Eng Einzelabnahm iwert 2 verschidden Abnahmen ...
Posted: 12/07/2010 18:24:55
... oder wei ech 1 Dag vun mengem Liewen vum Chef vun der Agréatioun (den Här Determe) geklaut kruut
Hei den Dagesooflaaf :
5:30 - mein Wecker schellt
5:45 - ech erbaarmen mech, stinn op an ginn an d'Douche
6:30 - ech klammen an mein STi (ech hun mech no der Douche awer ugedoen, gell )
7:25 - ech klammen aus mengem STi um Parking vun der Agréatioun
7:30 - ech gin bei den Guichet 6 vun den Agréatioun (bei mein Lieblingsmatarbeschter, den Här Schmitt, wier hien nëmmen Chef do)
7:40 - ech stellen den STi op d'Fosse an der Agréatioun
8:05 - d'Papeieren sinn färdeg, den Här Schmitt schëckt mech mam Auto an dei normale Controll
8:35 - ech kommen mam STi nees an d'Agréatioun (Controll paletti, 183€ berappt, 108€ H&R Fiederen, 54€ AERYS, 23€ Controll)
Do empfängt mech den Här Schmitt mat engem "geschloenen Dackel" Blëck an seet :
"Fiir mech war jo alles an der Reih, awer fiir den Chef nët. Do ass en Problem mam Auspuff".
Ech sinn shocked !
Laut dem Chef brengt den Auspuff jo Leeschtung bei, laut den 11 seitegen TüV Papeieren dei ech derbei hun 18kW, dei haat den Här Schmitt och un dei 242kW drungehangen (ca. +100€ Steieren am Joër weider, mer hun ët jo). Laut dem Chef wier daat awer falsch (jo genee op deem Punkt sinn ech Ausnahmsweis och mat him averstaan, awer egal...).
Se hätten gekuckt, ët geifen Subbien laafem mat deem Auspuff, ouni ECUTEK (right), oder mat ECUTEK awer normalem Auspuff (Inoxcar warscheinlech), awer keen mam AERYS an ECUTEK (war wuel keen sou domm wei ech daat anzedroen ).
Laut dem Chef briecht ech also en Gutachten vum TüV (wei wier ët wann se an der Agréatioun mol selver eppes geifen futeieren statt ëmmer d'Leit bei den TüV ze schëcken), mat engem Leeschtungstest, dass hien weisst wou mer dann mat mengem Auto elo drun wieren.
No mengem Entsetzen an neidegen Protest deen zu neischt gefouert huet (weisou ich, du kanns jo wuel kaum undroen bei d'Konkurrenz goen ze wëllen...) rufen ech dann mol den Patrick un (den Auspuff ass laut TüV jo och vun him, wei den ECUTEK), an wollt mein Händy weiderginn. Daat geet nët, se dierfen keen Händy entgeinthuelen, den Patrick keint awer den Här Determe urufen.
Patrick mecht daat, Resultat, nach ëmmer Nö Ech sollt en Leeschtungsgutachten vum TüV brengen, soss nix ...
Just den TüV Treier (oder Bitbuerg) hun guer keen Leeschtungspreifstand
Dun hun ech den Här Schmitt gefroot, waat dann elo wier, ech hätt jo schliesslech keng Gro Kaart mei, wei ech dann elo sollt fueren, oder ob elo een den Auto mat engem Tieflader misst sichen kommen ?! Kulanterweis (warscheinlech wier sein Chef nët frouh, wann en daat weist), huet den Här Schmitt dann eng provisoresch gro Kaart ausgestallt, sou hätt ech dann weinstens 2 Meint Zeit eng Leisung ze fannen, dei definitiv keint awer reischt erausgoen, wann deen Leeschtungsgutachten geif viirleien, den Chef soot.
An Kloertext, den Chef hätt gären eng Eenzeloofnahm iwert 2 verschidden Oofnahmen, dass dei beid "kompatibel" sinn ?!
Bon, ugepisst machen ech mech dann op den Wee an Guichet, wou daat dommt Greit och nach blöd ginn ass, an gemengt huet "Moien d'eischt" ... do hun ech guer neischt mei gesoot, war wuel och besser esou, ech wier soss wuel keen Gentleman mei bliwen
9:35 - ech klammen an mein STi fiir bei den Patrick ze fueren fiir eng Leisung ze fannen.
10:05 - ët geet endlech een bei der Agréatioun op den Telefon, ech soen mol mein Rendez-vous fiir den GT muer oof (keen Bock op deen Scheiss 2 Deeg hannereneen, resp. nët soulaang den STi nët "gerett" ass)
10:20 - den Patrick an ech proposeieren gleichzeiteg d'Leeschtungskurv vun mengen erauszeprinten, an mech domat bei den Isenberg op den TüV Treier ze schëcken, fiir dann eng Eenzeloofnahm vum ECUTEK + AERYS ze machen, Preis ca. 120€.
10:25 - ech bleiwen beim Bankomat stoen fiir Geld opzehiewen
11:40 - ech klammen zu Treier aus mengem STi beim TüV um Parking
11:45 - den Här Isenberg hëllt mech direkt (daat ass dach mol Service !)
12:15 - ech kreien meng TüV Eenzelofnahm mat neier Leeschtung drop (113€) nodeems den Här Isenberg sech mein Auto um Pont ugekuckt huet, an gemengt huet, wei jo alles top an kloer an der Reih (misst mer jo am Fong Freed machen esou eppes ze heieren, mein Haas op den Här Determe klëmmt nach mei )
12:20 - ech bleiwen beim Burger King stoen fiir en Häppchen z'Iessen, Frustfressen wuel
13:25 - ech klammen nees aus mengem STi bei der Agréatioun um Parking
13:35 - ech kreien meng provisoresch gro Kaart (dei greng ass ) mat der neier Leeschtung, AERYS an H&R
13:36 - den Här Schmitt war nët mei do, haat heen es ieren och genuch an huet sech den Rescht vum Dag freih geholl, bei sou engem Chef keint ech daat verstoen. ech froen den Här am Guichet op dann muer nach Plaatz wier, hien "Jo", ech "Bremsanlag, Distanzscheiwen an Pneuenmoos androen mat TüV Eenzeloofnahm, op daat geif goen, oder ob do och nach eppes geif fehlen ?". Hien "Wann der bei allem Papeieren hudd, geet daat". Ech "dei haat ech den moien och schon, war awer fiir ären Chef nach nët genuch... dann schreift mech mol op, dann kucken mer daat..."
14:10 - ech sinn (endlech) bei mengen Elteren (hun mein Frust bei engem missten lassginn, dei ärmst )
Wann daat dach keen scheinen Dag Congé war !!
An well ët sou schein ass, muer mam GT dohin fiir d'K-Sport Bremsanalg, H&R Distanzscheiwen viir (weinst der Bremsanlag) an eng nei Pneuenmoos (205/40-17) anzedroen, kann jo lëschteg ginn.
Ah jo, an dem GT sein "giel" gro Kaart fannen ech mei rëm, koscht dann 50€ extra (fiir se souweisou ze zersteieren), awer op dei kënnt ët no der Zeit, dem Geld, dem Sprit, den KM (mein STi huet weinst deem Iesel haut 1% vun den Gesamt-KM muttwëlleg drop kruut, 23'550km no der Controll, elo ca. 23'750 ) jo elo och nët mei wierklech un, an ech hun och elo keen Bock mei weider bei deser Aafenhëtzt dono ze sichen...
Suite au prochain épisode