Page 1 of 1

Auspuff mat E Kennung

Posted: 19/10/2014 16:58:58
by MichelW-68
Salut

Hun mir elo en neien STI MY2015 kaaf an och en Auspuff ab Kat bestallt. Den kennt mat enger E Kennung an brauch net agedroen ze gin. Meng Fro. Huert een Erfahrung mat E Kennung an Sandweiler? Dei sin jo emmer speziel. Muss ech mam Auspuff op Aglomeration oder passt dat mat dem E Zeechen?

Merci am viraus

Michel

Posted: 21/10/2014 12:43:09
by BobH-91
Menges Wëssen no, kanns de esou duerch Sandweiler fueren, well et jo eben Eintragungsfrei as.

Posted: 22/10/2014 18:45:46
by MichelW-68
Ok merci ..... Dann losse mir ons mol iwerraschen

Posted: 25/10/2014 16:43:28
by BenD-86
Misst normal sou goen...

Posted: 21/01/2015 11:17:16
by MichelW-68
Also hun mol eng Aenfert kritt vun Sandweiler op eng Mail Ufro:


Gudden Moien,

Wann den Auspuff eng E-Nummer huet dann braucht Dir net an d'Agréatioun ze fueren.

MfG,


11, rte de Luxembourg
Sandweiler

www.snca.lu


xxxxxx xxxxx
Expert Technique

bp 23
L-5201 Sandweiler