Page 1 of 1

Import STI aus UK

Posted: 02/11/2009 23:36:19
by MichelW-68
Hallo

Hun mol Preiser gekukkt bei Subaru UK vir en STI...sou em dei 33T€
:shock: :shock: :shock: :shock:

Wees een ob een do en "left side drive" STI kann importeieren ?

Michel

Posted: 03/11/2009 11:14:14
by Jean-PierreR-71
Souweit ech wees, kriss de an UK just 2 Varianten :

- UK-Type (also vun Subaru UK), deen ass RHD (riets gesteiert) an huet den 2.5l Block

- grey Import aus Japan (also vun Subaru Japan), deen ass och RHD an ass en JDM (Japan Domestic Market) Spec, also mam 2.0l Block

LHD'en kriss de souweit ech wees leider keng an UK, woubei froen kascht neischt !

Alternativ ass USA, do kriss de den Auto am LHD an mam 2.5l Block, wei ët awer mam Preis an Import-Käschten ass, misst een iwerpreifen...

PS: Hun mer soen gelooss, dei 2.5l hätten allgemeng Problemer, getuned oder nët, 2008 oder 2009 ?!