Also waat ech mol ganz interessant font hun, war eng Aussoh fiirun 1-2 Meint um Radio (92.5), wou dei Well vun Airbag-Klau iwert eis d'Ländchen gezunn ass.
Den Speaker huet behaapt, wann een den Airbag geklaut kruut, misst een deen nët ersetzen (och wann ët rotsam wier).
Domat schlussvolgeren ech, dass ët zuland eigentlech keen Zwang ass, en Airbag ze hun, resp. ët dierft een en ewegrationaliseieren.
Allerdings wann een en aanert Lenkrad (an demno och eng anner Nuef) dropmecht, muss daat logescherweis agedroen gin.
Do fängt den Problem dann un, well do muss jo dann TüV drop sinn.
Daat gët ët awer anscheinend nët, well ët an Deitschland soll verbueden sinn, den Airbag ze supprimeieren
(soot deemols den Carlo am Electro-Auto mer)
Dest ass awer alles just heieren-soen, an zu deem Zeitpunkt wou ech d'Lenkrad um GT wollt wiesselen (viirun ca. 3 Joër) war daat duergangen fiir mech dovun oofzehaalen ...
Haut wier daat villeicht aanescht, mat allem, waat ech mëttlerweilen agedroen hun, resp. wees
Ët geet een nie owes mei domm schlofen wei een moies opgestaan ass, gell
Wees een aaneren mei konkretes heizou ?! Dei Saach mam Lenkrad um GT ass eigentlech nach ëmmer aktuell
JP.