Um CT duerchgefall...

You have had good or bad experiences with Sandweiler, Esch-sur-Alzette or Wilwerwiltz ? Share them here ! Maybe together we can shed some light on this messy situation we have right now in Luxembourg ... (public)
Vous avez eu de bonnes ou mauvaises expériences avec Sandweiler, Esch-sur-Alzette ou Wilverwiltz ? Partagez-les ici ! Peut-être qu'ensemble nous réussiront à éclaircir cette situation chaotique que nous subissons actuellement au Luxembourg ... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Um CT duerchgefall...

Post by SteveP-78 » 28/04/2011 15:52:52

Salut, muss 'lo mol mengem Ierger Loft maachen:

Sin gëschter um CT wéinst enger verstalltener Géométrie an net conformen Bremsscheiwen duerchgefall!! :evil:

Also, ech war gëschter op déi alljährlëch Visite um CT zu Esch/Lalleng.
Mäi RdV war zwar ofgelaaf, (mais dofir konnt ech näischt, well den Garage Lambin, also do wou den Deny lo schafft, op e Stéck huet misste waarden, dat sie fir meng Révisioun gebraucht hun), mais ech hu mier geduecht (nodeems ech X-mol ëmsoss op den CT ugeruff hun fir en neien RdV ze kréien): "Allez, fierst de eben ouni RdV dohin, da musst du eben e bëssen waarden...".

Ëmsou méi frou war ech wéi ech gesin hun datt virum Häischen wou d'Ofgasen gemooss gin, nëmmen 2 Autoen gewaart hun (allerding KEEN ob der Spuer vun de RdV'en).
Ech hun mëch also brav um ca. 9:45 als 3. Auto an d'Reih gestallt an hu gewaart.
No +/- 2 Minutten as dun den 1. Auto an d'Häischen geruff gin...

...25 Minuten méi spéit stoung ech (an och den Auto viru mir) ëmmer nach onverännert op der selweschter Plaz! Op der Spur vun de RdV'en as an där Zäit KEEN Auto passéiert.

Vu que datt ëch un sëch sollt schaffe goën, hun ech ugefang ongedellëg ze gin, an si mol bei deen Luttepitti an d'Reezhäischen froën gaang firwaat et nët géif virugoën. Als Äntwert krut ëch : "Sëtzt ierch an ären Auto an waart op ären Tour!" Dorobshin hun ëch him gesot: "Ma Merde, ech waarden jo schon bal eng hallef Stonn, mais ech gesin Ierch hei just Lächer an d'Loft kucken an um Handy kniwwelen! Entweder dat geet elo hei virun oder Dier kënnt mier mol ären Virgesetzten heihinruffen!!"

Just dee Moment koum aus dem Hannergrond een vun sengen Kolleegen erbäi, deen déi ganz Diskussioun matkritt huet, an huet mol säi Kolleeg eng Taass Kaffi drénken geschéckt...
...5 Minuten méi spéit (also um genee 10:14) woar ech och fäerdeg a stoung op menger Piste d'attente...an ech stoung am Endeffekt nach ganz laang do (sin nämlëch réicht um 12:20 eran geruff gin).

Also endlech dobannen, a bei déi 1. Statioun gewénkt gin. Alles kee Problem, och d’Luuchten sin ok, also weider op d’Fosse.
De Männchen bei der Fosse wénkt mech no vir, also fueren ech no vir. “Stop, stop, fuert nees zréck!”seet hien wéi ech bei him sin.
Also fueren ech nees zréck. Hannen ukomm wénkt de Männchen mech erëm bei sëch. Also fueren ech erëm bei hien.
“Stop, fuert nach eng Kéier zréck!” rifft hien dun bemol. Also do halen ech de Kapp mol zu Fënster eraus, a froën: “Waat soll dat hin an hier schécken? Soll ëch heihin kommen oder nët?!”
“Ech hun ierch zweemol hin an hiergeschéckt well Äer Geométrie um Auto dérégléiert as!”
-“An dat gesitt Dier wann ech déi puer Meter hin an hierfueren?”
-“Jo, dat gesi mier!”
-“A wat huet se dann? Positiven oder negativen Stuerz, oder Vir- resp. Nolaaf ?” froën ech hien.
Dunn béckt hien sech an d’Fosse erof fir säi Kolleeg ze froën: “So, hues du opgepasst wéi d’Geométrie verstallt as?” –“Nee, wees nët”
-“A wat soll ech dem am Auto dann soën?”
-“As schäissegal, d’Spuer as eben kromm!” (Originaltext!)

Ech hun dat ganzt sougutt matkritt well ech jo déi ganzen Zäiten d’Fënster eroof hat. De Männi hieft sech also nees erop fir mier ganz stolz ze soën datt et ganz egal wier WÉI d’Spuer verstallt wier, wat géif zielen wier DATT d’Puer verstallt as.

Do hun ech mol grouss Aaen gemaach, well sou eng dämlëch Äntwert hät ech souguer deenen Beppo’en do nët zougetraut.
“An iwwerhaapt,” seet de Kontrollmännchen, “déi Spoileren an déi Schwelleren do op äerem Auto, déi sin awer net Original!! Hutt dier Pabeieren dovir?”
-“Dach, déi sin Original drop!”
-“Ech gleewen Ierch dat nët, dat musst dier dann mat der Agréatioun klären…! An d'Bremscheiwen GESIN jo och nët original aus!"
-"Et sin Original Bremboscheiwen, just eben geschlitzt. Ech krut déi geschlitzten eben méi bëllëg als wéi Scheiwen déi original ausgesin. Firwat, as dat e Problem?"
-"Wann der keng Originalscheiwen drop hut (also ouni Schlitzer) braucht dier Pabeieren dofir, a musst se androën loossen!"
-"Et as dach wuel egal ob Schlitzer oder keng, et sin jo awer Brembo Originaldisquen, a keng LingLong Scheiwen aus China déi just ausgesin als ob se original wieren awer dofir no 500 km auseneenfueren"
-"Nee, et as eben nët egal. Hätten är Scheiwen original AUSGESIN, hätte mier nët weider gekuckt, mais esou..."


No nach e puer héichintelligenten Aussoën vum Kontrollfreak sin ech dann nach op de Bremsenpréifstand gefuer, an do huet den Auto mat Bravour gebremst (wat jo och ze erwaarden woar).

An der Agréatioun wollten sie ouni ABE vun de Bremsscheiwen näischt androen, just de Spoiler hun sie awer dann als Original (un)erkannt !

Mëttes sin ech dann bei de GP Tuning gefuer, hu mier do e Set Originalbremsscheiwen (vir an hannen) fir den STi besuergt an hun dofir 409€ bezuelt. Déi gin demnächst obgeluet an den Auto dann nach eng Kéier um CT présentéiert.

…affaire à suivre…

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 28/04/2011 16:30:31

Een Wuert : F*ck !!! :shock:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 28/04/2011 17:38:40

:roll: :roll: :roll: eieieieiei....

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 28/04/2011 21:24:43

Boahh, do kreien ech 200 Bols, wann ech daat doten liesen!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!

Se hun keng Geräter fir 'Spuer ze moosse, an dann kucken sie daat op d'Aa!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!! :evil: :evil: :evil: :evil: :evil:
Also mei, pardon, IDIOTESCH an ONPROFFESSIONNEL geet et jo awer net :!: :!: :!:

Daat war dann alos d'Quittung fir dain Gemauls beim Oofgasfuzzi...

Also ech haat jo bis elo gudd Erfahrungen (eierlech) mam CT gemeet, mee et huet awer och nach nie een mer sou eng Geschicht gezielt!!! Sou eppes get et beim TÜV net!!!

Mee daat as den Problem, wann sou eng Entreprise den Monopol op den CT huet, dann kanns de just machen wei's de wells.

Kanns de dann keng ABE fir d'Bremsen vum Site vun Brembo eroflueden? Et kritt een dach geschlitzten Scheiwen vun Brembo MAT ABE!

