Page 1 of 1

Bremsplaquetten

Posted: 01/07/2012 18:03:28
by LucR-92
Salut alleguerten,

Ech hun mer jo WRX Felgen kaaf fir op den GT an ech well dei Felgen sou propper wei meiglech haalen.

Hun elo awer Plaquetten drop vun Subaru original ... dei maachen een gehierlosen Bremsstepps ... as eng Sauerei fir dauernd dei Felgen oof ze maachen ...

Huet een vun iech Erfahrungen mat verschidden Bremsplaquetten, watfireng am mannsten Bremsstepps machen?

Wier wierklech cool :)

Merci bis dann

Posted: 02/07/2012 12:23:07
by BenD-86
Luc all Bremsplaketten maan Bremssteps!! mei wei botzen geet net... dach net mei bremsen dann ensteet och keen bremssteps 8) :D

Posted: 03/07/2012 14:09:17
by LucR-92
Jo gudd mais hun gemierkt dass dei heiten wierklech zevill machen ... mol kucken, warden bis ech nei Bremsen brauch dann kaafen ech mer flait alles vun EBC :) entweder ... oder ;)

Posted: 03/07/2012 22:20:17
by SteveP-78
Zalli,

also am beschten alles gutt déck mat Kofferfett aschmieren, da stëpst 'sou bal näischt méi (a bei Bedarf einfach wiederhuelen) :mrgreen:

Mais opgepasst datt kee Kofferfett op d'Felge kënnt, well dat kritt een echt schlecht nees ewesch :wink:

Posted: 05/07/2012 8:35:53
by LucR-92
Hm ok dann muss ech daat emol eng Kéier nokucken ... soen der merci ;)

Posted: 05/07/2012 9:09:44
by SteveP-78
Luc, du weest jo awer schon datt ech just de Geck gemaach hun, oder?
(Kofferfett an Bremsanlag as nämlëch eng schlecht Combo) :shock:

Posted: 10/07/2012 20:06:04
by MichaelH-78
BenD-86 wrote:Luc all Bremsplaketten maan Bremssteps!! mei wei botzen geet net... dach net mei bremsen dann ensteet och keen bremssteps 8) :D
:lol: Die war gud :lol:

Posted: 10/07/2012 20:08:49
by MichaelH-78
SteveP-78 wrote:Luc, du weest jo awer schon datt ech just de Geck gemaach hun, oder?
(Kofferfett an Bremsanlag as nämlëch eng schlecht Combo) :shock:
:lol: Pfffhhhhaahahahaha, die as och gud :lol: