Sou, an nom klenge Rapport zum RS-2 Pneu, och e klengen Rapport zu den Bremsen
Am Fong hun ech vun Spa nëmmen guddes ze verzielen, well och d'Bremsanlag ass einfach nëmmen
TOP !
D'K-Sport "Sport" Beläg waren och absolut gudd, am Alldag perfekt, bremsen eiskaal schon wesentlech besser wei dei original GT Bremsanlag, an um Circuit waren se einfach verlässlech.
Mat der Serienanlag war no engem Stint vun 3-4 schnellen Ronnen d'lescht Joër jo bekanntlech dest d'Resultat :
Daat ass an an viir sech alles aanescht wei witzeg, zum Glëck hun ech genau mat Zeiten opgehaal, well gemierkt hun ech daat um Rëckwee, an gesinn (mat Schreck) doheem !!
Mat der K-Sport war en Stint vun ca. 8-10 schnell Ronnen am Stëck guer keen Thema !!! Huet ëmmer an iwerall absolutt verlässleg gebremst, munchel ganz selten hun ech och den ABS gespuert, awer wierklech minim. Nie haat ech d'Gefill, ech keint weinst den Bremsen e Problem kreien oder hun. An am Verglach zu munch aaneren hun ech eigentlech nach speit gebremst, dobei haat ech ëmmer d'Gefill aus Sëcherheet geif ech ëmmer vill ze freih bremsen !
Also och hei, kann ech just weiderempfehlen !!
Hei nach e puer Photo'en vun der Bremsanlag :
Viir :
Hannen :
