Vun Kyoto-Cent, Tanktourismus an Autosteier...

General discusions about legal questions with the government administrations regarding your car (public) Discussions générales sur les questions légales avec les administrations de l'état concernant votre voiture (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Vun Kyoto-Cent, Tanktourismus an Autosteier...

Post by Jean-PierreR-71 » 31/01/2008 20:57:24

Opdeelung vun der CO2 Produktioun (source RTL) :
  • 40.4% Transport non-rédients
    14.2% Transport résidents
    29.3% Industrie
    10.5% Stéit an Handel
    Bleiwen 5.6% dei nët detailleiert goufen
Den Transport deelt sech deemno esou op :
  • 74% non-résident
    26% résident
Am Transport ass alles mat agerechent, d.h. lëtzbuerger Individualverkeier awer och :
  • - Camion'en
    - Baumaschinen
    - Landwirtschaftmaschinen
    - öffentlechen Verkeier
    - asw.
Jährlech Recetten duerch Accisen, Kyoto-Cent an Autosteier (Source Här Lux) :
  • 1.4 Milliarden Euro un Accisen
    60 Milliounen Euro aus dem Kyoto-Cent
    28 Milliounen Euro aus der Auto-Steier
----

Dest sinn ganz interessant Zuelen, mat deenen sech z.B. gudd rechnen leist, ëm weivill den Benzin wierklech mist gehuewen ginn, fiir d'Steieren ze kompenseieren ! Hei d'Rechnung :

Den Kyoto-Cent ass (seit 1.1.2008) 2 cent um Liter Benzin, an 2.5 cent um Liter Diesel. Lossen mer hei frëndlecherweis vun engem Mix ausgoen, deen zu 50% aus Benzin an 50% aus Diesel besteht, daat wier en duerchschnëttlechen Kyoto-Cent vun 2.25 cent pro Liter. Mier wëssen awer, dass mei Diesel wei Benzin verkaaf gët, aleng weinst den Camion'en...

Bei engem Kyoto-Cent vun 2.25 cent de Liter gët daat un Sprit deen pro Joër verkaaf gët :
  • 60'000'000€ / 0.0225€ = 2'666'666'666 Liter
D'Autosteier bedreit 28 Milliounen Euro pro Joër, opgedeelt op den verkaafenen Sprit wier daat eng Erheigung pro Liter vun :
  • 28'000'000€ / 2'666'666'666 Liter = 0.0105€ / Liter
Fazit :

An Kloertext huet den Här Juncker um RTL gudd gelunn, wou hien behaapt huet, dass wann d'Steier iwert eng Spriterheigung geif agedriwen ginn, geif den Preis vum Sprit mei deier gin wei bei den Nooperen, an mir Lëtzbuerger geifen dann bei eis Nooperen tanken goen, ech ziteieren "Lëtzebuerger sinn keng Benzinspatrioten !".

Den Sprit geif awer nët mei deier wei bei den Nooperen,
knapp 1.05 cent pro Liter gin duer fiir dass mer zu Lëtzbuerg GUER KENG Autosteier mei missten bezuelen !! Wann een also dei aal Steier do nach geif erausrechnen, weivill wier ët dann nach ??

Dest ass ganz kloer mat der Lëtzbuerger Bevölkerung den Geck gemach, eis all fiir domm verkaaf...

Loost iech dest mol duerch den Kapp goen, dann stellt iech nachemol d'Fro, wourëms ët hei bei der Steier geet ?


(des Informatioun gët och nach an mang Analyse integreiert :twisted:)

Source vun den Informatiounen fiir desen Beitrag kommen vun RTL, resp. dem Här Lux an Persoun wärend der Sendung Impuls vum 23/01/2008 : RTL Video-Archiv
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

ramon

Post by ramon » 04/02/2008 11:56:54

Salut J.P., ech fannen et luewenswert daats du der all dei Meih mess fier dei analysen ze erstellen, mee pass opp daat de nett zevill Wellen schleist, nett daat mer engkeier eng Annonce am Wort liesen daats du an engem „trageschen accident em d’Liewen komm bass“ well dozou ass eisen Staat bestemmt och nach faehech!! :shock:

Post Reply