BLITZ Nur Spec S

You have something to sell ? Post it here (public)
Vous avez quelque chose à vendre ? Publiez-le ici (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Locked
User avatar
RonnyR-63
Club-Member
Posts: 90
Joined: 13/04/2008 12:49:58
Location: Habscht

BLITZ Nur Spec S

Post by RonnyR-63 » 18/04/2009 16:47:01

Salut,

Neien BLITZ Nur Spec S (P/N : MS 2060) ze verkaafen fir Impreza Sti ( mod. 02-07 ).

Ech hun en eréicht vir a puer Méint beim J-P bestallt, hun en montéiert an sinn allerhéchstens 50 km gefuer.
Hun en erëm erofmontéiert; mir ass en einfach ze haart.

NP 270 € ( http://www.impreza-club.lu/forum/viewto ... sc&start=0 )
VB 240 €

Intressi ?


29/04/2009 SOLD OUT
Last edited by RonnyR-63 on 29/04/2009 15:37:39, edited 1 time in total.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2054
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 19/04/2009 10:11:22

Oh ... schued :-(

Jo kloer, wann alles roof ass, ass den Blitz schon nët grad lues ;-)

Aaner Optioun, en Silencer drop machen ? Ech haat deen ca. 100€ bezuelt wann ech mech richteg erënneren kann (an hun missten en Lach an den Blitz bueren fiir en fest ze machen). Mer war en zwar nët ze haard, hun jo nach alles drop, awer weinst TüV, well ouni war en 96dB, mat 92dB an 94dB sinn erlaabt.
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
YvesB-80
Secretary
Posts: 1443
Joined: 24/12/2007 1:36:06
Location: Colmar-Berg (L)
Contact:

Post by YvesB-80 » 19/04/2009 16:05:27

Ech hun am Moment een InoxCar Auspuff (Street Legal) op mengem STI. Wees een ob den EcuTek muss nei angestallt gin wann ech desen Auspuff giff drop maachen?

Ronny, sin deng CAT'en roof oder sin dei nach drop? Dann keint ech mir flaischt am firaus een Bild maachen, wei haard den Auto mam Blitz Nür Spec S giff gin.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2054
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 19/04/2009 16:31:03

@Bisi : Fuer beim Steve mat (wann seng Cat'en nees roof sinn), dann geseis (heiers) de wei ët ass 8)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 230
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 19/04/2009 18:49:32

Wei ze haart ?

Also ech freen mech op al Moien wou ech mam STI an de Rousegärtchen fueren an bei den Autoen an der Rei d'Alarmanlagen ugin....daat ass einfach ze cool :=) :lol: :lol: :lol: :lol: :lol:

Ech hun och e Blitz Nur Spec S drop en plus matt aanerer Downpipe. Klengt einfach mega.

Michel
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
RonnyR-63
Club-Member
Posts: 90
Joined: 13/04/2008 12:49:58
Location: Habscht

Post by RonnyR-63 » 20/04/2009 10:31:32

Vu baussen as den Klang jo och super, ma bannen dran ass et mir ze haart (den Schiedel brummt dem Bopi)

@ bisi : Mengen mettelsten Cat ass nach drun, hun awer eng aaner DP. Ecu muss fir den Endrouer nët geännert ginn. ( soot den Patrick)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 20/04/2009 11:35:25

dann muss du den radio un maan an haart matsangen..... :D :D :D :P :P :P

User avatar
MichelW-68
Club-Member
Posts: 230
Joined: 13/02/2008 15:06:11
Location: Stengefort

Post by MichelW-68 » 20/04/2009 13:18:50

Ronny wrote:Vu baussen as den Klang jo och super, ma bannen dran ass et mir ze haart (den Schiedel brummt dem Bopi)

@ bisi : Mengen mettelsten Cat ass nach drun, hun awer eng aaner DP. Ecu muss fir den Endrouer nët geännert ginn. ( soot den Patrick)
Hmmm also den Patrick soot mir sou laang een net iwer 1.5 Bar virt ass daat ok. Besser wir eng Upassung vum Mapping.
Hun ech och deemols gemach wou ech vum Prowler op den Blitz gewiesselt hun. Vir Sandweiler wann ech den Originalen drop machen, ass emmer "luers fueren" ugesoot. Eben weinst dem Mapping.
MY05 - Blitz NUR Spec S - VERKAAF 02.2010 mat 75Tkm
Audi A5 TDI 3.0 S-Line Schwarz 20" - Verkaaf
Suzuki Swift Sport - Verkaaf
Golf 7 GTD - Verkaaf
Skoda Octavia RS 4x4
Subaru WRX STi MY2015

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 20/04/2009 15:39:14

Ecu muss fir den Endrouer nët geännert ginn. ( soot den Patrick)
Also ech hat awer Problemer wéi ech vum PROWLER op den BLITZ gewiesselt hun. Effektif huet de Patrick missten eng Mapping-Upassung maachen well den Turbodrock iergendwéi aus dem Rudder gelaaf as (as ze schnell ze héisch geklomm). Muss dozou awer och soën datt ech iwwerhaapt keen Kat drop hat...

Doriwwer eraus kann ech den Ronny awer duerchaus verstoen, well den Impreza gët mat Blitz-Enddëppen an ouni Kat effektif zur Dröhnkëscht! Mais dee Klang... 8)

User avatar
RonnyR-63
Club-Member
Posts: 90
Joined: 13/04/2008 12:49:58
Location: Habscht

Post by RonnyR-63 » 29/04/2009 15:28:11

Salut,

den BLITZ ass verkaaft.

Locked