Also ech hun bis elo guer naicht un mengem Impreza geännert well ech momentan alles hun waat ech brauch.
Et gett awer eppes waat ech onbedengt an den Auto bauen well, an zwar Anzeigen (Turbo,Ladedruck,Uelegtemperatur, asw...).
Universal kritt een jo zum Beispill beim AutoDesign sou Anzeigehalter ze kaafen, mais ech well awer eischter eppes waat direkt drann passt, an wou ech net nach vill am Auto bastelen muss. Den Yves haat mer schons gesoot daat mer daat keinten hei am Forum beschwätzen.
Also ech braicht dann amfong just den Anzeigehalter, deen an d'Plaatz vun der Ooflaag uewen, iwwert der Mettelconsole kennt.
Wann daat elo sollen extra Moosen sin, fir d'Anzeigen drann ze maachen, braicht ech natierlech och 3 Anzeigen.
Keint een mir daat organiseiren? Oder mer weinstens Internetsaiten gin, wou ech mer eng Halterung kann aussichen, an deen Moment kann et iwwert den Club bestallt gin oder sou?
Ech wier iech alleguerten wierklech dankbar an hoffen daat et klappt
Bis dann,
Luc