Dreieck / Feierläscher / Gillet...

You have had good or bad experiences with Sandweiler, Esch-sur-Alzette or Wilwerwiltz ? Share them here ! Maybe together we can shed some light on this messy situation we have right now in Luxembourg ... (public)
Vous avez eu de bonnes ou mauvaises expériences avec Sandweiler, Esch-sur-Alzette ou Wilverwiltz ? Partagez-les ici ! Peut-être qu'ensemble nous réussiront à éclaircir cette situation chaotique que nous subissons actuellement au Luxembourg ... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2028
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Dreieck / Feierläscher / Gillet...

Post by Jean-PierreR-71 » 02/06/2008 20:44:28

Cool, elo gët zu Sandweiler och daat iwerpreift.

Weinie kucken se mol z.B. op Amortisseueren nach ganz sinn ? Ass daat ieren manner wichteg ??

Wees een waat een nach alles brauch, nët dass een doweinst nach duechfällt :?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2028
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/06/2008 20:48:34

Aha, hun grad an den Noorichten heieren, den Feierläscher ass mol just ab 3.5t neideg, also nët am Auto.

Och wann daat schon wichteg kann sinn !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 02/06/2008 20:57:43

Feuerlöscher brauchs de net, hm, hm :roll:

Daat do as jo eppes waat einfach an schnell ze kontrolleiren as :wink:

Mee et as jo am Prinzip besser wann een sou eps dobei huet, misst un sech ab Wierk bei all Auto dran sin (anstänneg Geschier mengen ech lo)


As wei mam Gurt, deen as och ereicht wichteg wann een en brauch.

Serge
Form follows function

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2028
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 02/06/2008 22:27:34

Absolutt, fannen ët eben scheiss, dass ët fiir dei Saachen nët eng uerdentlech Plaatz gët, sou dass ët grëffbereed ass, nët hënnert, an och neischt futti mecht, fiir ët festzemachen :roll: Wier gudd, wann d'Industrie sech do eng geif afaalen loossen, am Opel ass ëmmerhin d'Dreieck als eenzegt op enger properer Plaatz vum Wierk ënnerbruecht...

Muss mer just am GT mol nach daat neidegt dran machen, an mol am Opel checken, ob do nirft dem Dreieck an der Veste och eng 1. Hëllefskëscht dran ass, sinn mer do nët sëcher... Mei ass ët jo nët, oder hun ech eppes vergiess ?

Mech nerft just, dass zu Sandweiler ëmmer mei nei Saachen kontrolleiert ginn, an elemtär Punkten ginn nët gecheckt. Ass och scheiss, dass se z.B. och fiir d'Bremsen keen 4x4 Preifstand hun, ass top fiir d'Zentraldiff :-( An wei gesoot, no de Amortisseuren sollt och gekuckt ginn... Heimat hun se nees eppes mei, fiir den gezwongene Client ze schikaneieren :-(
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 03/06/2008 9:29:32

also wei gesoot wann een nach eppes brauch kommen relativ genschteg dodrun!!

Bid-X

Post by Bid-X » 03/06/2008 15:07:08

Ech hun elo jhust am Cactus Hobby eng Madame kennen beobachten déi wollt 5 Feuerlöscheren kaaffen (fir all Persoun un Bord een) :shock:
Eng dossen Secherheetsvesten loungen schon am Caddy.
Elo wärt jo gläich Panik ausbriechen.


Ralph

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2028
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 03/06/2008 15:27:48

Dei ass villeicht ëmmer mat 4 hëtzegen Kollegen ënnerwee, dei mussen sech wuel selver läschen, soss beherrschen se sech nët am Auto :oops: :lol:

Also gudd ass ët jo, dass d'Leit dei neideg Sëcherheetsequipementer elo an den Auto leen, awer bon, wei gesoot, aaner wichteg Saachen kuckt keng Sau :?

An wee wees, se wert elo den Feuerläscher hannen op d'Fënsterbried leen, bei engem Accident gët se dann nach dovun erschloen wann en vun hannen geflunn kënnt :shock:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Bid-X

Post by Bid-X » 03/06/2008 16:05:24

Yank555 wrote:
An wee wees, se wert elo den Feuerläscher hannen op d'Fënsterbried leen...
Daat wärt een effektiv elo wahrscheinlech méi oft gesin :roll:

Ralph

Steve79

Post by Steve79 » 04/06/2008 1:40:04

Gilets hun ech schon emmer am Auto leien, well ech schon 2mol domadder an Italien war, wou een se jo brauch, wei zb och an der Belge wou jo schons wirklech aal Letzebuerger war, an der am Fong jo misst hun!!
Ech wees mol guer net op main WRX een Warndraieck asw huet???

An eierlech gesot, een Feuerlöscher kennt mer niemols an den Auto, an mengem aalen Mazda 323 war een dran, an bei engem Akzident waren aus der Halterung geflun, an haet mech em een Hoer embruecht!!!

