Quietschen vun der Steierung beim STi (MY2002)

Discussions about the engine / engine management, gearbox, drivetrain... (public)
Discussions à propos du moteur et de la gestion moteur, de la boîte, du pont... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Quietschen vun der Steierung beim STi (MY2002)

Post by SteveP-78 » 31/03/2009 14:01:56

Hun zënter kuerzem folgende Problem:

Kuerz nom Démaréieren (besonnesch mueres fréi wann den Auto äiskaal as) kënnt fir ca. 5 Sekonnen en gehierlost Quietschen aus dem Motorraum (nee, net dem Noper seng Kaz déi an den Ventilator geroden as :wink: ), wat sech awer no kuerzer Zäit nees leet. Dat selwescht Quietschen kennt awer erëm soubal ech probéieren d'Rieder anzeschloen, z.B. beim ausparken! Gläichzäiteg verhärt d'Steierung gehierlos an d'Rieder loosen sech just nach ruckarteg aschloen (awer just wann den Auto nach steht). Wann den Auto waarm ass, da quietscht näischt méi an d'Rieder loossen sech ganz normal aschloen! Den Uelegniveau vun der Servosteierung as normal...

Wien wees wat dat kéint sin?

Bid-X

Post by Bid-X » 31/03/2009 16:01:14

salut,
d'Quietschen wann den Auto kaal ass kennt normalerweis vum Käilrimm deen duerchrutscht (Kondenswasser drop).
Wann beim Aschloen vun den Rieder daat nämlecht optrett kann et praktesch nemmen den Rimm sin: Rieder aschloen->Servo brauch Drock-> Käilrimm quietscht well en méi scheffen muss fir d'Hydraulik unzedreiwen. Wann en dann Gripp fonnt huet geet d'Steierung nees liicht an et ass roueg. wann se beim fueren verhärt (haat ech bei mengem Saab 9000 dann brauch een eng nei Servo)
Also, ech géing mengen Rimm spaanen, besser, een neien dropmaachen.

Ralph

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 31/03/2009 16:05:35

Merci Bid-X, muss souwiesou en Rdv an der Garage huelen, da kann ech dat mam Käilrimm an engems maachen loossen. :D

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 31/03/2009 17:29:35

Ech mengen dat et just d pully ass dei den rim vun der servo dreit dei ass ausgeleiert resp.leeft net mei rond!

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 01/04/2009 9:24:30

@Ben

Merci, loossen duerno kucken :D

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 01/04/2009 9:39:29

Ech geif nawell och op d'Spannung vum Keilrimm tippen, haat ech um Astra.

Wann den Rimm gespaant genuch sollt sinn, ët gët en extra Spray, deen muss de dann bei laafendem Motor bannen op den Keilrimm sprëtzen, dann kritt en mei Gripp. Haat ech zwar gemach, ass awer sou eppes, sinn nët iwerzeegt, op daat ët wierklech ass, well deen Scheiss dann och op den Poulien pescht, mä bon, wann ët nët aanescht geet (mein Keilrimm deemols war ganz nei).
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 01/04/2009 15:22:47

Kennen dee Spray och, hält ganz genau 3 Deeg an dann geet Quietschen nees un...
Loossen am Garage léiwer no der Ursaach kucken als just Symptomer ewesch ze maachen. Ausserdem as deen Gäilrimm ( :wink: ) 'sou aal wéi den Auto, kann also duerchaus mol getosch gin.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 01/04/2009 15:59:06

Jo, dann kann ët och just doweinst sinn, dann gët ët och Zeit ;-)

Bei mengen GSI war den "Geilrimm" pfusch-nei, an och gespaant, an awer. Mam Spray war ët dono zwar ok.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 01/04/2009 18:23:00

@steve
kanns jo kucken wat den denis seet an dann entscheeden!!

Post Reply