impreza boxer diesel

Smalltalk section (public) / Bavardages (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

impreza boxer diesel

Post by BenD-86 » 30/12/2008 15:37:24

salut

war en meinden den metten beim peter zu mamer(ass jo nirwendrun) an hun den impreza mat diesel motor probeiert!!an muss soen sin positif iwwerrascht!vun fuehren hir wei en benziner keen diesel-klapperen an vun der strossenlaag och gudd..an vum preis hir och nach ok!!wei gesot wirklech top auto!

bis dann

ben

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 30/12/2008 16:54:51

Aha, ass ët endlech souweit, hun se lo den Diesel endlech iwerall dran ;-)

Muss deen awer bei Geleegenheet och mol testen.

Wei ass ët mat Leeschtung, standard 150PS ? An d'Carosserie ass dei vum normalen (also nët STi), oder ?
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 30/12/2008 18:20:05

jo endlech sees du guud....

jo 150ps dat geet op alle fall duer fir den normalen gebrauch... du kriss en an 4 versiounen sou wei si en lo hun am bloen gesait en aus wei en wrx!!vun baussen gesait een net dat et "just" en diesel ass!!!

User avatar
BobH-91
Team Maintenance
Posts: 106
Joined: 17/02/2014 22:35:42
Location: Gonderange

Post by BobH-91 » 01/05/2014 14:57:03

Eng kleng Nofroe vun mir :

Sin déi Leit mat engem Impreza Boxer Diesel dann och hei am Club welkomm?
Ech hun sou gerüchter heiren wei wann et misst en Benziner sin fir an de Club?
Well do wieren flaicht nach Leit déi eventuel Intresse hätten an de Club ze kommen.

Greetz

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 01/05/2014 16:58:00

Den Club ass effektiv op Turbo Benziner begrenzt.

Deemols (2000) wollten mer den Club Impreza-GT Club nennen, just dun koum den WRX, Impreza-GT-WRX wär schon bosseg gewiecht, besonneg den STi war jo dun och annonceiert. Dohier hun mer den Numm op Impreza-Club beloss, an mer hun den Iwerbegrëff Impreza Turbo benotzt.

Dun koum Joren dono den Diesel, daat war awer en Turbo-Diesel, an dun goun d'Diskussion un... wanns de mech frees, war dei onneideg, mais bon...

Den Club huet sengerzeit als Gedankten gehaat en Club fiir d'Stroossenversioun vum Rallye's Auto ze sinn, waat jo relativ kloer ass.

Den Club ass an bleift dem Ursprongsgedanken trei, an dei Technicality hun mer dann, fiir all Diskussioun aus dem Wee ze goen, op Turbo Benzin ugepasst.

En 320d gët och nët an engem M3 Club ugeholl, oder eng Class C an engem AMG Club, oder nach en A3 TDI an engem S3 Club ...

Daat ass keng arrogant Heichnuesegkeet vun eiser Seit, och wann daat dann esou ugesinn gët/gouf, mais just Konsequenz fiir dem Club trei ze bleiwen ;)

JP.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BobH-91
Team Maintenance
Posts: 106
Joined: 17/02/2014 22:35:42
Location: Gonderange

Post by BobH-91 » 07/05/2014 20:04:50

Villmols Merci fir d'äntfert dann as do elo mol och kloertext.

Post Reply