Wann main Auto oder engem aaneren sain brennt kann ech mat sou engem klengen Feuerlöscher souwisou guer naischt ausriiten!!!

Den Lux keinnt jo all Autofuerer sou en Set schenken, keinnt jo duerch d'Autosteier locker finanzeiert gin :twisted:

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 04/06/2008 7:53:49

feuerlöscher brauchs du jo och net just wann dein subi iwwer 3.5 tonnen weit du brauchs 1 gilet 1 warndreieck an 1 verbandstrousse!!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2028
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/06/2008 10:26:46

@ben : An der Belge schon, do ass daat seit Joren Pflicht :? 1991 haat ech en Accident zu Marche (ass mer een zimmlech hefteg hannen drop gedonnert), an d'Police huet mech deemols schon nom Feierläscher gefroot wou se den Procés Verbal gemach hun, deen war Pflicht. Zum Glëck soot den Polizist ech hätt een dran gehaat, an huet nët kontrolleiert. Ech hun mein Baack gehaal, well ech haat keen, war jo bei eis nët obligatoresch :roll:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 05/06/2008 7:54:31

an dei kontrolleieren dat sou genau no an der belge obwuel se jo dunn woossten dat dat bei eis keng pflicht war?
wann dat sou ass dann haetten mir jo och net daerften an daitschland fuhren well do war dreieck an verbandstrousse schon mei lang pflicht?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2028
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 05/06/2008 11:56:57

Yep, wierklech esou genau, bei engem Accident ass daat Deel vum Procés Verbal an der Belge ! :shock:

War mer schon kloer, dass ech am Ausland esou wei ech ënnerwee war, nët legal war, mä :

Dreieck : Nach scheiss, well daat ëmmer hin an hier flitt. Am Opel gët ët eng viirgesinnen Plaatz, do haat ech nach ëmmer eent dran.

Verbandskëscht : Machen mer eis neischt viir, wann een sech mat engem Messer an den Fanger schneid ass jo daat neidegt dran, wann ët richteg knuppt, ass daat och keng wierklech Hëllef, do ass en Rimm oft mei sënnvoll... An ët flitt och hin an hier, mä do gët ët "soft" Varianten, also keng plastiks Këscht, mä eng nylons Täsch, mescht keen Kameidi ;-)

Mä elo wou ët 74€ pro fehlendem Element ass, leen ech mol leiwer alles nees an den Auto, dann knuppt ët eben nees, resp. muss mer eng afaalen loossen ;-)

Ët därf een jo och nët mei wei 90 op der Landstroos fueren, theoretesch :roll: 8)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 05/06/2008 17:19:53

weisen der en smsden wei ech deen probleem geleist hun et flitt and et rabbelt och naischt!! :D

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2028
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/06/2008 14:21:17

@Ben : Do sinn ech interesseiert ;-)

Mä elo hun ech rausfonnt, d'Berbandskëscht ass just fiir Camion'en an Gefierer iwert 3.5t Pflicht !

Hei sinn dei offiziell Infoen :

Nouvelles dispositions du Code de la route applicables à partir du 1er avril 2008

Foire aux questions: modifications du Code de la Route en vigueur respectivement au 1er avril et au 1er juin 2008

Domat ass just d'Veste am Auto an d'Dreieck an der Mall obligatoresch...
'Ministère des Transports' wrote:Quels sont les équipements de sécurité obligatoires à partir du 1er juin 2008 à bord des véhicules automoteurs?

A partir du 1er juin 2008, il sera obligatoire d'équiper les véhicules automobiles des équipements de sécurité suivants:

* au moins un vêtement de sécurité,
* un triangle de présignalisation (uniquement pour les véhicules automoteurs d'au moins 4 roues),
* un coffret de secours (uniquement les camions, tracteurs de remorque et de semi-remorque et les véhicules dépassant 3.500kg),
* un extincteur, si le véhicule est un camion ou une camionnette (cf. question précédente).

La présence obligatoire de l’équipement à bord des véhicules automobiles fait partie des règles d’équipement qui selon la Convention de Vienne sur la Circulation Routière de 1968 sont celles du pays d’immatriculation et non pas celles du pays de circulation en cas de circulation internationale. Dès lors, les véhicules immatriculés à l’étranger qui empruntent les routes luxembourgeoises ne seront pas visés par les nouvelles dispositions ayant trait au gilet de sécurité, au triangle de présignalisation, à l’extincteur et au coffret de secours.
Zum organg'en Text :

Awer nach egal waat, mir mussen eis un d'Regelen vun den Länner haalen, wann mer am Ausland ënnerwee sinn (z.B. 4 Gillet'en an Spuenien, Feierläscher an der Belg asw.) awer hei zuland sinn alt erëm just mir Deppen verpflicht, dei Saachen am Auto ze hun :?
Last edited by Jean-PierreR-71 on 06/06/2008 15:35:29, edited 1 time in total.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/06/2008 15:25:10

wat wels du dann do maan??

Post Reply