Hankook RS-2 / RS-3

Discussions about brakes, rims and tyres (public)
Discussions à propos des freins, des jantes et des pneus (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Hankook RS-2 / RS-3

Post by SergeK-80 » 12/03/2010 22:13:11

Wär den heiten Pneu op main STI geheien

Image

Sin Leit am daitschen Forum an och an US-Foren dei op der Stroos an um Circuit ganz zefridden domat sin.

An en kasscht em di 115€ inkl. Montage etc.


An dono deen heiten, wann en an Europ eraus kennt:

Image

As eng gudd Alternativ an wann ech kucken weivill Modeller sie an hirer Racing-Gamme hun, denken ech och, dass den Know-How do as.

Meenungen?
Form follows function

MikeB-78
Forum-User
Posts: 72
Joined: 19/04/2008 1:11:31
Location: COLMAR-BERG
Contact:

Post by MikeB-78 » 13/03/2010 0:28:36

Gesin op jiddefall ganz gudd aus!

Ech wollt unsech den R888 op main geheien, mee krut lo eng Offer fir den Toyo R1R gemaach, sin och mol gespaant wei deen dann ass, en soll mol gudd peschen!

Sin mol frou wann ech main mol duerch Sandweiler hun, endlech selwer op der Roadtour, mat engem Subi an net mam Honda fueren! ;) Opwuel den Honda och show war! ;)
Drive it like you stole it!

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 13/03/2010 0:36:35

ech haat den och!!den rs-2 ass top!!
den jp huet en lo och op den gt gema!!!

steinke

Post by steinke » 13/03/2010 18:21:49

@ mirk

ech geif patten vum R888 weg loosen... ass zwar en ganz gudden pneu, paescht da daiwel, mais den preis huet et an sech, an hun mat gemittlecher fahrweis 12000 km gepackt, do wuaren se um drot! an den haptgrond: laafgereicher... bei 120 ob der autobunn hues de gemengt du geif nierft engem camion fueren... zuguer bei 50 hues de pneuen schon souren heiren

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 13/03/2010 19:33:49

Den R888 as effektiv extrem deier (beim PCR em die 900€ am 225/45/17 :shock: ) , verschleisst schnell an mecht Kameidi. As un sech en richtegen Trackday-Pneu.

Mee och do huet en eng kuerz Liewensdauer. Zu Bitburg waren der och schons e puer do (Andi etc) dei den R888 drop haaten. Fonkelnei an nom Trackday waren se fir an den Müll. Bitburg as zwar och extrem (Belag an Slalom etc) mee as nemmen fir se soen.
Form follows function

MikeB-78
Forum-User
Posts: 72
Joined: 19/04/2008 1:11:31
Location: COLMAR-BERG
Contact:

Post by MikeB-78 » 13/03/2010 21:15:23

Also meng Offer ass jo fir den R1R, get mol gekuckt wei et dann mat deem ass! Ass bessen mei belleg wei den R888 an huet eben puer Rillen mei! ;)
Drive it like you stole it!

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 17/03/2010 19:13:28

Hun haut meng rs2 kruut :lol: en samsden meng pulverbeschichtet felgen sichen an direkt drop gemeet ;)
Hoffen dei pneuen sin eppes,mee heiert een jo nemmen guddes :D

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 17/03/2010 21:42:35

pneuen sin top!!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 18/03/2010 5:13:08

Brauch och lo demnächst e neie Pneu, am 19 Zoll, deen hei schéngt jo dann mol eng Alternativ ze sin ! Mol kucken !

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 18/03/2010 21:46:38

Ween huet seng Pneuen dann wou kaaf? An fir waat fir een Prais?

@jayjay: mengen den RS-2 get et just bis 18". Am 19" get et en awer laut Hankook-HP net.
Form follows function

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 18/03/2010 22:22:32

dn jp kruet seng beim eiffes rol....

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 19/03/2010 5:06:25

Kane STi wrote:Ween huet seng Pneuen dann wou kaaf? An fir waat fir een Prais?

@jayjay: mengen den RS-2 get et just bis 18". Am 19" get et en awer laut Hankook-HP net.

Asou ? Ok, dann muss ech daat mol kucken !

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 19/03/2010 17:03:38

Salut,

Huch, hei sprangen ech jo op en Zuch op deen schon an voller Fahrt ass :shock: ;-)

Hun, wei Ben schon soot, den RS-2 um GT elo drop, am 215/40-17.

Gefuer sinn ech nach nët vill, ass awer den Sonden ganz aanescht, dann sinn mer zu Spa um Circuit :twisted: :twisted: :twisted: :lol:

Daat bessen, waat ech "Flanken-geilen Heinie", dozou kann soen wier :

Se hun mei hard Flanken wei Conti, well dei sinn slichtweg um GT Schrott !!

Allerdings kommen se an den Flanken bei weitem nët un en Bridgestone Potenza S-02/S-03 oder RE070 run.

Fiir mein Rëck ass daat awer eng gudd Nouvelle, sou gët deen alt e bessen geschount, well mat den S-03 war den GT mat Seriefuerwierk an just ALK schon zimmlech limit bei Knuppen :shock: Den RS-2 ass awer mam AST am Fong ganz OK, kucken elo op en sech um Circuit bewährt...

Dei Moos fiir den GT ass natierlech e bessen spezial, den Preis war ganz OK hun ech fonnt, 600€ fiir dei 4.

PS: Haat zwecht deem an den Yokohama gezëckt, awer den Yoko war bei identeschem Preis nët sou en heigen Speed Index, an beim RS-2 stung en hätt spezial Flanken (an schon war ech verleift :oops: :lol:).
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 19/03/2010 17:32:11

wollt dei mol probeieren well ech bal nemmen gudds heiren hun dovun. an prais och top war .ech haat 380euronen bezuelt fiir dei 4 ;=) hun se am btrieb gehool mee wees net wou dei se hier un :roll:

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 19/03/2010 21:38:15

Mullerpneu zu Conter huet se fir 115€/Steck also 460€/den Saatz inkl Montage etc an hirem Onlineshop. Greisst as 225/45/17, also dei original fir den STI.
Form follows function

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 20/03/2010 7:37:14

jo preis ass ok!
en plus ass daat 225/45/17 mei eng gängeg moos!!!dofir sin se mei belleg...

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 29/03/2010 15:15:52

As kack, mat der spezieller Moos vum GT.

War meng haut bei MULLER Pneus op Conter monteiren loossen. 460€ inkl. Montage etc. fir en 225/45/17 fannen ech en ganz gudden Prais. An ech hun se online bestallt :D

Den Pneu gesait schon mol guer net schlecht aus an ech freen mech drop en mol ze fueren.
Form follows function

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 29/03/2010 16:58:47

Haat leider nach keng Zeit eischter e klenge Bericht ze machen ... :oops: ;-)

Ech sin den RS2 elo just zu Spa am Reen gefuer, an mein Fazit ass : TOP !

Den Auto luch mega neutral, an daat obwuel ech um Setup ausser den Pneu'en neischt geännert haat. Am Verglach war den GT mat den Conti Sport Contact (2/3) einfach sch*iss, extrem iwersteierend, daat ass zwar meeschtens ganz witzig, munchmol e bëssen manner, awer besonneg nie wierklech efficace !

En plus huet ët jo den ganzen Dag gereent, an ech hun mech am Reen ëmmer wierklech sëcher gefillt, hun zwar nët 100% ginn, wollt selver ganz an och mat ganzen Auto heem kommen (um Video huet een jo gesinn, dass ët och kann aanescht um Circuit ausgoen :roll: :-().

Bei menger Moos (215/40-17) waren se zwar leider mei deier, awer ëmmer nach e gudd Stëck mei bëlleg wei d'Conti, dofiir awer meilenweit besser !!

Dann zu den Flanken, ech sinn jo en Flanken-fetischist :twisted:

Mei haard wei dei vum (versärtken) Conti, awer nët sou haard wei den Bridgestone Potenza S03 deen ech viirdrun drop haat (an deen ët nët mei an deier Moos gët :evil:), oder och wei en RE070 (deen ët jo an deier Moos och nët gët :evil:).

Fiir meng Bandscheiwen ass daat awer en deitleschen plus, an mam Alter muss een och mol dorun denken, weinstens gët den Gummi nach e bessen no, well den Rescht ass um GT schon zimmlech steif :twisted:

Dei nët sou mega hard Flanken hun mer awer nie e schlecht, onsëchert Gefill vermëttelt, waat bei den Conti andauernd de Fall war. Do huet d'Gehiir stänneg den Moo missten soen "Ass OK, daat passt !".

Mam RS2 konnt ech mech einfach op den Moo verloossen, an daat ass TOP :twisted:

PS: Ech wëll den Conti elo nët mei schlecht machen wei en ass, awer um GT ass et eng eenzegarteg Katastroph ! Dofiir awer um Skoda ( 225/40-18 ) ass en eigentlech ganz gudd, mä deen ass vum Fuerwiek hier 100%eg original...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 29/03/2010 19:36:33

Sou, RS-2 as um STi. HUn en op meng original Felgen, dei mettlerweil anthracit gepolvert sin, monteiren geloss.

Eischt Testfahrt war leschteg, well ech mech bal am Rondpoint bei der Aral zu Sceffleng gedreint hun :wink:

Den Pneu war nach ze jungfräulech an huet geschmiert wei Sau. War awer drop virbereedt.

