Test Focus RS
Disclaimer:
De Bericht baseiert op meng Impressiounen dei ech haat, wou ech den Focus RS gefuer sinn. Ech well hei elo guer keen trëppelen an och net iwwer SUBARU oder eng aaner Marke meckeren. Ech probéieren dat ganzt esou neutral wéi méiglech ze beriichten.
Wéini: 27. November 2009
Wou: Garage Wengler - Ettelbréck
Dauer: 2 Stonnen
Wieder: Dréchen bis Naass
Temp.: 10°C
Teststreck: Ronderëm Ettelbréck - Colmar - Landstrooss
Auto: grengen RS - 1500 km
Pneues: Wanterpneux !!!!
Et huet leider net gereent déi Zäit wou mir gefuer sinn. Mir hunn awer e puer Platzen begéint wou et nach gutt naass an schmiereg wor.
Neen, et ass keen 4x4 an et ass och keen Boxer Sound deen een héiert mäi dat Dengen ass gutt esou guer ganz gutt.
Qualitéit:
As gutt. Kann een net meckeren. Ass zwar vill Plastik mäi welch Marke huet dat net ?! Bannen baussen gutt verschafft.
Den Interieur:
Top. Excellent Recaro Setzer. Gudden Tableau de Bord. Steierrad kéint vir mech e wéineg mei deck an sportlech sinn an den Schaltkneppel e wéineg mei no hanner versaad. een Nodeel vir mech ass daat Recaro Setzer net an der Héicht verstellbar sin...jiddefalls net matt engem Hiewel oder esou eppes. Et kann een dat awer „per Schrauwen“ astellen. Rennfeeling pur.
De Radio ass pupeg an den Navi och. Mäi dat kann een jo relativ séier änneren.
Recaro Setzer kann een einfach emmléen vir hannen eran ze klammen. Hannen huet een och gutt Platz.
Keyless Entry - Xenon - Niwelluuchten - Servo - elek. Fensteren an Spiegelen - ESP (ofschaltbar) alles dran, an ok.
Et gett eng Turbo Auer - Wasstertemp. Auer - Uerleg Drock Auer
Negativ: Ass den Bordkomputer deen mat „Orange Rout“ hannerluert ass. Ass net meng Fuerw, mai bon
Den Exterieur:
Kompromesslos. Breet - Bulleg - Gutt gelongen. Optesch flott. Breed. Blo - Weiss - oder Gréng. Mega Heck Diffusor.
Fueren:
Turbo Lach ass baal net do. 2.5l eben. Mai den RS hänkt vir mech besser um Gas wei den STI08.
Den Revo-System bei der viischter Axe ass wierklech gutt. Do huet Ford gutt Aarbecht gemaach. Respekt. Beim „Urappen“ spiert een bal guer näischt am Stéierrad an et brauch een net mat den zwou Hänn zoupaken wei eng Hantel beim Fitness-Training. Absolut gutt geléist.
Kritt een dann dei Leeschtung op Strooss? Jo - se kennt op Strooss. An zwar gutt an besser wéi ech geduecht hätt. Wierklech iwwerraschend. Wann den RS mol viirt dann mierkt een guer net daat een mat engen „Viirgedriwenen Auto“ firt.
Absolut neutral. Keen Iwer oder Ennersteieren. bei der Streck an Zait dei ech konnt fueren. Ennersteieren hat ech bei 1. enker Keier. Mai do wor ech och ze seier ennerwee.
Bon - et ass keen 4x4. Bei enken Kéieren, där hat ech leider just e Puer - mierkt een schonns wei dei viischt Pneuen schaffen - MAI et geet - an et geet wei schonns gesot....gutt.
Et wor elo net esou naas mai ech kann mir schons virstellen....daat den RS bei voller Beschleunigung am 1ten Gang durchdreint. Mai am drechenen an halef drechenen, hun probeiert...Nee Nee....e beschen geruckelt an daat wor et. An daat mat Wanterpneuen.!!
Den Vendeur as den RS vir d‘eicht gefuer an huet wierklech Gas ginn. Och an den Ecken an Kéieren ass den RS neutral bliwen matt immens vill Gripp an Spurtréiheet. Mengen daat nennt een „Mechaneche Gripp“.
Immens ass den Sound - Deen ass wierklech esou wéi op den YouTube-Vids. Am Stand héierste bal naischt - Bitzmaschinesound vum Motor, och wei bei engem EVO - mai souball een Gas get iwer 2-3T Touren ass, och bannen, eng lass. Net sou hard wei bei mengem STI matt BLITZ mai e gudde Motorsportsound. Wann een vum Gas geet get den Moto een liicht zwitscheren zeréck. Topp. WRC-Feeling.
Den Auto ass vum Fuerwirk hir net esou hart wei mein STI MY2005. Mai en ass gutt ofgestëmmt an leit beim Fetzen gutt op der Strooss. Et kéint een awer nach eppes um Fuerwirk maachen.
Dei viischt Pneuen gin belaascht, extrem belaascht. Nodeel vum Konzept RS.
Setzposition ass gutt. d´Setzer gin e gudden Halt sou wei et bei engem Sportauto muss sinn. Se sinn wierklech besser wei dei am normalen STI. Mai leider net an der Heicht verstellbar.
Op der Brems ass en vir mein Gou e beschen „wibblech“ mam Aarsch mäi ech mengen do sinn ech eben Neutralitéit vun mengem STI gewinnt. Mai daat kann och ganz flott sinn wann een wees wei den Auto reagéiert.
Bremsen sin keng BREMBO sin „besser“ Bremsen vun Ford. Se machen hiiren Dingscht an „beissen“ gut zou.
Feeling:
Den RS gett am Gesamten e gudde Feeling als Feedback. Vu Baussen vu Bannen vum Sound an virun allem vum Preis. Well deen leit bei Basis +-29T an ass matt e puer Extras manner wei 33T. Dann huert een Recaro Setzer am Lieder-Alcantara an Bluetooth Radio mat CD-Wiessler oder villeicht nach en Navi dran.....an 305 Turbo PS.
Fazit:
Geet den RS elo besser wei en STI. Bon...hmmm....e geet anescht. Et ass enger aner Approche vun engem Auto mat 300PS. Mäin STI original ass net esou gutt gaangen. Mäin STI matt ECUTEK rappt mei brutal an geet besser. Huert awer och 30PS mei bei quasi gleichem Dréimoment. Dat ass awer meng Impressioun. Mai ech giff engem RS awer och net fochtfueren op enger Landstroos. Ausser et wir eng just matt 90° Grad Keieren, naass an daat Bierg op.
Den RS kennt mat engem Package waat stemmt. Ugefaang beim aggressive Look - iwwert d´Leechtung - Recaro Setzer - 19“ Felgen - Sound (baussen an bannen) - bis hin zum Preis.
An en brengt Emotiounen sou wei ech se haat wou ech vir dei eichte Keier mein STI getest haat......an gesinn hun.
+- 30.000€ ass vir esou een Auto net ze deier an aaner Marken, och Subaru, sollten sech dat Konzept oder de Package mol ukucken.
Wou ech do wor vir den Auto ze testen stung nach en WRX an en EVO virun der Dir an dei hun sech och vir den RS intéresseiert. Komechen Zoufall.
Ass den RS vir ze kafen? Ech mengen schon. Ausser et well een onbedéngt en 4x4.
4x4 ass gutt esou guer ganz gutt. Daat ass eng Sach vun Philosophie. Mai wann ech de Preis vun engem normalen STI oder vum STI plus oder vum EVO MR kucken ass den Oppreis einfach ze heich.
Den RS mécht den Nodeel dat en keen 4x4 erëm gutt mat aneren Saachen wei zB säin Gewiicht an Gesamtkonzept, Emotiounen....de Preis.
Mai den Spuk ass anscheinend nächst Joer eriwwer. Ab Juni 2010 soll den RS net mei gebaut ginn. Dat verstinn ech elo och net, mäi ass awer esou....soot den Wengler.
Michel
Test Focus RS