Auto am Wanter oofmellen

General discusions about legal questions with the government administrations regarding your car (public) Discussions générales sur les questions légales avec les administrations de l'état concernant votre voiture (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Auto am Wanter oofmellen

Post by Jean-PierreR-71 » 02/09/2009 14:59:02

Eng Fro hätt ech an sech schon, wei sech deen neien Reglement Grand Ducal op d'Oofmellen vun den Auto'en auswierkt...

Muss een do elo wierklech seng Gro Kaart aschecken, an den Auto also richteg beim Ministère des Transports "hors circulation" setzen, fiir d'Steieren am Wanter nët brauchen ze bezuelen ? Oder kann een wei gehabt just en Courrier un d'Douane machen, an soen, dass een den Auto am moment nët wärt fueren, an ët geif een dann nees iwerweisen, wann een den Auto nees an Betried hëllt ?

Daat war nämlech bis elo ëmmer zimmlech einfach an huet tip top esou geklappt.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 02/09/2009 15:23:57

Mol eng Frô firaus !

Du sees du hues dann rem bezuelt wanns du den Auto rem wolls an Betrieb huelen. Erklär mir wis du daat gemeet hues. Laut méngem Wessen bezills de déng Steieren wanns de eng "Rechnung" vun der Douane kriss. An déi kriss de just nodeems de zu Sandweiler passéiert bass. Ech perséinlech hun nach nie eng Demande op der Douane gemeet fir eng Rechnung ze kréien fir méng Steieren ze bezuelen ! Oder wéi muss ech daat verstoen ?

Am beschten du ges e Beispill mat Datumer, fun wéini bis wéini Kontrollziedel gülteg ass, fun wéini bis wéini d'Assurance leeft, idem fir d'Vignette. Wéini dass du en ofmellen, respektiv spéider rem umelle wels. Dann kann ech mir besser eppes drener firstellen !

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 04/09/2009 7:58:10

Bon Jemp, ech hun mech de mueren schlau gemaach !

Ech hun den 2t décksten fum Service fun der Autossteier gefroot, um Centre (net een aus der Direktioun), an deen huet mir folgendes gesoot :

Laut Code de la Route muss den Auto temporär ofgemellt gin (Dokument "mis hors circulation temporaire" an grô Kaart zu Sandweiler aschécken) soubaal een 5 Deeg nit mam Auto fiert. Hällt sech natierlech keen drun, mee bon, sou steet et awer geschriwen.

Et ass lo esou. Ab dem 1te Januar, wann een séng Vignette op d'Douane aschéckt fir Suen erem ze kréien, MUSS en firdrun den Auto temporär ofmellen. Daat heecht Dokument ausfellen an grô Kaart ofgin, dann Vignette aschécken (do Kontosnummer dropschreiwen an den Datum fun der Ofmeldung, deen dir och um Dokument dropgeschriwen hutt). Dann kritt dir de Recht Suen erem,get neierdings op den Daag zréckbezuelt, nimmi op de Mount. Dann wanns de däin Auto rem umelle wels, dann gees de déng grô Kaart rem op Sandweiler sichen, mells en rem un ouni brauchen duerch d'Kontroll ze fueren (falls däin Kontrollziedel nach gudd ass) an dann kriss de (unhand fun der Rem-umeldung) rem eng Rechnung geschéckt fir di nei Vignette.



Wann ech fun Dokument schwätzen dann méngen ech desen hei. Deen 7ten fun uewen erof !

http://www.snct.lu/content/view/198/84/lang,fr/

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/09/2009 10:09:01

Genau esou haat ech mer daat viirgestallt, haptsaach vill mei komplizeiert wei ët soss war, merci un dem Jean-Claude seng "simplification administrative".

Niewt mei Papeirkrig, engem Ministère mei deen involveiert ass, muss een dann och nach 1x d'Joër op Sandweiler seng gro Kaart sichen fueren.

Alt erem eng gudd, bravo un dei, dei daat vun sech gin hun !

An d'Douanier'en kreien ët alt nees ze heieren, eng weider Zopp dei se an deem Service mussen ausleffelen... ech verstinn ëmmer mei, weisou do keen mei op den Telefon goen wëllt :?

Awer elo eng weider Fro :

Wei ass ët wann ech neischt mei zerëckzekreien hun, an ech d'Vignette einfach auslaafen loossen (sou hun ech ët ëmmer gemach), an dann ereicht bezuelen, wann ech nees fueren wëll ??

Dann wärt meng Iwerweisung einfach retroaktiv gebucht ginn, an ech bezuelen am Nachhinein dei ganz Zeit wou ech "geduecht" haat den Auto oofgemellt ze hun ?!
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/09/2009 10:21:15

Hun mer grad den Formulaire ugekuckt, gët jo nach besser :
Prière de joindre le(s) document(s)
d'immatriculation (Partie 1 et/ou Partie 2)
du véhicule et de transmettre la présente
déclaration par envoi recommandé à la
SOCIÉTÉ NATIONALE DE
CONTRÔLE TECHNIQUE
B.P. 23
L-5201 SANDWEILER
Ët muss een deen Wësch och nach per Recommandé ranschëcken :!: :!: :!: An op een dann elo beid "gro Kaarten" (also dei gro an dei giel) muss ranschëcken, ass nët mol kloer :roll:

Also nach mei Käschten, plus 1x op d'Post laafen...

Hun elo mol meng gro Kaart gekuckt, do steet folgendes drop (deier neier eng) :

Ët muss een daat Dokument per Recommandé speitstens 5 Deeg no dem Datum wou een nët mei domat fueren wëll aschëcken, oder op enger Kontroll-Statioun geint en ënnerschriwwenen Accusé de récpetion oofginn, an zwar beid "gro" Kaarten, also och die giel !

Domat ass mein Titre de propriété fort, also hun ech keen Beweis, dass deen Auto mier nach geheiert !

Dann kann ech jo en op Esch droen, awer kann ech en dann do nees sichen goen ? Oder muss ech (Dabo) dann op Sandweiler rennen, matten am Berufsverkeier ? Souvill zum Thema CO2 aspueren :evil:

Ech haat also dei "gudd Nooriicht" schon richteg verstaan, Chikan sou dass d'Leit brav hieren Auto 12 Meint ugemellt loossen, an den Staat brav seng nei deier CO2 Steier kann kasseieren :evil:

An keen reageiert drop, keen RTL, keng Zeitung, keen ACL ... wou sinn dann hei richteg Reporter ??
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 04/09/2009 14:56:30

Yank555 wrote:Genau esou haat ech mer daat viirgestallt, haptsaach vill mei komplizeiert wei ët soss war, merci un dem Jean-Claude seng "simplification administrative".

Niewt mei Papeirkrig, engem Ministère mei deen involveiert ass, muss een dann och nach 1x d'Joër op Sandweiler seng gro Kaart sichen fueren.

Alt erem eng gudd, bravo un dei, dei daat vun sech gin hun !

An d'Douanier'en kreien ët alt nees ze heieren, eng weider Zopp dei se an deem Service mussen ausleffelen... ech verstinn ëmmer mei, weisou do keen mei op den Telefon goen wëllt :?

Awer elo eng weider Fro :

Wei ass ët wann ech neischt mei zerëckzekreien hun, an ech d'Vignette einfach auslaafen loossen (sou hun ech ët ëmmer gemach), an dann ereicht bezuelen, wann ech nees fueren wëll ??

Dann wärt meng Iwerweisung einfach retroaktiv gebucht ginn, an ech bezuelen am Nachhinein dei ganz Zeit wou ech "geduecht" haat den Auto oofgemellt ze hun ?!



Also iert ech dir lo op desen Bäitrag äntweren wel ech mol direkt firaus soen dass, waat déng Froen an déngem leschten Bäitrag ugin (vuweegen di gro an/oder di giel mat aschécken, bzw. zu Esch ofgin ops de se dann och kanns/muss op Sandweiler siche goen), daat sin Froen wous de besser hues Sandweiler selwer ze froen.

Dann zu desem hei.

Also, wanns du näicht mi zréckzekréien hues, dann heecht daat jo dass déng Vignette ofgelaaf ass, also kriss du folglech eng nei Rechnung geschéckt.
Anere Fall, wanns du se (Vignette) auslaafe léiss, daat heecht nimmi mam Auto fuere wels an och op di puer Kröten "schäiss" dis de nach zegudd häss, dann kriss de jo awer rem eng nei Rechnung soubaal déng laafend Vignette ofgelaaf ass. Ausser du deels der Douane mat dass däin Auto ofgemellt ass. An daat gesin si um Computer, awer just wanns du déng gro Kaart an di demande de mise hors circulation zu Sandweiler ageschéckt hues.

Eng Vignette bezuelen(fir rem kenen mam Auto ze fueren wis du sees) kanns du jo just wanns du eng Rechnung kriss.

Du kriss an 2 Fäll eng Rechnung :

1. Kuerz iert déng laafend Vignette ofleeft kriss du eng fir di nächst Vignette
2. Nodeems du zu Sandweiler passéiert bass fir däin Auto rem unzemellen (mee dofir muss du den Auto firdrun eng kéier ofgemellt hun andeems du gro Kaart an dem. mise hors circ. temp. ageschéckt hues)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/09/2009 17:54:28

Kloer dei Saach mat der gro'er Kaart muss ech mat Sandweiler/Ministère des Tranports checken (war am Fong just eng allgemeng Aussoh, nët direkt eng Fro :-)).
Ausser du deels der Douane mat dass däin Auto ofgemellt ass. An daat gesin si um Computer, awer just wanns du déng gro Kaart an di demande de mise hors circulation zu Sandweiler ageschéckt hues.
Hmm, also daat war an den leschten 3 Joër mol nët esou, well ech meng Auto'en ëmmer just per Courrier un d'Douane oofgemellt hun, an beim Ministère neischt ënnerholl hun (weder Courrier, nach gro Kaart agescheckt) .. ?! Ass daat also nei ? An ab wann gülteg ?
Eng Vignette bezuelen(fir rem kenen mam Auto ze fueren wis du sees) kanns du jo just wanns du eng Rechnung kriss.

Du kriss an 2 Fäll eng Rechnung :

1. Kuerz iert déng laafend Vignette ofleeft kriss du eng fir di nächst Vignette
2. Nodeems du zu Sandweiler passéiert bass fir däin Auto rem unzemellen (mee dofir muss du den Auto firdrun eng kéier ofgemellt hun andeems du gro Kaart an dem. mise hors circ. temp. ageschéckt hues)
Daat 1. Joër haat ech ugeruff (do huet daat mam Telefon nach geklappt) fiir bescheed ze soen, dass ech ab engem bestëmmten Datum nees weilt fueren, an kruut dun op deen Datum eng Rechnung gescheckt, dei ech dun iwerwisen hun.

Daat Joër drop, wou dun iwer Telefon keen mei ze ereeschen war, hun ech einfach, wou ech nees wollt mam Auto fueren, en Virement gemach, wou an der Communicatioun d'Plaque an de Datum stung ab weinie ech wollt fueren.

Daat huet och ëmmer super geklappt an den leschten 2 Joër.

Villeicht war daat nët den richtegen Wee ... ? An kruut do eischter eng Gefällegkeet gemach (kennen do awer keen am Service, nët dass ech weist op allefall) ?

---

Allerdings hin oder hier, eis Politik huet sech an deser Saach jo nees mächteg ugestrengt fiir dei Saach ze "vereinfachen" :roll: :? Keint een jo echt mengen, eis Politiker geifen denken mer hätten soss neischt ze (besseres) din wei aus Dommheet hin an hier ze rennen...

Wann se einfach geifen d'Saachen bei deem beloossen waat se sinn, weist een weinstens wou en drun wier an waat ze machen wier. An freier war nët wierklech alles mei schlecht :lol: Ech mengen ech gin wierklech sou lues aal fiir esou eppes ze schreiwen :oops: ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/09/2009 16:11:43

Hun nach eppes rëmfonnt zu desem Thema, nämlech den Communiqué um RTL.lu wou se vun deem neien Réglement Grand-Ducal schwätzen...

http://news.rtl.lu/news/national/32639. ... l=1#c27535
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 14/09/2009 19:22:59

Sou, lo hun mer ët schrëfltech, d'administrativ "Vereinfachung" huet voll zougeschloen...

Den offizielle Artikel um RTL.Lu : http://news.rtl.lu/news/national/41771.html

An en Lieserbreif zum Thema (nach een) : http://news.rtl.lu/commentaire/lieserbreiwer/41375.html

PS: Ech bedaueren d'Douanier'en, dei wärten elo nees ellen bludden mussen, fiir een Sch*iss fiir deen se nët kënnen :?

An mier sinn geploot hin an hier ze rennen. Bon, ech kann jo mat Glëck soen, dass ech 500m vun der Escher Kontrollstatioun schaffen, daat geet jo dann nach, awer haaptsaach komplizeiert :roll:
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 09/10/2009 11:34:20

Ëmmerhin eng gudd Nooriicht an deser Saach :

Ët muss een seng Gro Kaart awer nët mei selver sichen goen, dei kann een och heemgescheckt kreien, seet den RTL...

Source : Video-Archive "Douane wëll duerchgräifen 05/10/2009"

NB: D'Info ass ganz um Schluss !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 09/10/2009 18:19:25

dei sin awer leif...

ramon

Post by ramon » 05/11/2009 13:14:49

foren mech nemmen op deijeenech, dei hiiren Auto an der "nei Autosteier ass do mee eis Informatik-system ass nach nett ugepasst" Phase dann och noom neien verrechnungprinzip rembourseiert gi sinn?

Wann nett da misst een elo jo nach zousaetlzech $$$ kreien, well en STI woor deemools jo bestemmt och bei ca.80 euro ann ass do opp +- 300-350 euro eroppgaangen. Wann dann eloo een sain STI, Evo ooder aaner "Dreckschlaider" z.b. Mett 2007 oofgemellt/verkaaf huet huet enn vlaicht nach 40 euro eremkritt obwuel ett der haetten 200 solle sinn??

Kann een daat bestaetegen well ech mengen ganz daat d'Remboursementer waerend 2007 noo der aaler Steier rembourseiert gi sinn vu que daat hier Informatik nach nett pret wuer?

Ramon

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 27/09/2010 12:12:47

Sou, dest Joër dann mol eescht (d'Lescht Joër haat ech jo mein Auto getëckt, dun en neien Auspuff, dun nei geTeK't... sou dass oofmellen keen Sënn mei haat).

Ech war elo just zu "Eschweiler", also zu Esch/Uelzecht an der Kontrollstatioun, fiir mein STi oofzemellen.

Am Viirfeld haat ech mer den neidegen Formulaire (hei ze fannen) ausgefëllt, rausgedrëckt an ënnerschriwen.

Am Guichet hun ech dun och dei "giel" Gro-Kaart oofginn. Dei gët visiblement, entgeint deem waat gesoot gouf, nët déposeiert (woufir och ?!), mä zersteiert, well den guddem Mann am Guichet huet se gudd gediebelt an en Stempel matzen dran dropgedrëckt.

Top, all Joër eng nei Gro-Kaart ze machen, daat soll jo mei einfach sinn an Geld spueren ??

Dun wollt ech wëssen, wei een den Auto dann nees umellt, well am Radio/Tele haaten se deemols gesoot, en Uruff zu Sandweiler geif duergoen.

GUER NEISCHT, NADA, NIENTE, NIX ! Alles Blödsinn, just no 1 Joër (siehe hei) huet daat jo souweisou jiddereen vergiess...

Brav nees an d'Controll-Statioun watchelen, en Formulaire de transaction (hei ze fannen) ausfëllen, ausdrëcken an ënnerschreiwen an am Guichet oofgin. Daat soll awer neischt kaschten (Merci, deen Quatsch gët jo schon mat eisen Steiergelder finanzeiert, geif nach fehlen, dass een nach eppes zousätzlech misst dropleen ?!).

Warscheinlech kriit een dann beim nees Umellen eng provisoresch "greng" Gro-Kaart an provisoresch Vignette mat (logescherweis misst een dann awer och dei aal "gro" Gor-Kaart oofginn, soss huet een jo dono eng Sammlung doheem), sou dass een awer dann och direkt mam Auto fueren kann, daat wier alt schon ëmmer daat !

An dann kriss de (warscheinlech, sou präzis war den Här am Guichet nët) eng nei Giel an Gro Kaart vun Sandweiler aus heemgeschëckt.

Zousätzlech misst dann och vun der Douane eng Rechnung fiir d'Vignette erangefligert kommen. Dei iwerweist een dann brav, an dann kritt een och endlech dei ersehnten Vignette, ëm dei ët bei der ganzer Saach eigentlech just gangen ass, heem geschëckt. Uff !

An natierlech sollt een sech ëmmer en "Accusé de réception" froen (= an eng Kopie vun der gestempelter Oofmellung). Dovuner machen ech mer dann nach eng Kopie an leen dei mol mat an den Courrier wann ech d'Vignette op d'Douane aschëcken, kann jo nët schueden, dann gesinn se weinstens, dass een den Auto och brav oofgemellt huet, falls dei Kommunikatioun tëscht den Verwaltungen ieren nët sou richteg klappen sollt.

:arrow: Wann ech bedenken, dass een soss just d'Vignette un d'Douane geschëckt huet ?!

:arrow: Top, daat war jo dann nees eng genial "simplifacation administrative", wei den Här Premier am Radio/Tele gesoot haat ! Merci Här Juncker, ech hun daat do leider awer nët esou verstaan, leid wuel un mier !

:arrow: Ët ass einfach den Wahn wei den Lëtzbuerger viir blöd verkaaf gët, an en mierkt ët mol nët ?! :roll: Nuje, Dommheet soll jo bekanntlech bestrooft ginn, also geschitt ët eis jo wuel am Fong Recht...


PS: Mat all den Faarven dei neierdings dei Gro-Kaart huet ass een och besser nët Faarvenblann ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 27/09/2010 14:17:16

dat heescht mein bleiwt awer ugemellt... eieieieieieie... !!!!!!! ech hun neemlech op dat ganzt do kleen bock... ass just schued weis de sees jemp dat d leit fir domm verkaaf gin....!!!!!!!!!!!! 8) 8) 8)

:D :D :D

ech soen einfach just : dei m*****f*****!!!!!!!!!!!!!!!!! :twisted: :twisted: :twisted: :twisted: :twisted: :twisted:

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 27/09/2010 14:26:48

Maach et wéi ech: MEll däin Auto op der Assurance of, an da bas de fäerdeg. Du verléiers zwar iwwer 200 € a punkto Steier-remboursement, mais dofir spuerst du deng Nerven.

Ausserdem kannst du spontan décidéieren den Auto nees op der Stroos ze fueren, a musst nët waarden bis datts du oder "Sandweiler" oder d'Douane Zäit (resp Loscht) huest fir d'Pobeieren nees an d'Rei ze bréngen.

Gin der allerdings Recht datt daat heiten eng immens "simplification administrative" fir de Biirger duerstellt (sin allerdings och iwwerzeecht datt den Guichi-Michi zu Sandweiler genausou begeeschtert dovun ass fir d'Gemeckers vun de Leit och nach heiwéinst mussen ze erdroën).

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 27/09/2010 16:34:34

Am Fong ass ët zwar nët sou dramatesch vum "Gerenns" hier (ech hun jo Eschweiler direkt bei der Schaff), den Formulaire haat ech schon d'lescht Joër prepareiert, also hun ech just den Datum geännert, an daat kann een jo dann all Joër weiderhin esou machen ;-)

Awer ech ginn der absolut Recht, daat hei ass deier "Loose - Loose" Situatiounen eng, jiddereen huet mei Aarbescht dermat.

Dohier d'Fro, weisou daat ganzt ??

An hei ass d'Äntwert

Krass ass awer, daß se sou genau daat ereeschen, waat se wollten, se hun grad souvill Aarbescht am ganzen wei viirdrun, just se kreien mei Steieren derbei eran ;-)

Am mannsten missten definitiv d'Leit beim Ministère du transport frouh sinn, dei waren bis dohin mam Steierproblem verschount. Elo kreien Sie deen Deel ze heieren, dei se op der Douane nët mei kreien :?

Awer eng Verarsche ass daat definitiv, well mei Steiersuen alt nees zur Fënster eweggeheit ginn, an dann sollen mer awer ab dem nächsten Joër nach mei gestrëppt ginn :evil: Wei wier ët mol mat richteger "simplification administrative" dei mat manner Opwand daat selvescht ereescht, souwuel beim Bierger wei och beim Beamten ??

Saison-Plaquetten wei an Deitschland an desem Fall als Beispill ?

Oder eng dëck Remise op den Steieren, wann een manner wei z.B. 5'000km am Joër fiert an den Auto d'ganzt Joër ugemellt leist ? Den Kilometerstand kënnen se jo och zu Sandweiler der Douane matdeelen... etc. etc. etc.

Bei der Assurance machen ech data elo genau esou, do sinn ech mat hinnen eenz gin, keen un- an oofgemells mei (spuert Papeierkreig bei mir an bei hinnen), awer ech bezuelen nët mei wei viirdrun wou d'Auto'en ca. 7/12 Meint ugemellt waren. Ech hun keng Aarbescht mei, Sie och nët ! Also geet ët dach, an daat ass en profit-orienteiert Privatunternehmen !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 27/09/2010 21:44:27

Bei mir ass et d'selwecht, ech mellen den Auto just bei der Assurance oof. Natierlech géing ech léiwer och méng Vignette zréckschécken fir nach e gudde Batz Suen remzekréien, mee daat Gedeessems mat Sandweiler kann ech net hun. Dann verzichten ech op d'Geld.

