Setz flecken loosen

Discusions about inside parts of the car (public)
Discussions à propos des pièces d'intérieur de la voiture (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Setz flecken loosen

Post by LucR-92 » 09/11/2010 12:34:28

Scheinen gudden Metteg alleguerten,

Vu que daat ech elo iwwerzeegt gin sin fir den Auto net waiss ze lackeieren an en sou ze loosen wei en as, well ech dann och den Interior genau sou behaalen wei en as :)
Main Probleem:
Um Chauffer's Setz uewen um Reck as een Lach vum erann- an erausklammen. Ech war schon bei 2 Steck froen fir et flecken ze loosen. 1. bei den AutoDesign an 2. bei den Santana zu Märel. Den AutoDesign kritt leider daat selwescht Stoff net, dofier wier et dann besser den kompletten Interior nei ze machen, mais daat well ech jo lo net. Den Santana dogeint kritt och net den selweschten Stoff mais huet mer awer gesoot daat dei komplett Schaumstoffmousse iwwerall un den Stoff festgepecht as, sou dass een den ganzen Reck misst flecken amplaatz just daat eent Steck.

Ech selwer hun och lo nach eppes aaneschtes gesinn, an zwar, daat um Reck den Stoff amfong sou eng Art Housse as, well uewen wou daat Lach vun der Kappstütz as, as nähmlech eng Tirette ... flait kritt een sou eng Housse jo nozekaafen bei Subaru?!

Oder huet flait irgendeen hei aus dem Club een originalen Steel Blue Setz doheem trellen, deen en net mei brauch? :)

Also ech sin mat all Hellef zefridden, well daat Lach geet emmer mei futti - leider :(

Merci, bis dann

Luc

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 09/11/2010 13:35:20

Leider kann ech do nët hëllefen. Eng aaner Leisung wier 2 ganz aaner Sëtzer (Recaro oder sou) ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 09/11/2010 14:10:33

Jo haat ech och schon iwwerluet mais bon, Probleem as dann rem op ech gudd an deen Setz passen oder net, well ech jo net grad eeen Schlanksten sin ... :(

Ech haat firdrunn amfong geduet main Interior komplett am schwarzen Stoff ze loosen mais amplaatz dann d'Alcantara Deeler am bloen ze loosen, se am waissen ze machen ... mais dann as et keen Steel Blue mei :(

Luc

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 09/11/2010 16:40:16

Bon, daat ass eng Saach, dei jiddereen fiir sech ausmachen muß. Wann daat weiß / schwarz denges ass, dann mach ët, well ech funktionieren nom Prinzipp, den Auto muß sengem Besëtzer gefaalen, nët deenen aaneren ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 09/11/2010 17:31:15

Jo gudd mais dann verleiert en un Wärt oder net? :S

Also ech geiw schon ganz gären alles am schwarz/waissen machen loosen ... ech kreien den ganzen Interior beim AutoDesign fir 2000€ gemach, sou wei ech gären hätt.
Beim Santana dogeint sin ech op 2600€ ouni TVA! ... an 600€ fannen ech schon zimmlech vill ...

Luc

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 09/11/2010 19:37:18

naischt geint den auto desgin!!!

mee den santana an den pesch vun kärjeng maan just sou saachen...an dat ass wirklech top...
ok deen deen dat am auto design mecht mecht et net schlecht hun den tom sein interieur gesin mee santana an pesch hun an mengen aan mei erfahrung ech soen mol sou du gees jo och net mam subi dein ulegwiesel bei den goedert maan...?

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 09/11/2010 19:59:15

Jo ok gudd stemmt och erem ...
Wees dann keen wou ech original Steel Blue oder eeben STI Setzer fir main ze kaafen kreien?

Luc

Jemp1964

Post by Jemp1964 » 14/11/2010 17:29:41

beim allraddaiwel zu bitburg as den udo den filliale do feiert,den wees eng adresse wou een setzer gefleckt kritt

LucR-92
Forum-User
Posts: 66
Joined: 18/09/2010 20:01:39
Location: Rosport/Luxbg

Post by LucR-92 » 14/11/2010 19:59:22

Jo? Daat s gudd ze wessen, dann kucken ech emol fir eventuell an der nächster Zait dohinner ze kommen :)

Merci

Bis dann,
Luc

Post Reply