Pulley-kit

Discussions about the engine / engine management, gearbox, drivetrain... (public)
Discussions à propos du moteur et de la gestion moteur, de la boîte, du pont... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Pulley-kit

Post by SteveP-78 » 21/04/2009 15:55:21

Huet schon een vun iech Erfahrung mat engem Pulley-kit gemaach? Anscheinend huet dat jo eng Auswierkung drop wéi schnell den Motor héichdréint...
Hun do nämlëch en kompletten Set fonnt deen 200 englech Pond (incl. Transport op Lëtzebuerg) kascht, an vu que datt mäi Quietschen aus dem Motorraum jo vun enger enger defekter Pulley resp. engem ze wéineg gespanten Käilrimm kënnt...

http://www.cdfracing.co.uk/product_info ... bbcf1c40d7

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 21/04/2009 17:31:25

Den Kane huet seng jo gewiesselt souweit ech wees. Ech muss eierlech zouginn, dass ech mer bis well do driwer nach keng Gedanken gemach hun...

Awer kloer ass ët Mass dei muss an Bewegung gesaat ginn, an dei och nees muss gebremst ginn, daat huet schon seng Auswierkung, och wann ech awer denken, dass ët d'Schwongrad ass, waat een spiert, d'Pullien ass eischter en Bonus. Kann mech awer do ierern, hun mer wei gesoot nach weider nët domat beschäftegt :oops: :lol:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 21/04/2009 22:54:36

Ech haat genee den doten Kit bei engem GB bestallt. As ganz ok, gudd Quali an en plus mengste du häs 50PS mei :lol:

Ech haat se gewiesselt, mei aus opteschen Grenn wei aus Performance-Grenn. War sou een Fuerz am Kapp... :roll:

Ech denken net, dass e puer sou kleng Pulli'en sech iergendwei beim fueren bemierkbar machen. Kann vlaicht sin, dass um Preifstand, 0,5 PS mei eraus sprangen :wink:
Form follows function

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 22/04/2009 8:09:52

Hat un sech nët déi evtl. kleng Méileeschtung am Kapp, mais éischter d'Optik...a vu que datt -aus Erfahrung- déi original Ersatzdeeler bei SUBARU iwwerdriwwen deier sin... :D

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 22/04/2009 12:02:16

Ech hätt mer eigentlech vun eseou engem Kit, ausser der Optik, kloer, eischter erwaard, dass ët un der Leeschtung neischt ännert, souguer den Dreihmoment keint e bessen verschlechteren dofiir awer d'Dreifreudegkeet verbesseren, wei eben och bei engem mei liichten Schwongrad...

Sou wei bei Motor-Rieder oder Renn-Auto'en (F1, Le Mans...), wann se am Leerlauf opzeiehen an nees lassloossen an d'Dreihzuel fällt nees grad sou megaschnell eroof wei se eropgedreint ass :twisted:

Sinn iwerzeegt, finanziell sinn dei Originaldeeler mei deier ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply