Um CT duerchgefall...
Posted: 28/04/2011 15:52:52
Salut, muss 'lo mol mengem Ierger Loft maachen:
Sin gëschter um CT wéinst enger verstalltener Géométrie an net conformen Bremsscheiwen duerchgefall!!
Also, ech war gëschter op déi alljährlëch Visite um CT zu Esch/Lalleng.
Mäi RdV war zwar ofgelaaf, (mais dofir konnt ech näischt, well den Garage Lambin, also do wou den Deny lo schafft, op e Stéck huet misste waarden, dat sie fir meng Révisioun gebraucht hun), mais ech hu mier geduecht (nodeems ech X-mol ëmsoss op den CT ugeruff hun fir en neien RdV ze kréien): "Allez, fierst de eben ouni RdV dohin, da musst du eben e bëssen waarden...".
Ëmsou méi frou war ech wéi ech gesin hun datt virum Häischen wou d'Ofgasen gemooss gin, nëmmen 2 Autoen gewaart hun (allerding KEEN ob der Spuer vun de RdV'en).
Ech hun mëch also brav um ca. 9:45 als 3. Auto an d'Reih gestallt an hu gewaart.
No +/- 2 Minutten as dun den 1. Auto an d'Häischen geruff gin...
...25 Minuten méi spéit stoung ech (an och den Auto viru mir) ëmmer nach onverännert op der selweschter Plaz! Op der Spur vun de RdV'en as an där Zäit KEEN Auto passéiert.
Vu que datt ëch un sëch sollt schaffe goën, hun ech ugefang ongedellëg ze gin, an si mol bei deen Luttepitti an d'Reezhäischen froën gaang firwaat et nët géif virugoën. Als Äntwert krut ëch : "Sëtzt ierch an ären Auto an waart op ären Tour!" Dorobshin hun ëch him gesot: "Ma Merde, ech waarden jo schon bal eng hallef Stonn, mais ech gesin Ierch hei just Lächer an d'Loft kucken an um Handy kniwwelen! Entweder dat geet elo hei virun oder Dier kënnt mier mol ären Virgesetzten heihinruffen!!"
Just dee Moment koum aus dem Hannergrond een vun sengen Kolleegen erbäi, deen déi ganz Diskussioun matkritt huet, an huet mol säi Kolleeg eng Taass Kaffi drénken geschéckt...
...5 Minuten méi spéit (also um genee 10:14) woar ech och fäerdeg a stoung op menger Piste d'attente...an ech stoung am Endeffekt nach ganz laang do (sin nämlëch réicht um 12:20 eran geruff gin).
Also endlech dobannen, a bei déi 1. Statioun gewénkt gin. Alles kee Problem, och d’Luuchten sin ok, also weider op d’Fosse.
De Männchen bei der Fosse wénkt mech no vir, also fueren ech no vir. “Stop, stop, fuert nees zréck!”seet hien wéi ech bei him sin.
Also fueren ech nees zréck. Hannen ukomm wénkt de Männchen mech erëm bei sëch. Also fueren ech erëm bei hien.
“Stop, fuert nach eng Kéier zréck!” rifft hien dun bemol. Also do halen ech de Kapp mol zu Fënster eraus, a froën: “Waat soll dat hin an hier schécken? Soll ëch heihin kommen oder nët?!”
“Ech hun ierch zweemol hin an hiergeschéckt well Äer Geométrie um Auto dérégléiert as!”
-“An dat gesitt Dier wann ech déi puer Meter hin an hierfueren?”
-“Jo, dat gesi mier!”
-“A wat huet se dann? Positiven oder negativen Stuerz, oder Vir- resp. Nolaaf ?” froën ech hien.
Dunn béckt hien sech an d’Fosse erof fir säi Kolleeg ze froën: “So, hues du opgepasst wéi d’Geométrie verstallt as?” –“Nee, wees nët”
-“A wat soll ech dem am Auto dann soën?”
-“As schäissegal, d’Spuer as eben kromm!” (Originaltext!)
Ech hun dat ganzt sougutt matkritt well ech jo déi ganzen Zäiten d’Fënster eroof hat. De Männi hieft sech also nees erop fir mier ganz stolz ze soën datt et ganz egal wier WÉI d’Spuer verstallt wier, wat géif zielen wier DATT d’Puer verstallt as.
Do hun ech mol grouss Aaen gemaach, well sou eng dämlëch Äntwert hät ech souguer deenen Beppo’en do nët zougetraut.
“An iwwerhaapt,” seet de Kontrollmännchen, “déi Spoileren an déi Schwelleren do op äerem Auto, déi sin awer net Original!! Hutt dier Pabeieren dovir?”
-“Dach, déi sin Original drop!”
-“Ech gleewen Ierch dat nët, dat musst dier dann mat der Agréatioun klären…! An d'Bremscheiwen GESIN jo och nët original aus!"
-"Et sin Original Bremboscheiwen, just eben geschlitzt. Ech krut déi geschlitzten eben méi bëllëg als wéi Scheiwen déi original ausgesin. Firwat, as dat e Problem?"
-"Wann der keng Originalscheiwen drop hut (also ouni Schlitzer) braucht dier Pabeieren dofir, a musst se androën loossen!"
-"Et as dach wuel egal ob Schlitzer oder keng, et sin jo awer Brembo Originaldisquen, a keng LingLong Scheiwen aus China déi just ausgesin als ob se original wieren awer dofir no 500 km auseneenfueren"
-"Nee, et as eben nët egal. Hätten är Scheiwen original AUSGESIN, hätte mier nët weider gekuckt, mais esou..."
No nach e puer héichintelligenten Aussoën vum Kontrollfreak sin ech dann nach op de Bremsenpréifstand gefuer, an do huet den Auto mat Bravour gebremst (wat jo och ze erwaarden woar).
An der Agréatioun wollten sie ouni ABE vun de Bremsscheiwen näischt androen, just de Spoiler hun sie awer dann als Original (un)erkannt !
Mëttes sin ech dann bei de GP Tuning gefuer, hu mier do e Set Originalbremsscheiwen (vir an hannen) fir den STi besuergt an hun dofir 409€ bezuelt. Déi gin demnächst obgeluet an den Auto dann nach eng Kéier um CT présentéiert.
…affaire à suivre…