Also den Blitz hun ech um GT agedroen, och awer just mat Silencer (an Kat !). Deemols um TüV, ouni Silencer 96db, mat 92db an erlaabt waren der 94db.
Um Sti wor den Blitz viiiiiiiillll mei roueg, well mat Kat
an Mëtteldëppen, an do war neischt ze wëllen. Mam Silencer sinn mer op 88dB roof komm, awer en 2006er Auto därf nët souvill Kameidi machen wei en 2000er, mengen 82dB war de Limit
Daat brengt en jo original schon op manst
Fazit :
Am Frust mat mengem Inox-Car op Sandweiler fiir den Recht anzedroen (daat kascht ëmmer 2x, TüV Eenzeloofnahm & Andoren zu Lëtz).
Du an den Alsace gefuer, an beim hannertseg fueren en Betons-Klotz gerammt (siehe dei eischt puer
Photo'en). Nennen ech einfach mol Schicksal, sollt ech also keen Blitz um STi drop hun
Zum Glëck, ausser Parrechoc an Auspuff neischt futti an tjo dann einfach eng AERYS Turbo-back mat Metall-Kat drop gemach, Leeschtung an Dreihmoment gewonnen wei verreckt, mega frouh an zefridden mat der Saach !
Bon, domat wëll ech elo keen zwengen oder oprufen an den Alsace ze fueren an sech do eng Teitsch machen, gell Jongen
Blitz ass effektiv top, dofiir haat ech jo ob beiden een drop, awer d'AERYS ass och super verschafft, an huet mega Sound,
an huet TüV, d.h. do brauchs de alt just hei ze bezuelen, well keng Eenzelofnahm neideg ass. Op Sandweiler muss ech awer nach fiir ët anzedroen, am moment ass den Auto nach oofgemellt... Mol kucken wei daat klappt an der Agreatioun