Verreckt dat doten..... :roll:
Form follows function

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 29/04/2011 9:42:25

@kane

As och meng Meenung: soulang just déi Schlunzen vun der SNCT den CT duerchféieren dierfen, kënnen déi mat dier maachen wat se wëllen!
Hun gëschter Owend nach eng Kéier op d'Aa d'Spuer vum Auto kontrolléiert, mais ausser dem obligatorëschen negativen Stuerz näischt kënne gesin (mais bon, meng Aaen sin och vläit nët sou gutt geschoult wéi vun deenen Fossenmettien
:wink: )

Effektif krist de vun Brembo geschlitzten Scheiwen mat ABE, mais ech hun fir d'GT-Serie déi ech hun näischt um Site vun Brembo fonnt :( Hun mat engem Kolleeg geschwat deen den Generalimportateur vun Brembo/Däitschland gutt kennt, an deen probéiert elo iergendwéi eng ABE/Tüv Zertifikatioun ze kréien...

Wann dat nët klappt muss ech eben nees Scheiwen drop maachen déi ausgesin als ob se original wieren :roll:

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 02/05/2011 22:16:16

Wann dat nët klappt muss ech eben nees Scheiwen drop maachen déi ausgesin als ob se original wieren Rolling Eyes
An dann as et wei's du sees. Dann mes de 5$ Ling-Long-China-Scheiwen drop, dei zwar keng Lächer resp. Schlitzer hun, mee dofir awer nawell naischt daachen. Se gesin dann eben aus wei original....

As wei ech zu dem Här sot, deen main Käfeg zu Sandweiler angedro huet:
Controller: Daat gesait jo awer zimlech gudd aus. Alles propper an korrekt angebaut.
Ech (wuertwiertlech): Ech sin jo och deen Hennes deen dran setzt wann d'Millen eng keier op den Daach geet. Dann well ech och, dass daat hält an net nemmen cool an rau ausgesait... :wink:

As mat Bremsen jo ähnlech. Bei secherheetsrelavanten Deeler mecht een verantwortungsbewossten Chauffeur keen Schrott op oder an sain Auto!

Ech hat jo wei gesot bis elo gudd Erfahrungen mat dem CT. Hun allerdings och nach nie een ungemault... :wink: :lol:
Form follows function

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 03/05/2011 8:28:13

@ Kane

Mier kënnt dat och nët méi vier! An Zukunft gët nët méi gemault a gemeckert, mais ët gët direkt "Ringen mit dem Bär", an dann gin d'Beweiser an meng Mall geluecht an am Stauséi versenkt... :twisted:

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 03/05/2011 9:28:34

Téit wrote:@ Kane

Mier kënnt dat och nët méi vier! An Zukunft gët nët méi gemault a gemeckert, mais ët gët direkt "Ringen mit dem Bär", an dann gin d'Beweiser an meng Mall geluecht an am Stauséi versenkt... :twisted:
dann ruf mech ech helefen....!!!! :twisted: :twisted: :twisted: :twisted:

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 03/05/2011 10:19:33

@ ben

Maachen ech, zu 2 riichte mer nämlech och 2x souvill Schued un :twisted: :twisted:

Iwwregens:

hu lo just de Bescheed kritt datt BREMBO effektif keng ABE/TÜV-Pabeieren fir meng Scheiwen huet (Jicke-Betriib!!) :(
Da gin déi eben erëm erof geholl an duerch déi OEM-Scheiwen ersat...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 03/05/2011 13:17:50

Waat e Kack ! Just gudd, d'Leit scheissen ze dinn, daat ass keen Contrôle technique, well vun Technik hun dei keng Ahung, ass just nach en Contrôle administratif oder sougue Contrôle "Schikan" :evil: :evil: :evil:

Wier un der Zeit, daß een dei sérieux Autos-Club'en mol geif zesummentrommelen, daß mol richteg eppes an deser Saach passeiert, daat kann jo awer nët sou weidergoen :evil: Do stinn jo awer Mëttelen zur Verfügung, Ombutzman, Press ... ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 19/05/2011 10:15:45

Hat lo just mat engem um SNCT geschwat, fir erauszefannen wéi ech mech am beschten uleen soll fir datt ech nët nees eng Kéier duerchfaalen.
Ech krut dun erklärt:
Vu que datt ech jo wéinst nët-conformen Bremsscheiwen duerchgefall sin muss ech fir den CT ze packen déi nächsten Kéier duerch d'Agréatioun fueren, souguer wann ech den Auto nees an den Originalzoustand zeréckversaat hun!
Ausserdem muss ech vun enger Garage certifiéiert kréien datt déi mier d'OEM-Scheiwen nees dropmontéiert hun!!

Also wann dat keng Schikan as da wees ech och nët!! D'Beppoen an der Fosse kënnen der jo anscheinend op d'Aa gekuckt soen datt eppes nët Original as, mee ëmgdréint kënnen se dëch net méi op d'Aa gekuckt duerchloossen wann s de d'Mängelen behuewen huest :evil:

Iergendwéi hun ech e ganzt schlecht Gefill wat d'RoadTour dëst Joër ugeet...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 19/05/2011 12:08:34

F*ck wei oncool :-( Drëcken der d'Daumen !! Weinie gees de ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 19/05/2011 13:37:40

Majo, kruut réicht fir nächsten Donneschdeg en Rdv am Garage, an e Freideg fueren ech dann mol op den CT...

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 19/05/2011 18:31:09

Wann daat nët just on time ass !! :shock: Ma dann hoffen ech dass alles klappt !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 08/06/2011 16:11:37

Also hun mam Tim geschwaat, hien kann Brembo Scheiwen kreien, dei voll sinn, also weder gelacht nach geschlitzt, den Preis ass onverännert deen selveschten, egal weieng een elo wëll.

Allerdings huet en dei nie op Stock, well ausser eis aarme Sei natierlech all dei aaner leiwer eng vun den aaneren kaafen, logesch !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 09/06/2011 12:07:29

Daat do ass jo WAHNSINN!!! Ech sin lo 3 Joer laang mat den geschlitzten Bremboen durch gefuer, nie een eppes gesoot dozou! Mee do misst een wirklech mol eng ennerhuelen mat deem drecks SNCT!
Es kommt zusammen was zusammen gehört!!
Mike-Subaru!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 09/06/2011 13:30:56

Misst een sech effektiv mat aaneren "serieux'en" Club'en eng Keier zesummensëtzen an eppes ënnerhuelen, daat kann jo effektiv esou nët weidergoen :-(
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

ramon

Post by ramon » 16/06/2011 17:10:40

genau, daat wuer deng quittung fier dain gemauls.
Wuer och lescht Woch do, matt Performance friction Scheiwen dropp and deen huet absolut naischt gesoot (iwregens en Evo IX).
Hien wollt nemmen main certificat de conformite gesinn weinst den BBS Felgen (originaal) and der Pneu'en moos. Zum gleck stinn dei Donne'en och ann der Betriibsanleitung drann.

Den Fuzzi bei der Luutenkontroll huet main Auto gecheckt, ass dono erem seng zeitung liesen gaangen. Bei der Caisse hunn ech seier meng 20E bezuelt ann opp d'aarbecht geflitzt. Um Parking ukomm, hunn ech mer de Wesch emool ugekuckt ann..... Plakken nummer beliichtung as defekt. Hunn direkt gekuckt an dei ass aawer nett defekt. GRRRRRR A plaatz seng Zeitung liesen ze goen, haett en keinten matt mir "kommunizeieren" a mer genau soen waat en do gesinn huet.

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 17/06/2011 10:11:39

D'nächste Kéier haalen ech einfach mäin dommen Baack, oder ech froën iergendeen aaneren fir datt en fir mëch op den CT fiert...

...ass den allerleschten Saustall deen Wichsbetrieb do!! :evil:

Post Reply