Page 1 of 1

Ech soen just "SANDWEILER" ?!

Posted: 14/05/2014 9:53:15
by Jean-PierreR-71
GT viirun 22 Meint oofgemellt, den 8. Mai nees ugemellt ... Gro Kaart den Freiden kritt.

Geschter konnt ech ëmmer nach keen RDV fixeieren iwert hieren super WEB, an owes haat ech en Courrier an der Breifkëscht, wann nët gleich ugemellt, muss den Auto komplett nees nei ugemellt gin (sou eppes wei en leschter Rappel bis zum Dierwiechter bei enger Rechnung) ?!

Rufen ech un, seet d'Madame, "Ma Monsieur, dier kruut schon 5 Rapeller fiir an d'Controll ?!"

Wei der Deiwel soll daat dann ieren goen, wann den Auto vun virum leschten Rendez-vous 2012 bis viirun 6 Deeg oofgemellt war ?!

An eis Post vertesselt keng 5 ... fënnef ... Courrieren, deen vun gescht ass jo schliesslech och ukomm !!

Kann ech alt nees just den Kapp reselen ...

An ech gesinn elo nach eisen Jean-Claude National um RTL soen, seit der Ännerung mat oofmellen geif elo alles "VILL MEI EINFACH GINN".

Ma bravo !

Wann ech nach een mol daat "Simplification Administrative" heieren, dann laafen ech nach AMOK !

Posted: 14/05/2014 12:24:39
by BenD-86
Oh Jemp !

Posted: 14/05/2014 12:35:20
by Jean-PierreR-71
Dei kreien jo echt neischt gebaack, ausser d'Leit enmerdeieren, do sinn se fit dran, an daat mat eisen Steiergelder ... sorry, do misst ët echt eng Keier knuppen, dei wëssen jo echt nët mei waat schaffen ass :(

Ech ganz vill bockeg ;)

JP.

Posted: 15/05/2014 19:53:51
by YvesB-80
Loss dein Auto einfach ungemeld... dann kanns du emmer domat fueren wann et dir graad dono as! ;-)

Posted: 16/05/2014 10:30:35
by Jean-PierreR-71
Schein, mais hei wier daat nët gangen, well :

1) Sandweiler Rdv war an manner wei 3 Wochen

2) Meng Bremsen waren Eisen op Eisen, an K-Sport kriss de nët hei op der Tankstell ;)

3) Meng Pneuen waren hinüber

4) Den Soufflet vom Kardan war hinüber

Sou wier ech nët duerch Sandweiler komm ...

An, ech sinn nët dem Lux nach dem Bausch sein Mécèn, seit den neien Steieren kënnen se sech hier simplification Administrative soss wou hin ....... sie wollten ët jo sou, dann sollen se hier Zopp och ausleffelen, an wann daat mech enmerdeiert, gleef mer ët, sie nach mei, well ech kruut dei ca. 2 Wochen Vignette vun der Douane rembourseiert, viirdrun wier se fiir d'Katz gewiecht ;)

Ech sinn esou mat dem Gevereinfachs generft, beruflech weitaus mei nach wei privat, dass ech do total verbruet ginn, wann mer dei Domheet nees ze noh kënnt.

JP.

Posted: 16/05/2014 23:25:54
by BenD-86
Snickers ? :lol:

Posted: 16/05/2014 23:41:16
by Jean-PierreR-71
Mampf mampf .... mmmmh .................................... Grrrrrrrrrrrr Sandweiler :-D

JP.