Page 1 of 1

Ueleg am Subaru (Vidange/Verbrauch/...)

Posted: 19/02/2008 14:54:28
by mako
Moien,
wollt mol froen wei oft dir den Vidange bei aeren Autoen mat, mat der och den vidange vun der boite an differential oder just vum Motor?

Fir vlait bessi iwersicht ze haalen geing ech virschloen einfach desen gabarit ze huelen an auszefellen:

Model: STI MY06

Ueleg: Castrol 10w60

Vidangeinterval:
Motorueleg: 7500 km ?
Boitenueleg:
Differentialueleg:

Erfahrungen mam Uelegverbrauch: hun reicht 4000km row, an nach naicht missten noscheden.

Posted: 19/02/2008 19:55:09
by SergeK-80
Model: STI MY03

Ueleg: Castrol EDGE 10w60 (sos emmer RS)

Vidangeinterval:
Motorueleg: 7500 km ? --> teschent 5000 an 7500 well ech den Auto fir Circuit an Track-Day benotzen. Soss geif ech all 10.000km Vidange man. Emmer mat Filter.
Boitenueleg: hun ech bei 60.000km gewiesselt --> CASTROL Syntrax 75W90
Differentialueleg: idem Boite

Serge

Posted: 19/02/2008 20:58:40
by Jean-PierreR-71
Yep, benotzen och exclusiv den Castrol RS, deen jo elo Edge Sport 10W60 heescht.

Zu der Boîte muss ech soen, dass ech do beim GT eigentlech nie drop opgepasst hun :oops: Kann do just hoffen, dass deen ëmmer brav matgemach gouf bei den Revisiounen :roll:

En Vidange hun ech beim GT ëmmer genau zweschen 2 normalen Intervallen gemach (12'500km), also ca. all 6.250km.

Vu dass ech elo beid Autoen just nach fiir den Spass bewegen, an kaum op dei Kilometerzuel pro Joër kommen, machen ech elo all Freihjoër wann d'Saison ugeet en Vidange (an eng Revisioun).

JP.

Posted: 21/02/2008 11:16:04
by MichelW-68
Normalerweis Castrol RS
6500-7000km weinstem Tuning.
Well mein Auto nach keng drei Joer huer sinn ech bis elo emmer an Revisioun gaangen....en plus hun ech net vill Zait WeekEnds vir de Vidange selwer ze machen....sin schons 40 Joer matt zwee Kanner an dei wellen beschäftegt gin :lol:

Posted: 21/02/2008 23:20:27
by Steve79
Also ech sin bis elo emmer all 15000 an d'Revisioun gaangen. Bon, vlait keinnt ech den Vidange och mol virzeihen bei 7500, mee hun jo naach ausser ESD alles original, an et ass jo och jhust een Zweetauto zur Zait!!

Ech fannen jhust dat bei Subaru d'Praisser fir Revisiounen zimlech heich sin, sou am Verglach, zb mat Mazda oder mengem Citroen virdrun asw. Ok, misst een lo genau verglaichen, waat gemaach gouf, mee schon bei 15000 km, war ech bessi negativ iwwerascht!!

Kennt hei iwwregens een den Garage Denis zu Aubange an der Belge??
Hun een Schaffkolleeg vun Arel mat engem Legacy, naemlecht wei main 17 Joer aalt Deppen, deen gaeren mol dohinner wollt goen, mee ech kennen dei Garage absolut guer net!!!

Posted: 22/02/2008 13:19:34
by Jean-PierreR-71
Steve79 wrote:Kennt hei iwwregens een den Garage Denis zu Aubange an der Belge??
Hun een Schaffkolleeg vun Arel mat engem Legacy, naemlecht wei main 17 Joer aalt Deppen, deen gaeren mol dohinner wollt goen, mee ech kennen dei Garage absolut guer net!!!
Ech ginn mat mengem GT dohin. Ass zwar eng kleng Garage, geseit e bessen rëffeg aus, mä den Christophe schafft awer gudd un deenen Autoen. En huet z.B. meng 100'000km Revisioun fiir den GT gemach an daat huet pièces & main d'oeuvre knapp 700€ kascht. Senger Zeit huet Subaru Lëtzbuerg dofiir 2'000 - 2'500€ gefroot :shock: OK, sie hun den ganzen Motor ausgebaut, mä daat brauch een nët, well ët gët e spezialt Geschier fiir d'Ventilen ze kontrolleieren ouni den Motor opzemachen (muss dann eben opgemach ginn, wann se agestallt missten gin), an hien wiesselt d'Bougieen an den Distributiounsrimm ouni den Motor missten erauszehuelen, baut eben den Kühler, Loftfilterkëscht, Batterie asw. raus. Ass mein Ëmständlech, geet awer vill mei seier. An den Preis vun der Main d'oeuvre ass an der Belge wesentlech mei bëlleg !

JP.

Posted: 22/02/2008 20:33:51
by mako
Kann een deen guden Mann dann net iergendwei zum Clubgaragiste oder sou ernennen he he.
Huet een dem seng Kontakt donneen?

Posted: 22/02/2008 21:28:58
by Steve79
Ah maja, dann gin ech och mol eemol op Aubange kucken. Soulaang en gudd schafft! Well am franseischen resp belgen Subieforum hun ech och lo vill positives iwwert hien gelies. An hien ass jo och offiziellen Subie-Réparateur!!

Hun sain Site fonnt:

http://www.garage-christophe-denis.be/

Posted: 22/02/2008 22:30:27
by Jean-PierreR-71
Majo hei sinn deng Donnéen :

Garage Christophe Denis
6, rue d'Athus
B-6790 Aubange
Tél: +32 63 38 91 86
Fax: +32 63 38 37 86

Posted: 05/06/2008 22:05:47
by mako
Yank555 wrote:Majo hei sinn deng Donnéen :

Garage Christophe Denis
6, rue d'Athus
B-6790 Aubange
Tél: +32 63 38 91 86
Fax: +32 63 38 37 86
Kritt een do och dei Certificat´en wann een sachen anbauen leisst
fir op Sandweiler?

Posted: 06/06/2008 14:43:47
by Jean-PierreR-71
Daat kanns de hien froen, gleewen awer eischter nët, hien ass jo nët zu Lëtzebuerg, an ech wees nët, ob auslänneg Garagen kënnen "agréeiert" sinn :?

Bon kascht beim Androen eppes weider, mä leiwer daat, wei schlecht monteiert :roll: An hien ass nach dëck preiswert an der Main d'oeuvre :lol:

Posted: 06/06/2008 20:27:33
by mako
Yank555 wrote:Bon kascht beim Androen eppes weider, mä leiwer daat, wei schlecht monteiert :roll:
Dat sees de gud.

Posted: 07/06/2008 0:44:45
by Steve79
Alos ech gin jhust naach op Aubange mam WRX, korrekt Praisser, propper Arbecht. Hien baut der deng saachen an, mee mat den Pabeieren?? Ruff him mol un.

Posted: 23/03/2009 20:07:04
by Subidoc
Also wann een gären well eng Revision mat Zahnriemen Nockenwellensimmerring Zündkerzen an sou weider well gemach hun ass keen Thema ech machen emmer alles selver beim GT brauch ech so 4,5 Stonnen Beim STI 6 Stonnen fir die 100000KM revision.Dir kennt jo mol op www.sm-tuningteam.com enert Klim kucken hun un megem GT an mengem STI och alles selver gema, ma wann een eng fro dazu huet einfach mellen

Posted: 19/05/2014 18:56:09
by BobH-91
Keen hei wou mir kéint op déi schnelle privat en Vidange machen? Falls nët mellen ech mech beim Christophe oder beim Daewel...