Page 1 of 1

Kann een d'Gültegkeet vum Controle Technique "verläng

Posted: 14/05/2010 22:42:30
by TomB-81
Meng Suerg ass folgend:

Mein Sandweiler ass seit August 2009 ogelaaf. (Sin seitdem natiirlech net mei gefuer)
Vu dass mein Auto awer lo glaich rem leeft, fueren ech nächsten Mount en den C.T.
Normalerweis gelt mein neien Sandweiler dann och rem just bis August 2010.

Get et net iergend eng Meiglechkeet daat ze emgoen (sou dass en awer ab deem Daag 1 Joer gülteg ass)?
Hun nämlech keen Bock am Juni an am August mech an d'Schlaang stellen ze goen.

Posted: 15/05/2010 1:43:04
by White_STI_06
Mat Rendez-vous ass daat dach guer net mei sou schlemm. Meng 2 lescht Rendez-vous'en waren an Zäit vun 20-30 minuten, un an aus.

Posted: 15/05/2010 11:16:31
by Jean-PierreR-71
Waats de mechs ass einfach, du fiers deen selveschten Dag 2x duerch, dann ass beim 1. Duerchgang dein nächsten Rdv August 2010, an beim 2. Datum + 1 Joër.

Awer 2x muss de duerchfueren. Alternativ hätt den Auto missten deemols oofgemellt ginn :-( Haat ech mam GT wann ech en den Wanter oofgemellt hun, well sein Sandweiler war ëmmer twecht Chrëchtdag an Neijoersdag, an do sinn ech nie gangen, haat jo keng Assurance mei, an wollt och nët am Schnei / Salz mam GT fueren...

Posted: 15/05/2010 13:35:52
by TomB-81
Merci Jemp.

Fannen daat e bessi lächerlech, eisen System hei zu Letzebuerg.
2x mol direkt haereneen duerchzefueren, wann en dei 1. Keier an der Rei ass, dann ass en eng halef Stonn dono nach emer gud.
Wier jo bereet 2x ze bezuelen, mee...

Get heich Zeit dass sech mol hei am Land eppes ännert. Et kann dach net sin dass een Jickebetrieb am ganzen Land de Monopol huet.
An Daitschland klappt daat vill besser.

Mee ech mengen et huet keen Wärt sech driwwer obzereegen, ech sin net deen eischten, an nach laang net dee leschten.... :?:

Posted: 15/05/2010 13:42:40
by Jean-PierreR-71
Do keint een glaat e Club opmachen :?

Am Fong sollt en ACL hei aktiv sinn, awer daat ass nunmol net en ADAC :-(