Page 1 of 1

Marder am Motorraum

Posted: 05/06/2008 22:06:59
by mako
Kennt een en mettel dat geingt Marderen helleft?
Hat rem een deen mer en Kabel duergebass huet.

Hei mol ganz interessant:
http://www.autobild.de/artikel/mittel-g ... 50364.html

Posted: 06/06/2008 6:36:37
by SteveP-78
Hat dat och dese Méindeg!!!

Esou ee Sauvéih huet mier am SEAT ënnert anerem den Ënnerdrockschlauch vun de Bremsen zerbass! Resultat: d'Bremsen si nët méi gang (wat ech awer eréicht beim Fueren erausfonnt hun!!!

Anscheinend hëllefen déi Marderschreckdénger (wees net wéi déi richteg heeschen) déi een an den Motorraum installéiert, an déi een héichfréquenten Toun ofgin deen d'Marderen ofschreckt. Gi mier 'lo och mol sou eppes kafen

Posted: 06/06/2008 8:08:46
by BenD-86
@steve
kaascht bei mir 60 euro wanns de een wels so mir bescheed!!

Posted: 09/06/2008 14:23:07
by MichelW-68
Zu Bitburg wor een Daitschen deen haat en normalen einfachen "Toilette-Steen" an den STI dragehaangen. :shock: An hiern soot daat wir Optimal geint Marderen. Seitdeem nie mei e Probleem

Posted: 09/06/2008 15:11:25
by Jean-PierreR-71
Daat wier zumindest mol eng Preiswert alternativ :shock:

Warscheinlech muss een awer just oppassen weien Parfum een do wielt :lol:

Ech paacken Holz un, haat nach keen Problem, an mein Opel steet ëmmer dobaussen, an ët wimmelt bei mer nëmmen sou vun Marderen :? Natierlech kann och sinn, dass Marderen e gewëssen Stolz hun, an nët grad egalwaat ubeissen 8)

Posted: 09/06/2008 23:40:03
by SergeK-80
Bei mär haat och en Marder 2 Kabelen duerchgebass --> Kuerzschloss am Steiergerät an 1060€ Schued. Meng Assurance huet daat awer deemols bezuelt an mam EcuTek war och keen Problem.

Hun dono een Marderschreck angebaut an haat seitdem naischt mei futti. Trotzdem hun ech nach dei eng oder aner Keier Patten-Ofdreck um turbo gehaat, waat ech awer drop zereckfeieren, dass den Marderschreck mat Intervallen schafft.

Serge

Posted: 09/06/2008 23:45:38
by BenD-86
jo dat kann sin... ween dat gepips nervt ech mengen et get sou en spray geint marderen...

Posted: 10/06/2008 10:28:11
by Jean-PierreR-71
@Ben : Mam Alter ass ët nët mei sou wëll, irgendwann heiert een dei heich Frequenzen nët mei :roll: Ech heieren se awer nach, sou aal sinn ech nach nët :lol: