Auspuff WRX
Moderators: Committee, Former-Committee
Auspuff WRX
Moien all zesummen, ech hun mer lo virun kuerzem réicht en wrx my06 kaaft, an ech hätt gär en aaneren auspuff dofier (éischter just en enddeppen). et ass zwar schon een vun GP tuning drop, mee deen ass mer ze lues.
lo wollt ech wessen op een mer do eppes bestemmtes kann recommendéieren an op déi universal-endschalldämpfer vun HKS iegendwéi drop passen!?
merci am viraus

- Jean-PierreR-71
- President
- Posts: 2053
- Joined: 23/12/2007 21:10:06
- Location: Bascharage (L)
- Contact:
Also ech hun um GT an um STi jeweils just d'Enddëppen "NÜR-Spec S" vun Blitz drop (um GT mat Silencer souguer agedroen, beim STi kënnt daat nach, d'nächst Joër ass Sandweiler d'eischt fälleg).
Den Blitz aleng ass wierklech OK, besonneg um GT (well deen 1 Dëppen manner huet wei den STi). Beim STi misst eng Einzelabnahme ouni Silencer klappen.
D'AERYS klengt och gudd, aanescht eben, do misst de schon lauschteren, weieen Sound der besser gefällt.
An TüV ass schon en dëcken plus !
Perseinlech haat ech deemols den Choix nët, do gouf ët d'AERYS nach nët mat TüV, an Blitz ass einfach menges

Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu
- Jean-PierreR-71
- President
- Posts: 2053
- Joined: 23/12/2007 21:10:06
- Location: Bascharage (L)
- Contact:
Majo senger Zeit mei deier (ëm 650€), elo misst ët awer fiir ca. £320 ze kreien sinn (inkl. Transport), dat wieren dann sou ëm dei 420€...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu
- Jean-PierreR-71
- President
- Posts: 2053
- Joined: 23/12/2007 21:10:06
- Location: Bascharage (L)
- Contact:
Also wanns de reng finanziell deng Entscheedung treffs, ass AERYS dei besser Entscheedung, well den Blitz muss de d'eischt an Deitschland per Einzelabnahme TüVen, an daat ass nët gratis, sou dass se warscheinlech nët souvill mei belleg wei d'CAT-back gët.
Awer den Blitz ass einfach den Blitz, ass mer ët wert gewiecht
Awer den Blitz ass einfach den Blitz, ass mer ët wert gewiecht
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu
also ech haat zwar lo nach net d'méiglechkeet fier en blitz oder aerys am réellen ze héieren, mee ech hun mech mol dem allgegenmächtegen youtube bedengt, an hun mech eigentlech festgeluet op den blitz.
fannen schon nemmen well en aus den UK kennt, wier schon en grond...
an präislech gesin ass en wierklech ok, an am endeffekt, TÜV-I DONT GIVE A ....
also eng décidéiert saach!

Salut Neckel,
Den 15. November 2008 gin mir Owes eppes iessen. Wou genau kann ech dir lo nach net soen. An deem Restaurant wou mir sollten goen as warscheinlech lo nach eng aaner Grupp an et as nach net secher ob den Kach daat alles packt.
Wanns du Member bei eis am Club gess kriss du een "besseren" Accès am Forum, dann geseis du och eisen ganzen Programm. An du kriss in etwa emol pro Mount eng Newsletter heem gescheckt mat allen Infoen bezüglech Treffen, etc.
En attendant, schecken ech dir einfach meng Telefon's-Nummer per PM. Ruff mech einfach en Mettwoch oder en Donneschteg un, bis dohin wees ech wei an waat. Selbstverständlech kanns du och unruffen wanns du soss Froen zu Club hues.
Bis geschwenn,
Bisi

@ Steve: Ech wosst jo mol guer net dass du dein WRX schon verkaaft häss. Waat fir een Auto hues du dir dann elo zougeluecht? (BMW?)
Wanns du nach wells Member am Club bleiwen as daat natirlech keen Problem. Och wanns du lo een aneren Auto fiers heescht daat jo net dass du lo keen Kolleg mei bas! (Du wees dach dass mir net sou sin!!)
Selbstverständlech bas du och nach emmer op den Monthly Meetingen, etc. härzlech wellkomm. E bessen mei problematesch keint et just bei deenen Events gin dei sech speziefesch un Subi-Fuerer riichten. Mee ech denken och an sou Fäll werten mer eng Leisung fannen!

Merci,
Jo den WRX ass un den neckel hei verkaaf gin, hun him gesot, hien soll sech hei resp am Club umellen.
Ech hun naach een 1.8 Legacy Kombi vun 91, also fir d´Roadtour ass deen dach schons ongeeegent, .
Vlait leint d´Frendin mer den MPS, .
Jo ech kreien een 135er BMW-Coupe, awer reischt Ufank Maerz, wollt deen onbedengt. Ass schlemm, , ech wees, mee den neien STI, naja, ne.
Nee, dann sin ech frou an bleiwen natirlech am Club an kommen och mol heiansdo laanscht kucken. Parken den BMW, dann och gaaaanz wait ewech
Hei eng Foto vum BMW, main waert genau so ausgesin, och mat der schwarzer Folie an evtl den Felgen:
Jo den WRX ass un den neckel hei verkaaf gin, hun him gesot, hien soll sech hei resp am Club umellen.
Ech hun naach een 1.8 Legacy Kombi vun 91, also fir d´Roadtour ass deen dach schons ongeeegent, .
Vlait leint d´Frendin mer den MPS, .
Jo ech kreien een 135er BMW-Coupe, awer reischt Ufank Maerz, wollt deen onbedengt. Ass schlemm, , ech wees, mee den neien STI, naja, ne.
Nee, dann sin ech frou an bleiwen natirlech am Club an kommen och mol heiansdo laanscht kucken. Parken den BMW, dann och gaaaanz wait ewech
Hei eng Foto vum BMW, main waert genau so ausgesin, och mat der schwarzer Folie an evtl den Felgen:
- Jean-PierreR-71
- President
- Posts: 2053
- Joined: 23/12/2007 21:10:06
- Location: Bascharage (L)
- Contact:
Zwar, geseit dëck no racing aus !!
Wanns de deen hues, kenns eis deen weisen, mer waarden drop
Wanns de deen hues, kenns eis deen weisen, mer waarden drop
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu
Sin ech awer frou, dat och en BMW akzepteiert get, Kloer kommen ech en weisen, fueren dann op der Roadtour awer gaanz wait hannendrun. Zu Arel beim BMW-Emond,haaten se genau sou een do stoen,wei op der Foto, mat den Straifen, do hun ech daat och missen hun. Muss een jo bessen opfaalen
@neckel
Sorry, war bessi vill lass, mellen mech haut.

Hello, wollt mer mäin Blitz bestellen fier den MY06, an ech wees net genau waat fier een passt!? bei blitz gett et 2 modeller vum nur spec s fier den impreza: eemol fier GC8, EJ20T, 11/92> 08/00 an zum aaneren den GDB, GDA, EJ20T, 08/00> ! Wann lo nach een mer soen kann wéieen lo op mäin suby passt, dann ass en seu gud wéi bestallt!