Eng Einzelabnahm iwert 2 verschidden Abnahmen ...

You have had good or bad experiences with Sandweiler, Esch-sur-Alzette or Wilwerwiltz ? Share them here ! Maybe together we can shed some light on this messy situation we have right now in Luxembourg ... (public)
Vous avez eu de bonnes ou mauvaises expériences avec Sandweiler, Esch-sur-Alzette ou Wilverwiltz ? Partagez-les ici ! Peut-être qu'ensemble nous réussiront à éclaircir cette situation chaotique que nous subissons actuellement au Luxembourg ... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Eng Einzelabnahm iwert 2 verschidden Abnahmen ...

Post by Jean-PierreR-71 » 12/07/2010 18:24:55

... oder wei ech 1 Dag vun mengem Liewen vum Chef vun der Agréatioun (den Här Determe) geklaut kruut :-(

Hei den Dagesooflaaf :

5:30 - mein Wecker schellt
5:45 - ech erbaarmen mech, stinn op an ginn an d'Douche
6:30 - ech klammen an mein STi (ech hun mech no der Douche awer ugedoen, gell 8))
7:25 - ech klammen aus mengem STi um Parking vun der Agréatioun
7:30 - ech gin bei den Guichet 6 vun den Agréatioun (bei mein Lieblingsmatarbeschter, den Här Schmitt, wier hien nëmmen Chef do)
7:40 - ech stellen den STi op d'Fosse an der Agréatioun
8:05 - d'Papeieren sinn färdeg, den Här Schmitt schëckt mech mam Auto an dei normale Controll
8:35 - ech kommen mam STi nees an d'Agréatioun (Controll paletti, 183€ berappt, 108€ H&R Fiederen, 54€ AERYS, 23€ Controll)

Do empfängt mech den Här Schmitt mat engem "geschloenen Dackel" Blëck an seet :

"Fiir mech war jo alles an der Reih, awer fiir den Chef nët. Do ass en Problem mam Auspuff".

Ech sinn shocked ! :shock:

Laut dem Chef brengt den Auspuff jo Leeschtung bei, laut den 11 seitegen TüV Papeieren dei ech derbei hun 18kW, dei haat den Här Schmitt och un dei 242kW drungehangen (ca. +100€ Steieren am Joër weider, mer hun ët jo). Laut dem Chef wier daat awer falsch (jo genee op deem Punkt sinn ech Ausnahmsweis och mat him averstaan, awer egal...).

Se hätten gekuckt, ët geifen Subbien laafem mat deem Auspuff, ouni ECUTEK (right), oder mat ECUTEK awer normalem Auspuff (Inoxcar warscheinlech), awer keen mam AERYS an ECUTEK (war wuel keen sou domm wei ech daat anzedroen :?).

Laut dem Chef briecht ech also en Gutachten vum TüV (wei wier ët wann se an der Agréatioun mol selver eppes geifen futeieren statt ëmmer d'Leit bei den TüV ze schëcken), mat engem Leeschtungstest, dass hien weisst wou mer dann mat mengem Auto elo drun wieren.

No mengem Entsetzen an neidegen Protest deen zu neischt gefouert huet (weisou ich, du kanns jo wuel kaum undroen bei d'Konkurrenz goen ze wëllen...) rufen ech dann mol den Patrick un (den Auspuff ass laut TüV jo och vun him, wei den ECUTEK), an wollt mein Händy weiderginn. Daat geet nët, se dierfen keen Händy entgeinthuelen, den Patrick keint awer den Här Determe urufen.

Patrick mecht daat, Resultat, nach ëmmer Nö :? Ech sollt en Leeschtungsgutachten vum TüV brengen, soss nix ...

Just den TüV Treier (oder Bitbuerg) hun guer keen Leeschtungspreifstand :-(

Dun hun ech den Här Schmitt gefroot, waat dann elo wier, ech hätt jo schliesslech keng Gro Kaart mei, wei ech dann elo sollt fueren, oder ob elo een den Auto mat engem Tieflader misst sichen kommen ?! Kulanterweis (warscheinlech wier sein Chef nët frouh, wann en daat weist), huet den Här Schmitt dann eng provisoresch gro Kaart ausgestallt, sou hätt ech dann weinstens 2 Meint Zeit eng Leisung ze fannen, dei definitiv keint awer reischt erausgoen, wann deen Leeschtungsgutachten geif viirleien, den Chef soot.

