Kane STi wrote:Main Papp as z.B. genau an deem Fall. Hien muss iwert 500€ bezuelen, well hien eng 4.2l Chevrolet TrailBlazer huet, mee hien fiert awer mol keng 10.000km mei am Joer. Eischter vill manner.
Ech selwer fueren och emmer manner mat mengem Subi, an muss awer 435€ bezuelen.
Et ass keen Wonner, dass all Mensch vun Ofzock an Beklau schwätzt, well et as am Endeffekt eng onfair, onkorrekt an an mengen Aaen eng onrechtlech Art an Weis fir engem Suen aus der Täsch ze zeihen.
An entweder ech kennen zoufälleg vill Leit deenen ët sou geet, oder den Här Lux geneiert sech nët an den Medien Quatsch ze zielen, wann en behaapt, fiir dei meescht geif sech (baal) neischt änneren
Kane STi wrote:An weis du sees, as et net deen, deen den Dreck mecht, deen effektiv virun d´Kees gebueden get.
Well sou wei et lo gemeet get, huet een d´Gefill, wei wann alleng schon den Besetz vun engem "decken" Auto "strofbar" wier.
Genau, esou laang wei een nët oder nët vill domat fiert, mecht een neischt schlëmmes, och wann een deen Androck kritt, just gudd engem en schlecht Gëwessen anzerieden
Domat fiert den Här Lux mat engem iwer 60'000€ deieren Lexus hybrid, deen mei Drëck verschleidert wei mein Opel (186g kontra 157g), an daat nach vun eisen Steiergelder finanzeiert, daat fannen ech einfach den Kombel
Weivill Lëtzebuerger hun en 2. Auto fiir den Summer ? Oder en 2. Auto am Stood ? Daat sinn dei, dei an eischter Linn all bestrooft ginn, just well se een hun, daat ass nët logesch an och nët konsequent
Kane STi wrote:An och wann een iwert den Benzin am Endeffekt mei bezuelen geing, hätt een weinstens daat Gefill gerecht behandelt ze gin. An dann geif och vlaicht deen Effekt erzielt gin : Komm, ech loossen den Auto haut emol stoen! Well dorems geet et jo anscheinend : Manner Dreck ze machen. Ausser daat wier och just een Alibi
An sech wier den Ëmwelt-Message genau deen, iwerlee iers de fierts
Mä ech denken d'Iwerleeung war eischter, mer brauchen Geld, an daat fannen mer am einfachsten do wou Leit sech en dëcken Auto, resp. en 2. Auto leeschten kënnen, dei packen och dei zousätzlech Steier (hoffentlech ouni ze meckeren, gudd domm lëtzbuergesch, "daat packen mer och, waat soll ët").
Ech fannen ët dann just "bëlleg" an "lamentabel" esou eppes als Öko-Steier ze verkaafen
Do fillen ech mech irgendwei iwert den Dëscht gezunn an daat mecht mech sauer. Wier offiziell just d'Steier erheigt gin, eben aus budgetairen Grënn, wier ech zwar nët frouh, well ween bezillt schon gären mei, awer weinstens hätt ech nët d'Gefill belunn ze ginn...
JP.