No bessi fueren an Pneuen race-like am Slalom warm fueren mierkt een awer, dass Potential do as. Mei kann ech awer na net soen.

Waat mech awer rem färdeg mecht, ass den Fait, dass ech lauter kleng Lächer an engem Samco-Killschlauch hun, vermutlech vun sou engem Drecks-Marder :evil: :evil: :evil: :evil: Keint flippen :evil: :evil: :evil:
Form follows function

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 29/03/2010 20:39:29

freen mech schon richteg meng rs2en opzezeihen, wann se temp hun sollen se jo richteg pechen;) geif mengen fiir den stroosenbereich top, wei gesaid et aus mam Ofrollgeraisch?

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 29/03/2010 23:55:58

een "sportspneu" mecht emmer mei kamdeidi wei een normale pneu...et ass awer auszehallen...

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 30/03/2010 8:32:29

@Serge

Vläicht as dat heiten jo eppes fir dech (géint Marderschued um Auto). Kennen een deen huet dat op sengem Forester montéiert, an hat kee Marderschued zënter dem (an dobäi wunnt en vis-à-vis vun engem Bauerenhaff an as Jeër)

http://www.mardersicher.de/index.htm

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 30/03/2010 10:01:23

Zu den Laafgereicher ... hmm ... also mam Blitz heieren ech d'Pneuen eigentlech eischter nët :roll: ... :P :lol:

Also mier ass elo neischt schlëmmes opgefall an deier Hinsiicht, awer wei den Teit schon soot, e gudden Pneu huet Laafgereicher, well gudden mëllen Gummi pescht jo, an daat heiert een dann och ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 30/03/2010 10:12:31

@Yank

et war den Ben, nët ech deen dat vun de Laafgeräischer sot :wink:

Sub-way:)

Post by Sub-way:) » 30/03/2010 12:20:43

waat ech domadder wollt soen ass,du hues pneuen do mengs de deng Raadlaager geifen allmoment baschten,sou hun sech pneuen unheiren,
Mir perseinlech ass et och egal, an mat da blitz waerd ech et och net heiren, mee um mengem ex golf oder bmw war et awer nerweg,an all rill sin se nogelaaf (goodyear dre....) wou meng frendin och gefroot huet op daat normal wir, an daat ass et secher net,well jo sportspneu ass net sou op kompfort ausgeluescht meschung asw, awer honnsgeweinlech pneuen dei sportlech solln sin, pf ? hun jo baal all daag clients dei soen daat wiir net normal.... aner maark an faerdeg 8)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 30/03/2010 17:39:08

@serge
Téit wrote:@Serge

Vläicht as dat heiten jo eppes fir dech (géint Marderschued um Auto). Kennen een deen huet dat op sengem Forester montéiert, an hat kee Marderschued zënter dem (an dobäi wunnt en vis-à-vis vun engem Bauerenhaff an as Jeër)

http://www.mardersicher.de/index.htm
du kanns dir och sou een steen weis de ant toilette hängs irgendwou an den motorraum leen dann kennt och keen mei!dann heiert een et weinstens net piepsen permanennt....

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 05/06/2010 17:14:33

Hun den RS-2 lo mol mei ausgiebeg getest (2x Road-Tour Steck ooffueren mist duer goen :twisted: )

Also ech sin bis elo richteg begeeschtert vun dem Pneu.

Hei nach Detailer:
Size: 225/45/17 92XL
Felge: original STI
Drock: +/- 2,0 - 2,3 am kaalen, war un sech ok.
Stuerz: f -1,3?, h:?

Am drechenen wei am naassen fiert en sech richteg gudd, an virun allem mecht en keng onerwaarten Saachen. Wann en kennt, dann kennegt en sech un, sou dass een virbereedt as. Traktioun beim Beschleunegen an Bremsen ass och am Naassen ganz gudd. Zu Aquaplaning kann ech keng Aussoen machen.

Den Pneu as och steif (leeft net zevill um Rand oof) an bleiwt glaichzaiteg nach komfortabel an flexibel.

Eenzeg den Verschleiss as lo schons gudd erkennbar. En notzt schein glachmeisseg oof, waat positiv as. Mee wann en bei mär eng Saison hält, dann huet en sain Dengscht gemeet :wink:

Fir den Prais as deen Pneu wierklech absolut top an empfehlenswert :!: :wink:
Form follows function

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 06/06/2010 23:29:30

Kane STi wrote:
Fir den Prais as deen Pneu wierklech absolut top an empfehlenswert :!: :wink:
jo wirklech top pneu!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 07/06/2010 11:35:33

Idem waat deen Pneu um GT ubelaangt ! Kann ech weiderempfehlen !!
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply