Salut,
Ech hun des Woch dem Carlos sein Blitz FATT Turbo Timer agebaut, an den Yves huet sech als Photograph freiwëlleg gemellt fiir daat ganzt festzehaalen.
Sou, hei wier dann d'Abauanleitung :
Also als allereischt muss den ënneschten Deel vun der Console lassgemach gin, dofiir mussen 1 Clips an 2 Schrauwen lassgemach ginn an dann kann d'Console einfach lassgezunn ginn :
D'Console ass uewen mat 3 Clipsen festgemach (2 um lënken Deel, 1 um klengen rechten Deel). Hei gëllt ët also fest zeihen ouni ze murksen. Ideal ass mat enger Hand zweschend d'Lenkseil an d'Console ze greifen fiir en gudden Halt ze kreien :
Dann gëllt ët den Turbo Timer Harness (Adapterkabel an "T"-Form, sollt op allefall matbestallt gin !!) unzeschleissen. Dofiir muss mol den Stecker, deen vum Zündschlass kënnt lassgemach gin :
Dann kann den TT-Harness ganz einfach dezweschengehaangen gin :
An schon ass en ugeschloss :
Als nächst muss den Display festgemach ginn. Daat ass natierlech eng Geschmacks-Saach wou deen sollt fixeiert gin, resp. hängt dovun off waat nët schon alles am Auto verbaut ass an eben nach Plaatz ass
Beim Carlos hun mer en niewt den Becherhalter ënnert d'Lüftungen un der Mëttelconsole festgemach (wou mein Daum op der nächster Photo ze gesinn ass).
Als eischt muss also daat Stëck erausgebaut ginn, dofiir muss d'Blend vum Autoradio eroofgeholl ginn. Leider hun mer heivun keng Photo gemach, mä dei ass am WRX/STi vun 2002 bis 2004 just geclipst, also wei schon fiirdrun gesoot, einfach fest an mat Gefill zeien. Beim WRX/STi vun 2005 bis 2007 ass dei Blend uween mat 2 Clipsen festgemach, an ënnen mat 2 Schrauwen. Un dei kënnt een wann een d'Schaltkulisse einfach erauszitt, dei ass just geclipst (wei gewinnt, fest awer mat Gefill zeien).
Um Ëck vun deem Stèeck muss e bessen gefeilt gin, sou dass den Kabel vum Display och schein proper do kann erauskommen :
An dann muss d'Mëttelconsole nees schein zesummengebaut gin :
Hei am Bild uewendrun geseit een schon den Duebelkleber fiir den Display festzehaalen, elo gëllt ët den Display proper an riicht unzepeschen, an voilà
Natierlech muss den Kabel vum Display laanscht den Radio bis iwert d'Pedalen verluet gin.
Wann daat geschitt ass, gët ët Zeit d'Steiergerät vum Turbo Timer unzeschleissen. Den mooven Kabel deen derbei ass, ass geduecht fiir un den Kontakt vun der Handbrems ugeschloss ze ginn. Ech machen daat allerdings nët, well soss den Turbo Timer just mat gezunnener Handbrems funktioneiert... Eigentlech sollt en fiir mech ëmmer funktioneieren
Dei 2 matgeliwert Kabelen mussen elo un d'Steiergerät ugeschloss gin :
Dei 2 Massenkabel an deen fiir op d'Handbrems gëllt ët elo proper op eng Längt oofzepëtsen an un eng "O"-Cosse festzemachen :
Eng Masse dei ganz an der Geigend einfach unzezaapen ass, leit ganz lënks bei der Scharneier vun der Dier :
Wann d'Kabelen bis un der Schrauw festgemach sinn, gëlt ët och dei proper ze verleen :
Um Steiergerät gët ët nach 1 Schalter, domat kann een d'Ëmpfindlechkeet astellen, mat deem d'Steiergerät d'Dreizuel aus der Bordspannung miest. Beim Subby, vum GT bis dem leschten STi ass d'Standardpositioun A richteg.
Allerdings befestegt d'Steiergerät awer esou, dass am Noufall deen Schalter kann ëmgestallt gin
Sou, vu dass mer elo eigentlech alles uschleissen keinten, wier ët un der Zeit d'Steiergerät ze befestegen. Den matgeliwerten Doubleface vun 3M ass super gudd, ët wier awer nët schlecht nach zousätzlechen Doubleface ze hun, sou dass d'Steiergerät och gudd fest sëtzt. Ech monteieren daat ëmmer bannen an den Deel vun der Console dei mer ganz am Ufank lassgemach hun, direkt niewt den OBD-II Stecker :
An nët vergiessen den Kabel vum Display nach unzeschleissen :
Ganz wichteg, beim Verleen vun den Kabelen sollt nët un Kabelbinder gespuert ginn. D'Kabelen sollen jo weder am Armaturenbried dono rabbelen, nach sollten se wärend der Fahrt iech op d'Feiss faalen
Also och d'Iwerlängt vun den Kabelen brav opwëckelen, an mat engem Kabelbinder z.B. um OBD-II Kabel esou festmachen, dass se iech nët mei kënnen op d'Feiss faalen :
Sou, elo nach d'Console, dei mer ganz am Ufank lassgemach haaten nees ubauen. Dofiir sollt een se d'eischt uewen an dei 3 Clipsen festmachen, dann den Clip op der lënker Seit nees andrëcken an uschleissend dann dei 2 Schrwauen nees festmachen :
An domat wier der dann ferdeg :
En klengen Tipp, zu Sandweiler, resp. wann der den Auto an d'Garage oofgidd, geif ech den Turbo Timer ausschalten, nët dass dei Hären ierch den Auto an eng Mauer parken oder vum Pont erooffleien
Hoffen dest kann hëllefen
Abauanleitung Blitz FATT Turbo Timer
Moderators: Committee, Former-Committee
- Jean-PierreR-71
- President
- Posts: 2054
- Joined: 23/12/2007 21:10:06
- Location: Bascharage (L)
- Contact:
Abauanleitung Blitz FATT Turbo Timer
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu
- Jean-PierreR-71
- President
- Posts: 2054
- Joined: 23/12/2007 21:10:06
- Location: Bascharage (L)
- Contact:
Salut,
Pour tout ceux qui ont un Blitz FATT avec uniquement la doc en japonais, voici la doc en version anglaise.
Merci à Mako
JP.
Pour tout ceux qui ont un Blitz FATT avec uniquement la doc en japonais, voici la doc en version anglaise.
Merci à Mako
JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu