Short shift am GT

Discussions about the engine / engine management, gearbox, drivetrain... (public)
Discussions à propos du moteur et de la gestion moteur, de la boîte, du pont... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Short shift am GT

Post by Jean-PierreR-71 » 02/03/2008 2:18:52

Salut,

Hun mer haut den Short Shift vun Vivid Performance an den GT agebaut. Ass wierklech eng cool Saach, lo fillt sech d'boîte vum GT wei dei vum STi un, den Hievel ass genau sou laang bliwen, den Schaltwee ass awer ca. 1/2 sou weit ! Sou sollt ët sinn, dann brauch een nët un den Buedem ze greifen ;-) Hätt souguer neischt dergeint gehaat, wann den Hiewel en Tick mei laang ginn wier wann en den selveschtern kuerzen Schaltwee hätt kënnen haalen.

Fiir den originalen Ganghiewel erauszekreien, war e bessen Gemurks, ass awer gangen. Ech soen just, eraushiewelen, an nët färten :lol: Allerdings fiir dono den Short Shift dranzekreien, au au au :? Hun mer missten bei mengen Daddy en Plastik/Gummi Hummer ausleien, an do sou zimlech mat allem waat ech haat op d'Staang donneren bis dei Louder endlech ran gangen ass :shock: :!: Mat allem Probeieren an dun den Hummer sichen fueren (zum Glëck nët mat deem Auto, wier dann nët gangen !!), 1 Stonn an den Sand gesaat. An daat ass vill, well den ganzen Abau keint eigentlech an 30 Minuten gemach sinn :?

Leider hun ech keng Photo'en gemach, war frouh wou nees alles an der Reih war. Allerdings hun ech en Forum fonnt, wou d'Biller dran sinn, och wann se vun engem 97-98'er sin, daat wesentlecht ass onverännert.

Ech kann den Ëmbau echt just empfehlen, fiir souwuel GTen wei och WRXen, ass bëlleg, an brengt subjektiv echt vill :!:

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply