: 21/10/2008 22:33:16
by NicoW-87
den aerys spoiler kascht ronn 360 euro

Posted: 29/10/2008 0:56:23
by YvesB-80
As daat deen WRC Replika mat den Schauten?

Falls jo, misst et deen vun L'aunsport sin. Den Andy (vun Aerys) huet jo den ganzen Bodykit op sengem Subi.
Dei Deeler kommen aus Japan an sin hei och net sou einfach ze kreien. Falls du japanesch verstehs kanns du mol hei kucken: http://www.wrc.gr.jp/launsport/

Ansonsten kucks du einfach d'Biller. ;-)

Ech hun lo graad gesin dass se och schon een Replica Kit fir deen neien Impreza hun. Lo geseit daat "Dengen" mol endlech no eppes aus! :P

Posted: 29/10/2008 17:45:37
by NicoW-87
Hello,
wor mol do kucken, do sin schon eng ganz partie interessant saachen, mee ech haat amfong d'oofgespeckten versioun gemengt. :)
Hun och lo 1 beim GP fonnt, direkt färdeg op enger Mall montéiert an an der richteger Faarw lackéiert. Ass och den grond wiseu ech meng aal Mall (déi allerdengs ausgesäit wéi nei) verkaafen.
Bis dann

Posted: 29/10/2008 20:47:19
by BenD-86
denk drun d amortisseuren ze wiesseln well dei vum sti sinn mei deck wei beim wrx!!soss fällt deng mall emmer selwer zou!

Posted: 30/10/2008 12:41:16
by NicoW-87
Haat zwar bis elo nach keen problem mat deenen hei,daat eenzegt waat ass, ech kréien d mall vun bannen net méi op, just nach mam schlessel! an daat léit mol secher net un den amortiseuren, haat daat schon alles gekuckt! keng ahnung wiseu.... :?

Posted: 30/10/2008 13:28:59
by Jean-PierreR-71
Ass neischt wëlles, daat ass en Feature, keen Bug ;-)

Wanns de d'Mall ophues, ass ënnen um Schlass (also nët un der Mall, mä um Auto wann ech mech richteg erënneren, sinn mer awer elo wou ech driwer nodenken nët mei sou sëcher...) e klengen Schlemmchen, deen braus de just ëmzeleen, an schon klappt daat nees ;-)

Posted: 30/10/2008 17:37:12
by NicoW-87
Tip Top, merci, lo klappt daat nees! :D et wor awer schlussendlech en schlämmchen un der mall selwer! Thanks