An Kloertext, den Chef hätt gären eng Eenzeloofnahm iwert 2 verschidden Oofnahmen, dass dei beid "kompatibel" sinn ?!

Bon, ugepisst machen ech mech dann op den Wee an Guichet, wou daat dommt Greit och nach blöd ginn ass, an gemengt huet "Moien d'eischt" ... do hun ech guer neischt mei gesoot, war wuel och besser esou, ech wier soss wuel keen Gentleman mei bliwen :evil:

9:35 - ech klammen an mein STi fiir bei den Patrick ze fueren fiir eng Leisung ze fannen.

10:05 - ët geet endlech een bei der Agréatioun op den Telefon, ech soen mol mein Rendez-vous fiir den GT muer oof (keen Bock op deen Scheiss 2 Deeg hannereneen, resp. nët soulaang den STi nët "gerett" ass)

10:20 - den Patrick an ech proposeieren gleichzeiteg d'Leeschtungskurv vun mengen erauszeprinten, an mech domat bei den Isenberg op den TüV Treier ze schëcken, fiir dann eng Eenzeloofnahm vum ECUTEK + AERYS ze machen, Preis ca. 120€.

10:25 - ech bleiwen beim Bankomat stoen fiir Geld opzehiewen :roll:

11:40 - ech klammen zu Treier aus mengem STi beim TüV um Parking

11:45 - den Här Isenberg hëllt mech direkt (daat ass dach mol Service !)

12:15 - ech kreien meng TüV Eenzelofnahm mat neier Leeschtung drop (113€) nodeems den Här Isenberg sech mein Auto um Pont ugekuckt huet, an gemengt huet, wei jo alles top an kloer an der Reih (misst mer jo am Fong Freed machen esou eppes ze heieren, mein Haas op den Här Determe klëmmt nach mei :evil:)

12:20 - ech bleiwen beim Burger King stoen fiir en Häppchen z'Iessen, Frustfressen wuel 8)

13:25 - ech klammen nees aus mengem STi bei der Agréatioun um Parking

13:35 - ech kreien meng provisoresch gro Kaart (dei greng ass :roll:) mat der neier Leeschtung, AERYS an H&R

13:36 - den Här Schmitt war nët mei do, haat heen es ieren och genuch an huet sech den Rescht vum Dag freih geholl, bei sou engem Chef keint ech daat verstoen. ech froen den Här am Guichet op dann muer nach Plaatz wier, hien "Jo", ech "Bremsanlag, Distanzscheiwen an Pneuenmoos androen mat TüV Eenzeloofnahm, op daat geif goen, oder ob do och nach eppes geif fehlen ?". Hien "Wann der bei allem Papeieren hudd, geet daat". Ech "dei haat ech den moien och schon, war awer fiir ären Chef nach nët genuch... dann schreift mech mol op, dann kucken mer daat..."

14:10 - ech sinn (endlech) bei mengen Elteren (hun mein Frust bei engem missten lassginn, dei ärmst :lol:)

Wann daat dach keen scheinen Dag Congé war !!

An well ët sou schein ass, muer mam GT dohin fiir d'K-Sport Bremsanalg, H&R Distanzscheiwen viir (weinst der Bremsanlag) an eng nei Pneuenmoos (205/40-17) anzedroen, kann jo lëschteg ginn.

Ah jo, an dem GT sein "giel" gro Kaart fannen ech mei rëm, koscht dann 50€ extra (fiir se souweisou ze zersteieren), awer op dei kënnt ët no der Zeit, dem Geld, dem Sprit, den KM (mein STi huet weinst deem Iesel haut 1% vun den Gesamt-KM muttwëlleg drop kruut, 23'550km no der Controll, elo ca. 23'750 :evil:) jo elo och nët mei wierklech un, an ech hun och elo keen Bock mei weider bei deser Aafenhëtzt dono ze sichen...

Suite au prochain épisode :?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

White_STI_06

Hmmm

Post by White_STI_06 » 12/07/2010 18:51:24

Hmm, komesch, wou ech mein Fuerwierk an Bremsleitungen agedroen hun war alles an 1,5 std un an aus ;-)
Mee wou ech en elo ofgemellt hun, hun ech och missten 50€ berappen fir dei domm giel gro Kaart. An vun elo uns, hun ech dei am Porte-Monnaie.

Et deet mer Leed fir dech an ech hoffen dass irgendwann eppes mat snct geschitt, daat do geet jo net mei op eng Kouhhaut

PedroP-76
Forum-User
Posts: 37
Joined: 05/04/2010 15:44:45
Location: Pratz ( L )

Post by PedroP-76 » 12/07/2010 20:15:27

@ yank555 - Quel bazard. C'est éxagéré . Ouf !!!!!!!! Bon , au moins tu as eut une journée de congé bien remplie . :roll:
Pp

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 13/07/2010 0:38:20

@Mike : Laut deem Depp Determe senger Logique dierft een just 1 Ännerung un sengem Auto maachen. Wonnert mech, daß en d'Papeieren vun den H&R Fiederen nët refuseiert huet, dei Papeieren sinn dach och just ok mat Serien Leeschtung, oder ?! Argh !! Muer, waat soen ech haut, gët ët nach lëschteg mam GT...

@PP : J'te fait pas dire, t'achète spécialement les pièces avec TüV, nettement plus chères, et t'es quand même enmerdé par ces c*nnards :(

Mais je dois être maso sur les bords, j'y retourne avec la GT pour homologuer le kit gros freins, je prévois que du pur plaisir à Sandweiler demain (ou plutôt aujourd'hui)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 13/07/2010 17:29:01

Yes, mam GT huet daat wei zitts geklapt, dobei war ech iwerzeegt, K-Sport Bremsanlag ouni jeglech Papeieren an just Eenzeloofnahm wier eischter e Problem wei AERYS Auspuff mat 11 Seiten TüV...

Sou kann een sech ieren ;)

PS: Den Här Schmitt den moien huet gemengt ech wier gescht awer fleisseg gewiecht, dass ech daat Leeschtungsgutachten fiir den STi sou schnell haat ;) Motivatioun mecht ët soot ech ;)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Re: Eng Einzelabnahm iwert 2 verschidden Abnahmen ...

Post by BenD-86 » 13/07/2010 21:09:14

Yank555 wrote:
6:30 - ech klammen an mein STi (ech hun mech no der Douche awer ugedoen, gell 8))
soss haet ech verstaan dat si dir keng pabeieren gin haeten ->plaakech :D :D
Yank555 wrote:
12:20 - ech bleiwen beim Burger King stoen fiir en Häppchen z'Iessen, Frustfressen wuel 8)
ech hofen du hues fir mech matgies 8)
Yank555 wrote:
14:10 - ech sinn (endlech) bei mengen Elteren (hun mein Frust bei engem missten lassginn, dei ärmst :lol:)


eieieieiei.... :oops: dei arm!!!

MikeB-78
Forum-User
Posts: 72
Joined: 19/04/2008 1:11:31
Location: COLMAR-BERG
Contact:

Re: Eng Einzelabnahm iwert 2 verschidden Abnahmen ...

Post by MikeB-78 » 15/07/2010 20:55:55

[quote="Yank555]12:20 - ech bleiwen beim Burger King stoen fiir en Häppchen z'Iessen, Frustfressen wuel 8)


14:10 - ech sinn (endlech) bei mengen Elteren (hun mein Frust bei engem missten lassginn, dei ärmst :lol:)

[/quote]

Frustfressen an Frust raus loossen! Eng wonnerbaar Beschreiwung fir ze soen dass de Katzen wars! :p muahaha
Drive it like you stole it!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 21/07/2010 22:13:25

Oh neeeeeeeeeeeeeee ?!

Kruut gescht meng nei gro Kaart vum STi, stëmmt souweit.

Haut koum dann dei vum GT, an do waren dann direkt 2 Fehler an eng Inkoherenz drop !?

D'eischt fehlt mol dei nei Moos Pneuen (205/40-17)... dofiir hun ech extra bezuelt, hätt ech also och gären dropstoen !! Kee Bock doweinst speider onneideg Diskussiounen ze hun...

Dann steet do, ech keint nach ëmmer dei Felgen an Pneuengreissten vum Certificat de Conformité benotzen. Witzeg, sollen Sie mer mol erklären wei se wellen 16" Felgen iwert eng 330mm Bremsscheiw opzezeihen ? An op der Eenzeloofnahm steet kloer drop, 16" wegen geänderter Bremsanlage nicht mehr möglich !

Dann steet nach drop, "Système de freinage (disques de freins)" an mei weit ënnen allgemeng "Système de freinage" ... dobei haat ech sengerzeit stohlflex Leitungen an Scheiwen agedroen, deemols stung just "Système de freinage" op der groer Kaart drop :roll:

Wei wier ët mat just "Système de freinage", oder "Système de freinage (disques, étriers, flexibles)" ?

Jeejeejee ... :?

Dann leisst een gudd 450€ hänken, an trotzdem klappt viir an hannen neischt. Dobei stëmmt meng provisorech gro Kart awer, also huet den Schmitt seint richteg gemaach, dei am Büro kreien daat dann nët mol richteg gebaack alles richteg an den Computer anzeginn :evil:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 22/07/2010 10:45:51

Hun grad dem Schmitt ugeruff, an hun dann no enger neier groer Kaart gefroot, weinst den Fehler...

Fazit :

"Ech hun grad nachemol nogekuckt, dei aaner Moos stung dach awer ob der Fiche !" ... "Ech këmmeren mech drëms, also selver drëms, schëcken iech se dann mat enger Enveloppe fiir eis dei Kaart mam Fehler zerëckzeschëcken."

NB: Den Text, dass d'Felgen an Pneuen vum Certificat de Conformité nach ëmmer OK sinn kënnt automatesch, well zevill Leit beim Androen vun Wanterfelgen ëmmer gefroot hun, ob se dann nach ëmmer dei aaner Felgen keinten fueren. So dass daat dann beim mer och dropstoen keim, ech weisst jo, dass ët nët mei geif goen ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 23/07/2010 13:46:52

Sandweiler - Schmitt :

Voilà, sou sollt ët sinn !

Gescht mam Schmitt telefoneiert, haut schon dei verbessert gro Kaarten an der Breifkëscht, mat engem Courrier, dass se sech fiir den Fehler entschëllegen...

Den Witz ass, ech haat daat schon bei der leschter Ännerung beim GT 2007 (scheint also mei oft am Büro schief ze laafen, den Courrier ass e Standardbreif 8)), deemols haaten se mer 7x17"ET18 statt 7x17"ET48 agedroen ... :roll:

Douane :

Allerdings d'Douane ass, wann ët drëms geet Geld ze fuerderen, op Zack (soss eischter nët...).

Lo muss ech op den 19/07/2010 6 oder 12 Meint Steieren berappen, d'Geld viirstrecken, dann meng aal Vignette zerëckschëcken, fiir den Deel bis zum 02/10/2010 rembourseiert ze kreien.

Wei wier ët mat enger Differenzrechnung, sou wei daat iwerall an Privat-Secteur an esou fäll praktizeiert gët (z.B. bei Maintenance-Verträg) ??

An mol keng Erklärung beim Courrier derbei, waat een genau machen soll, just dass een soll 527€ fiir 12 Meint oder 268€ fiir 5 Meint (war 487€, resp. 248€) iwerweisen. Leisst een lo, wann een administrativ nët op Zack ass, dei aal Vignette muuschten, huet een sëllegen Meint duebel bezuelt. En automateschen Remboursement kënnt wuel kaum an Fro :?

Laut Aussohen vum Douanier um Telefon (jo se hiewen well nees op !) geif daat op der Dag genau rembourseiert ginn, just hien huet den 13/07/2010 am Computer stoen, an ech hun op hierem Courrier (!!) den 19/07/2010 stoen. D'Geld misst een zwar nët viirstrecken, allerdings schëckt een seng Vignette an an waard op der Remboursement ier een iwerweist, huet een dei Zeit keng Vignette mei, an also dierft een eigentlech nët mam Auto fueren. Waat een Quatsch :-(

.
.
.

Allgemeng ass "Service um Client" en Concept, daat beim Staat nach misst verdammt staark iwerschafft ginn, do versteet een nees, weisou een an den Gesetzer nët als "Client" bezeechent gët, mä en "Assujetti" ass, also en "Ënnerworfenen" ... do kommen nees mëttelalterlesch Bauregefiller heich, stiechen wuel nach an mengen Genen :?

Je, mëcht een ët richteg, an dreiht alles an, ass den Preis vill verlueren Zeit, vill administrativen Opwand, eng ganz Kutsch Ierger an nach mei Steieren bezuelen derbei ... traureg, traureg ... sollen nët sou verwonnert klengen, dass sou vill Leit "illegal" doruerter fueren, dozou gët een jo regelrecht verfouert, fiir nët ze soen praktesch "opgeruff" :evil:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

ramon

Post by ramon » 04/04/2011 15:49:28

ojeojeoje
du hells daat ganzt jo nach ziimleh relax opp. Ech wier speistens an der Halschent duerchgereint.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/04/2011 16:32:28

Jo jo, ech hun nawell Gedold, ech wusst daat just nach nët bis ech daat mat hinnen getest haat ;-)

Awer op den Moment muss ech eierlech zouginn, war ët mer nët mei wierklech egal... :?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

ramon

Post by ramon » 05/04/2011 9:49:41

wei hues de daat eigentleh matt den Bremsen gemaat?
Ech hunn um Evo Performance Friction Scheiwen dropp (fier) matt Goodridge Bremsleitungen. d'Scheiwen hunn keen TUV ooder soss eppes, hunn aawer den nemlechten diameter wei oem. Mengs de ech keint probeieren "diskret" duerchzekommen?
d'Bremsbeleeg faalen hinnen jo nett opp ooder?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 05/04/2011 10:23:46

Also mat aaner original-ähnlech Scheiwen sinn ech ëmmer esou duerchgefuer, war nie e Problem.

Um GT haat ech eng Eenzeloofnahm vum TüV, dat war eng Formaliteit zu Sandweiler.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 05/04/2011 10:54:17

Ech hat bis elo och nach nie Problemer fir duerchzekommen (weder mam WRX mat Black Diamond Scheiwen, nach mam STi mat geschlitzten Brembo).
Och mat de Bremsleitungen vun Goodridge huet bis elo nach nie ee gemeckert (*opHolzklapp*).
D'Bremsbeleg dierften hinnen och nët opfaalen, an am schlëmmste Fall kannst de jo einfach mat hëtzebestännegem Bremssuedellack d'Beleg schwarz fierwen.

ramon

Post by ramon » 05/04/2011 13:47:00

d'Bremsbeleeg vun PF sinn souwisou nett faerweg, vun dohier misst daat jo ok sinn. Eenzeg bei den Front scheiwen faerten ech e bessen well dei gelocht sinn (nett gelocht, eher gedimpelt).
Mool kucken wei ett ausgeet, zum Gleck sinn eis Auto'en keng Massenwuer esou daat se sech nett esou gutt domat auskennen

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 05/04/2011 15:34:46

Also gelacht/geschlitzt ass
keen Thema, do kruut ech nach nie eng Remarque.

@Teit : Mat den Stohlflex, do wonnert ët mech, daß nach keen eppes soot, falls se nët agedroen sinn.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 06/04/2011 9:20:48

@Jemp

Also agedroen sin se nët, a gemeckert huet nach keen (hun déi lo op mannst 6 Joër drop)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/04/2011 11:53:15

do gesait een alt rem wein NULL dei zu sandweiler sin...bei deem engen muss et agdro sin an bei deem anner net!!!!


ech sin mol gespannt wei et mir ergeet den 15ten abrel....

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/04/2011 17:53:05

Drecken der d'Daumen !!
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply