Page 1 of 1

Auto lackeieren loosen

Posted: 06/11/2010 23:08:16
by LucR-92
Scheinen gudden Nowend alleguerten,

Ech wees, lo denkt der iech bestemmt, waat ech elo rem fir eng Fro hun, mais et geiw mech einfach emol interesseieren.
Main Ziel as et eierlech gesoot souvill ze spueren, daat ech main GT Turbo herno komplett fresch machen, amplaatz mer flait een neien oder eng besser Occasioun ze kaafen. Bei deem Ziel wollt ech awer dann och den Auto komplett nei lackeieren loosen, an zwar an Subaru Perl Waiss (wees elo net wei se genau heescht) mat engem schwarzen Daag an engem schwarzen Kapot, wou dann just di grouss Lufthutz an dei 2 aaner kleng Lufteinlässe waiss bleiwen. Dobei geiw dann natierlech nach en STi Spoiler drop kommen, deen dann och waiss mat schwarz soll gin. Mais bon daat wärt nach bessen daueren, bis ech mer daat kann leeschten.

Mais trotzdem wollt ech emol nofroen, waat mech dann eng komplett Lackeierung kaschten keint. Ech weilt den Auto dann natierlech komplett zappen loosen, daat en vun bannen an sou och natierlech waiss as. Et as main Draamauto gewiescht an as et nach emmer, also soll et och propper sin :) Flait hudd dir jo sou eng Praisfierstellung :)

Bis dann,

Luc

Re: Auto lackeieren loosen

Posted: 07/11/2010 0:40:43
by BenD-86
Luc1992 wrote: Lackeierung kaschten keint. Ech weilt den Auto dann natierlech komplett zappen loosen
?????

mol net nei autoen gin gezappt!!!!!!!

wanns du dann urdentlech an engem garage machen leis bauen dei der en ganz ausenneen interieur och an dann den motor eventuel raus well den motroraum jo och soll lackeiert gin???
rechen mol sou zweschen 5000-10000 euro.....

Posted: 07/11/2010 14:10:57
by LucR-92
Wei sollen se dann alles komplett lackeiert kreien? ... Daat verstinn ech lo net richteg. Ech hätt eeben gären alles richteg propper an professionell gemach ... Souwait ech wees kann een dei ganz Karosserie zappen loosen ... ausser daat gett haut des Daags net mei gemach ...

Bon ech wärt dann mol eng keier bei een norfroen goen waat daat mech kaschten keint ;)
Merci awer

Luc

Posted: 07/11/2010 18:41:25
by BenD-86
rechen wei ech gesoot hun zewschen 5 an 10 mille....

Posted: 08/11/2010 21:29:42
by YvesB-80
Salut Luc,

Wei mein Impreza GT nei lackéiert gin as, gouf alles rausgeholl bzw. roofgeholl. Duerno gouf den Auto komplett lackéiert, ausser den Motorraum (well deen anscheinend normalerweis net mat lackéiert get an well daat och nach mei Arbescht gewiecht wier an entspriechend nach mei deier gin wier). Duerno sin all Eenzeldeeler lackéiert an rem ungebaut gin.

Den Preis hänkt natirlech och dovun oof weivill Couchen Farw an Kloerlack benotzt mussen gin. Ech wees zwar net mei weivll Couchen bei mir drop sin, mee ech kann mech nach erenneren dass bei där Cameleon's Farw dei ech mir am Ufank rausgesicht haat (mat 7 Reflet'en dran) duebel souvill Couchen Farw hätten missen gespretzt gin wei bei där wou ech lo hun. Et wieren ausserdeem duebel souvill Couchen Kloerlack drop komm an den Literpräis vun där Farw war och nach duebel sou deier wei bei där dei ech duerno geholl hun.

Den Auto ganz weiss mat schwarz ze maachen giff bestemmt gudd ausgesin mee ech muss awer och zougin dass ech net kann verstoen dass du dein Auto wells emlackéieren wou daat dach eng Serie Spéciale mat spézieller Farw as! Mee bon, do muss jiddereen wessen waat en mecht. Ech hoffen just dass du et duerno net bereis! Steel blue as dach soooooouu schein!! ;)

Posted: 09/11/2010 12:19:18
by LucR-92
Hmmm jo ok ...
Hues mech iwwerzeegt, loosen en dei Faarw :P Mais irgendwann gett en awer richteg nei gemach, dann behällt en eeben dei Faarw :)
Den Probleem as just daat ech elo schon beim AutoDesign an beim Santana zu Märel war fir den Setz flecken ze loosen. Sie kreien net genau dei selwescht Faarw am Alcantara an net daat selwescht Stoff Material ... bon daat geheiert jo lo net hei hinner, machen en neit Thema op ;)

Luc