Ech wel hei nach eng kéier profitéieren iech folgendes matzedeelen :
Wann een fun iech e Problem oder eng Frô huet betreffend sénger Vignette, eng Rechnung geschéckt kritt mat där en näicht ufänke kann, asw...... dann kann en mir roueg uruffen. Et huet kee Wäert op d'Autosteier unzeruffen, bis een do duerch kent ass en halwen Daag vergaang, respektiv wann een dann een un d'Strepp kritt dann ass deen nach fläicht schéin granzeg ! Einfach mir uruffen, ech regelen daat.

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 27/09/2010 21:48:45

jayjay wrote:Einfach mir uruffen, ech regelen daat.
du bass een kolleeg!!! :D :D :D

ramon

Post by ramon » 27/09/2010 22:42:48

ech liesen hei e puer mool 'daat gedeesems spueren ech mer, da verzichten ech opp dei xxx euro'.
Ma genau daat ass ett jo, daat ass alles esou komplizeiert gemaat well do zevill Suen verluer ginn. Obwuel den HAer Lux jo demools gesoot huet fier den greissten Deel vun den Automobilisten gett d'Tax mei belleg, waat natiirlech eng Liggen wuer. An deemols wou d'Tax fier en 50 ps Renault Twingo baal genau esou vill kascht huet wei fier en 200 ps Impreza GT wueren d'Remboursementer jo souwisou kleng d'Zommen.

wann ech, deen baal 500 Euro pro Joer fier en getekkten Evo bezillt, all Wanter geif oofmellen, da geif daat eng deier ginn fier den Statt also waat maachen? Genau dei demarche administrative gett esou kompliziert gemeet daat keen Mensch Loscht huet duerch deen ganzen Papeierkroom ze goen.

Daat ass Verarschung creme de la creme, leider sinn d'Letzebuerger ze domm irgendeppes ze ennerhuelen.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 13/05/2011 9:04:10

Sou, en weideren Schratt an desem Dossier, den STi ass seit 1/2 Stonn endlech nees ugemellt.

:arrow: 1. gidd moies um 7:30 op Eschweiler, dann sidd der an 20 Minuten duerch, soss dauert ët ca. 2-3 Stonnen !!

Froen mech just waat se do opfeieren, am Guichet 1 kritt een seng Nummer, awer do kritt een och verschidden Dokumenter gemach. Fazit, souguer den Metzler ëm den Eck huet sou en Rouleaux mat Nummeren, an do geet ët mei seier.

Den leschten Freiden haat ech mein 1. Versuch gestart, no 20 Minuten, als 5. an der Reih, soot mer den 4. an der Reih "Sou elo ass ët genau 1 Stonn, dass deen am Guichet 1 steet !?". Du hun ech mech ëmgedreint an dem 6. an der Reih gesoot "Sou lo machen ech mol eppes, dass ët hei bessen viirungeet, ech ginn heem !". An se stungen duerch den Gang bis baussen um Parking, ca. 20 Stëck hannert mer !! An dei aaner 3 an den Guichet 2-4 hun nët ganz vill ëmgerappt ! Bei eis am Betrieb geif ët do geheierlech rabbelen !!! (An daat bei deier Pai ! Sorry !)

Zu den administrativen Fakten :

- Fëllt ären Document de transaction am Viiraus aus (hei ze fannen), soss gidd am Guichet ëmgedreint an därft ausfëllen an iech nees hannen ustellen, sou goung ët deem viirun mer !

- Ech kruut en nei "giel" gro Kaart, dei huet elo awer eng aaner Nummer (ënnert dem Barcode) wei dei aal "gro" gro Kaart. Geprint gouf beides, dei Gro gouf awer zersteiert (hätten se nët besser meng aal gro gefroot, dei zersteiert an mer 2 neier ginn ?!

- Ech kruut och eng provisoresch Vignette (geseit elo bessen aanescht aus)

Daat war ët dann awer och, huet neischt kascht (e Kolleg haat mer vun 50€ eppes gesoot...).

Report finished !

Fazit, fiir 300€ / Joër wärt ech dest weiderhin machen, fiir knapp eppes mei wei 1 Stonn Arbescht ët jo awer gudd bezuelt !

Ech wees jo elo weinie een dohin goen soll, an weieng Formulairen ech brauch, hun mer dei elektronesch ausgefëllten Versioun gehaal.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply