Haat leider nach keng Zeit eischter e klenge Bericht ze machen ...
Ech sin den RS2 elo just zu Spa am Reen gefuer, an mein Fazit ass :
TOP !
Den Auto luch mega neutral, an daat obwuel ech um Setup ausser den Pneu'en neischt geännert haat. Am Verglach war den GT mat den Conti Sport Contact (2/3) einfach sch*iss, extrem iwersteierend, daat ass zwar meeschtens ganz witzig, munchmol e bëssen manner, awer besonneg nie wierklech efficace !
En plus huet ët jo den ganzen Dag gereent, an ech hun mech am Reen ëmmer wierklech sëcher gefillt, hun zwar nët 100% ginn, wollt selver ganz an och mat ganzen Auto heem kommen (um Video huet een jo gesinn, dass ët och kann aanescht um Circuit ausgoen

).
Bei menger Moos (215/40-17) waren se zwar leider mei deier, awer ëmmer nach e gudd Stëck mei bëlleg wei d'Conti, dofiir awer
meilenweit besser !!
Dann zu den Flanken, ech sinn jo en Flanken-fetischist
Mei haard wei dei vum (versärtken) Conti, awer nët sou haard wei den Bridgestone Potenza S03 deen ech viirdrun drop haat (an deen ët nët mei an deier Moos gët

), oder och wei en RE070 (deen ët jo an deier Moos och nët gët

).
Fiir meng Bandscheiwen ass daat awer en deitleschen plus, an mam Alter muss een och mol dorun denken, weinstens gët den Gummi nach e bessen no, well den Rescht ass um GT schon zimmlech steif
Dei nët sou mega hard Flanken hun mer awer nie e schlecht, onsëchert Gefill vermëttelt, waat bei den Conti andauernd de Fall war. Do huet d'Gehiir stänneg den Moo missten soen "Ass OK, daat passt !".
Mam RS2 konnt ech mech einfach op den Moo verloossen, an daat ass
TOP
PS: Ech wëll den Conti elo nët mei schlecht machen wei en ass, awer um GT ass et eng
eenzegarteg Katastroph ! Dofiir awer um Skoda ( 225/40-18 ) ass en eigentlech ganz gudd, mä deen ass vum Fuerwiek hier 100%eg original...