Also dei mei einfach Fro, mat den Photo'en
Do muss de en Site fannen, wous du deng Photo'en kanns eroplueden (z.B.
ImageShack).
Dono kanns de dann dei Biller hei uginn :
Code: Select all
[img]http://imageshack.us/xyz[/img]
Woubei xyz den Verweis op dein Bild ass, esou wei dier imageshack daat ugëtt.
----
Dann elo zu dengem Problem, do sinn ech e bessen iwerfroot, hun nach nie eppes vun deem Problem heiren. Ob allefall hues de Recht bei denger Vermutung, dass ët neischt mam Turbo-Timer kann ze dinn hun, du kriss den Auto ouni Problemer mat der Verbedienung gespaart wärend en nach ausleeft. Kuck awer eventuell, obs du dein Turbo-Timer d'nämlecht agebaut hues wei
an deser Abauanleitung fiir daat mol 100%eg auszeschleissen, villeicht geseis de jo eppes, waats du aanescht gemach hues, och wann do nët sou vill ass
Beim GT ass d'Ferbedienung allerdings Infra-Rout (wei dei vun engem Fernseher), domat muss de zimmlech genau an Richtung Innen-Spigel zielen, an daat direkt bei der Autos-Fënster, soss geet dei nët, daat ass awer normal.
Du schreiws awer vun 2 Schlësselen, also denken ech, geet ët hei ëm en New Age (WRX oder STi). Daat sinn Funk-Fernbedienungen, dei ginn sou oder sou an och vun 20-30m eweg. Domat haat ech nach nie en Problem, muss awer zougin, wei gesoot, dass ech och nie vun esou engem Problem heieren hun...
Dass mam Schlëssel just deng Dier op an zougeet dierft bei engem New Age eigentlech nët sinn, well d'Fahrerdier steisst normal d'Zentralverrigelung un, wann ech mech nët ieren (hun ech awer nach nët bewosst gemach an dobei dorop opgepasst).
Beim GT wees ech, dass wanns de d'Beifahrer Dier mam Schlëssel opgespaart hues, ass just dei opgangen, daat war awer "normal", dei huet d'Zentralverrigelung nët aktiveiert (do gouf gespuert, mam Gedanken warscheinlech, den Chauffeur mecht jo den Auto op, d'Schlass op der Beifahrerseit ass just fiir ze depanneieren do).
Op beim New Age op der Beigfahrerdier iwerhaapt en Schlass ass, do misst ech leien, hun bei mengem STi nach nie sou genau gekuckt
----
@Jayjay : Gudd gesinn

Ech hun ët gemierkt, wann ech en Formulaire zerëckkruut, awer dann nët driekt geännert, an dono ëmmer nees vergiess

Ass aktualiseiert
----
PS: Hun den Topic vun "Engine" op "Interior" gerëckelt, denken do fënnt een en besser rëm, wann speider een dono sicht
