Salut,
Also do ginn ët sëcherlech e puer Saachen ze soen an ze machen
Wei den S.T.I. schon geschriwen huet, ass ët MEGA wichteg, dass dei richteg Felge (an der Breed an an der Apressdeift, also am ET) drop ass. Wie hien och richteg schreiwt kann den Pneu do och en Ënnerscheed machen, haat ech um GT, den Dunlop SP9000 am 215/40-17 huet nët geschlaff, den Birdgestone Potenza S03 och am 215/40-17 huet geschlaff !!
Waat den ET mei kleng gët, waat d'Felge mei eraussteet, an waat se och automatesch eischter Schruppt ! Daat selvescht ass, wann d'Felge mei breed ass, statt elo 8" z.B. 8.5" ass, dann kënnt se genau ëm 0.25" mei no un den Bord. Opgepasst, daat selvescht gëllt awer och no bannen, do kann den Pneu och beemol widert d'Fiederbeen kommen !
D'Greisst vun der Felge, also 17", 18", 19" ... ass total onwichteg, well duerch den Duerchmiesser vun der Felge därf sech just d'Heicht vun Pneu änneren, soss neischt. Kloer, wann een vun enger 8x17ET48 op eng 9x19ET40 geet, ass alles geännert, awer wei gesoot, den Problem ass deen selveschten, wei wann een op eng 9x17ET40 gangen wier. D'Rad kënnt genau 8mm + 0.5" mei no un den Bord (plus den Faktor Pneuen-Modell).
Waat awer elo machen wann ët schruppt ... ?! Nët einfach...
-
Mei heich schrauwen : Eigentlech keng Leisung, den Problem gët just verlagert, wann den Auto mei gelueden ass, och mei "haard gefuer gët", schleift ët ëmmer nach.
-
Mei haard astellen : Wann d'Fuerwierk härtenverstellbar ass. Ass och keng Leisung, dann geet d'Stroosenlag drop, an en gudd Fuerwierk mecht een jo awer dach eigentlech drop, fiir eng besser Stroossenlag zu hun, oder ?!
-
Fiederweebegrenzer : Nët ideal, well wann en schruppt, geif en logescherweis och op den Begrenzer schloen, daat geet duer, fiir am Eechtfall dein Auto ewegzegeheien, well wann en opsetzt, ass deng Stroossenlag nët mei ideal.
-
Bördeln an/oder erauszeihen : dei besser Saach, well dann einfach Plaatz ass, an d'Ophängkung kann normal schaffen. Bei den STi'en ab 2005 awer nët einfach, Bördeln geet, erauszeihen nët mei sou einfach, well jo sou en Plastik iwert der Radkëscht ass. An daat muss awer gudd gemach ginn, soss ass ët e gudden Ufank fiir Rascht ! (Ech hun daat perseinlech z.B. guer nët gären)
-
Stuerz verstellen : Kann en Trick sinn, fiir den Problem ze ëmgoen, mei negativen Stuerz schaaft Plaatz bei der Radkëscht. Awer opgepasst, d'Verhaalen vum Auto verännert sech, an original kann een den Stuerz hannen nët verstellen. Dofiir brauch een entweder exzentresch Verstellschrauwen oder Domlager (oder beides).
Du kanns der daat mol um
Wheel calculator ukucken, do kanns de mat den Parameter spillen, dann geseis de och kloer waat se bewierken.
JP.