Quietschen vun der Steierung beim STi (MY2002)
Moderators: Committee, Former-Committee
- SteveP-78
- Former committee member
- Posts: 386
- Joined: 28/12/2007 22:54:08
- Location: Belvaux (L)
- Contact:
Quietschen vun der Steierung beim STi (MY2002)
Hun zënter kuerzem folgende Problem:
Kuerz nom Démaréieren (besonnesch mueres fréi wann den Auto äiskaal as) kënnt fir ca. 5 Sekonnen en gehierlost Quietschen aus dem Motorraum (nee, net dem Noper seng Kaz déi an den Ventilator geroden as ), wat sech awer no kuerzer Zäit nees leet. Dat selwescht Quietschen kennt awer erëm soubal ech probéieren d'Rieder anzeschloen, z.B. beim ausparken! Gläichzäiteg verhärt d'Steierung gehierlos an d'Rieder loosen sech just nach ruckarteg aschloen (awer just wann den Auto nach steht). Wann den Auto waarm ass, da quietscht näischt méi an d'Rieder loossen sech ganz normal aschloen! Den Uelegniveau vun der Servosteierung as normal...
Wien wees wat dat kéint sin?

salut,
d'Quietschen wann den Auto kaal ass kennt normalerweis vum Käilrimm deen duerchrutscht (Kondenswasser drop).
Wann beim Aschloen vun den Rieder daat nämlecht optrett kann et praktesch nemmen den Rimm sin: Rieder aschloen->Servo brauch Drock-> Käilrimm quietscht well en méi scheffen muss fir d'Hydraulik unzedreiwen. Wann en dann Gripp fonnt huet geet d'Steierung nees liicht an et ass roueg. wann se beim fueren verhärt (haat ech bei mengem Saab 9000 dann brauch een eng nei Servo)
Also, ech géing mengen Rimm spaanen, besser, een neien dropmaachen.
Ralph

- Jean-PierreR-71
- President
- Posts: 2054
- Joined: 23/12/2007 21:10:06
- Location: Bascharage (L)
- Contact:
Ech geif nawell och op d'Spannung vum Keilrimm tippen, haat ech um Astra.
Wann den Rimm gespaant genuch sollt sinn, ët gët en extra Spray, deen muss de dann bei laafendem Motor bannen op den Keilrimm sprëtzen, dann kritt en mei Gripp. Haat ech zwar gemach, ass awer sou eppes, sinn nët iwerzeegt, op daat ët wierklech ass, well deen Scheiss dann och op den Poulien pescht, mä bon, wann ët nët aanescht geet (mein Keilrimm deemols war ganz nei).

Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu
- Jean-PierreR-71
- President
- Posts: 2054
- Joined: 23/12/2007 21:10:06
- Location: Bascharage (L)
- Contact:
Jo, dann kann ët och just doweinst sinn, dann gët ët och Zeit
Bei mengen GSI war den "Geilrimm" pfusch-nei, an och gespaant, an awer. Mam Spray war ët dono zwar ok.