Page 1 of 1

Bremsanlag kreckelt beim bremsen

Posted: 07/09/2010 19:31:06
by MikeW-78
Also, hun seit 1 Mount oder sou festgestallt, dass wann ech bremsen, also net direkt dei eischte Keier mee reicht no mei often bremsen, an engem Bierg of z.b, oder am stand bei 3 bis 4 mol pompelen dann maachen alle 4 bremsen een geraich wei wanns du gengs eng becks platt treppelen, an emmer mei haart!!
Lo war ech beim Garage Kremer, dei hun mir alles vuneneen geholl an gebotzt, nei geschmiert, entlefft an alles kontrolleiert, et ass nach emmer do an geet net ewech!! Sie wessen hieren Hänn keen Rot mei!! Sie soten awer zu mir dass een beim geraich suguer un der bremsleitung geng miirken dass se sech beweegt, also d geraich geng een och spiiren!!??

Ech hun keng Ahnung, well lo mol dei Stohlflex do drop maachen , vlait ass et dann gud?!

Kann et sin dass dei Leitungen bei oftem pompelen no gin an dann kreckelen beim bremsen an rem beim lass lossen? Den auto bremst nach wie vor tiptop, do mirkt en guer naicht!!!

Wees lo och net mei weider!?

Posted: 19/09/2010 19:27:48
by MikeW-78
Den Problem ass geleist, merci fir aer Hellef :D

Posted: 20/09/2010 9:56:54
by SteveP-78
Wat war dann den Problem?

Posted: 20/09/2010 14:57:05
by ChristianS-80
S.T.I wrote:Den Problem ass geleist, merci fir aer Hellef :D

:lol:

Posted: 20/09/2010 17:09:38
by Jean-PierreR-71
Jo geif mech nawell och interesseieren, wei d'Leisung ass, just fiir den Fall ;-)

Posted: 22/09/2010 5:59:53
by ChristianS-80
Hues de d'Stohlflex dann lo drop dass et keen Kaméidi méi mecht ?

Posted: 23/09/2010 15:06:07
by MikeW-78
Huet vum selwen opgehaal.

Posted: 23/09/2010 15:12:59
by Jean-PierreR-71
:?: :!: :shock: :roll:

Hmm ... do wier ech awer nët roueg ier ech weisst wou ët hierkoum ...