Page 1 of 1

STI 2008 an EVO X

Posted: 08/01/2008 21:34:23
by MikeW-78

Posted: 09/01/2008 0:34:40
by Jean-PierreR-71
Deen Artikel hun ech an der AutoBild geliess.

Ech hun awer e puer Inkoherenzen dran fonnt, wei zB beim Impreza eng Ierwschaft vum Legacy :
Vom großen Bruder Legacy schwappen intelligente Allradsteuerung und elektronische Straßenwacht in den Kompakten, das bekannte Mitteldifferenzial verfügt jetzt über drei automatische Voreinstellungen.
Just dass sie vum Differenzial schwätzen, mä den DCCD war och beim MY06 drop, mä den SI-Drive, mat 3 Positiounen, deen kënnt wierklech vum Legacy, ass awer en Mapping vun der Gas-Pedall (wei ech se och am Astra mat der Sport-Tast hun ;-) ), huet awer neischt mam Differential ze dinn, oder hun ech do eppes total verpasst :?:

An sie schwätzen vum japaneschen Spec, awer an der Spec ass ët en 2.5l ;-)

Mä bon, fiir eng Deitsch Zeitschrëft, nët iwel :!: 8)

Ech wees dann nët op den EVO Deel besser ass, deen Auto kennen ech nët gudd genuch...

JP.

Posted: 09/01/2008 0:40:28
by SergeK-80
Yank555 wrote: Mä bon, fiir eng Deitsch Zeitschrëft, nët iwel :!: 8)

JP.
Dito :wink:

Serge

Posted: 14/01/2008 3:02:51
by Steve79
Op Subaru UK hun se schons Infoen zum neien STI:

http://www.subaru.co.uk/Subaru_co_uk/Vi ... enuid=M1M1

Posted: 17/01/2008 19:48:59
by MikeW-78
http://youtube.com/watch?v=pj5tE83IsuI


Souvill zum neien WRX STI :!: :!: :D Oh je, an neien EVO :?: :?: :?:

http://youtube.com/watch?v=SSCcqcpvPjA

Nach e puer Argumenter......... net schlecht :!:

Posted: 25/01/2008 3:02:48
by Steve79
Do kucken ech aus Schloflosegkeet Occasiounsannoncen an fannen daat do: Den STI ass schon do, ech gin geckeg :D :twisted: :lol: :, lo hun ech main Ticket fir op den Breisseler Salon schons ze frei kaaf, :x :D


http://www.autoscout24.de/Details.aspx?id=vwoh4rzy3fha

Posted: 25/01/2008 9:48:08
by Bid-X
Hmm, dann misst een emol bis op Tréier kucken goen :shock: .
Dass den Daewel se awer esou fréi kritt hun ech net gewosst. Et wuar jo gesoot dass en mett Februar zu Bitburg den Clienten virgestallt soll gin.
Interessant fannen ech d'Verbrauchsugaben, demno verbraucht deen neien Sti net méi wéi een 06-07er Wrx.
Interessant fannen ech en allemol.

Ralph

Posted: 25/01/2008 11:19:37
by Jean-PierreR-71
Se hun en geschter moien zu Treier kruut... war en awer nach nët selver kucken.

Posted: 25/01/2008 14:46:57
by Steve79
Also als STI, fannen ech deen Auto jo endlech mol gelongen!!

Fueren haut souwisou naach op Mamer, vlait ass jo schon een do, wann net muss ech mer en alt mol zu Breissel ukucken muar, well ech mussen eegaal wei mol gesin :D

Posted: 25/01/2008 15:38:59
by Bid-X
Ech kucken mär en den Sonnden am Nometten un, sin dann souwisou do an der Géigend.
Komesch jhust dass den Daewel se do stoen huet an nach keng Autozeitung déi europäesch Versioun getest huet.
Sin gespaant

Ralph

Posted: 27/01/2008 13:52:18
by MikeW-78
De leschten Samsden zu Treier sin mer schon gewuer gin dass en des Woch do wär :!: En steht jo och zu Breissel , mee do därf een just kucken, net upaaken, hehe, an mol net am bloen :D

Posted: 06/03/2008 6:10:43
by blood-of-soul
Deen néien WRX STi huet naischt méi mat Subaru ze doen, maacht 5 Kanner dann kennt der iech déi FamilienKUTSCH zouleen

Posted: 06/03/2008 9:30:26
by Bid-X
Ech fannen en cool, ass mär awer am Moment ze deier. Hun en dofir och net probéiert (hun mär dun nach een neien Velo kaaf obwuel ech den Keller voll Veloen stoen hun)
:oops:
5 Kanner sin der e bessen vill fir deen Auto wann een nach selwer hannert den Steier well setzen :roll: . 2 Kanner + Elteren passen gudd, wéi och am aalen Sti :wink:

Ralph

Posted: 06/03/2008 11:31:20
by MikeW-78
Ma dann fuer mol domadder, dann wees du direkt dass et een Subaru ass :!: Ech fannen deen einfach TOP :!:

Posted: 05/04/2008 16:26:21
by Steve79
Hun des Foto am daitschen Subie-Forum fonnt:

Neien Stufenheck-STI:

http://img384.imageshack.us/my.php?image=2yovkgjin8.jpg

Posted: 03/07/2008 20:41:38
by ramon
nach e scheinen video vunn Top Gear:

Part1
http://youtube.com/watch?v=nyA3h9USweo
Part2:
http://youtube.com/watch?v=j2oUaiXs9Gg

Allerdings ass deen Evo hei en FQ model (FQ360) nett ze vergleichen matt deem vu mer hei hunn, mee bon e klengen Passage beim Patrick ass d'Saach as gemaat... :lol:

Posted: 05/07/2008 15:34:40
by Jean-PierreR-71
Hun mer elo mol d'Vidéo'en ugekuckt, super, wei ëmmer, Top Gear ass einfach de glanz ;-)

Ech bleiwen sou oder esou bei mengem gudden aalen, gefällt mer ëmmer nach am beschten 8)

Posted: 05/07/2008 20:20:04
by ramon
...obwuel de Clarkson den STI vlaicht e bessen zevill roofmecht...
Witzeg aawer dei verschmierten Ronnenzait, well en nett wollt zouginn daat den STI e Krack mei seier woor wei den X

Posted: 06/07/2008 12:31:32
by Jean-PierreR-71
Hehe, jo, wei ëmmer eben, se sinn einfach ze gudd ;-)

Ech denken se wollten domat eischter soen, alles schein, alles leiw bei den neien, awer zevill Gimmiks, an dei aal haaten se eigentlech leiwer, esou huelen ech ët mol op, kann mech awer ieren ;-)

Ech gleewen awer och gären, dass dei Tugend, dei den EVO sëcherlech nach ëmmer geigeniwer dem Impreza haat, och beim X bliwen ass, nämlech, dass en mei "scharf" ze fueren ass, mei präziis Lenkung, besseren Feedback asw.

Fiir den Recht, wann een eierelech ass, Subby oder EVO, eigentlech egal, beid Machinen sinn zimmlech op engem Level, deen een eppes klenges hei deen aaneren eppes klenges do, waat eben dann mecht, dass een sech fiir deen een oder deen aaneren entscheed.

Ech haat och baal en EVO IX statt dem STi an der Garage, mä den Boxersound hätt ech zevill vermësst. Eigentlech och nët grad en vernünftegt Argument en STi statt engem EVO ze kaafen, ass awer duergangen :lol:

Posted: 06/07/2008 19:30:43
by BenD-86
fir mech evo an subi op dem selwechten level just den subi klent einfach besser....

Posted: 07/07/2008 11:40:01
by ramon
Yank555 wrote: Ech haat och baal en EVO IX statt dem STi an der Garage, mä den Boxersound hätt ech zevill vermësst. Eigentlech och nët grad en vernünftegt Argument en STi statt engem EVO ze kaafen, ass awer duergangen :lol:
Also ganz speziell du als Chairman daerfs ni matt engem EVO ugetreppelt kommen!! :lol: