EcuTek ugemellt?

You have had good or bad experiences with Sandweiler, Esch-sur-Alzette or Wilwerwiltz ? Share them here ! Maybe together we can shed some light on this messy situation we have right now in Luxembourg ... (public)
Vous avez eu de bonnes ou mauvaises expériences avec Sandweiler, Esch-sur-Alzette ou Wilverwiltz ? Partagez-les ici ! Peut-être qu'ensemble nous réussiront à éclaircir cette situation chaotique que nous subissons actuellement au Luxembourg ... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply

Ween huet sain EcuTek beim CT ugemellt?

EcuTek/Hondata ugemellt
3
50%
Hunn TUV mee nach nett ugemellt
2
33%
Hunn weder TUV nach ugemellt
1
17%
Auto waar getekkt, mee ass elo erem original
0
No votes
 
Total votes: 6

ramon

EcuTek ugemellt?

Post by ramon » 15/06/2008 11:29:26

Wollt emool wessen opp jidereen sain ecuTek schein brav a legal enn TUV huet ann och beim CT ugemellt huet? Auto ass eegal ob Subaru, Mitsubishi, Golf GTI oder Type-R (obwuel ech nett wes opp ett en TUV fier Hondata gett?)

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 15/06/2008 19:46:14

also ech geng et net maan well deng co2 waerten jo aenneren an ech net gesin net an nach mei steieren ze bezuehlen...an ausserdeem wei wellen si dat mirken?

ramon

Post by ramon » 15/06/2008 20:04:14

Daat ass ett jo, main Auto ass momentaan erem standard, virwaat kanns de am mengem thread am Engine Forum nooliesen. Ech kreien zwaar demnaechst erem dem GP seng Map droppgespillt mee froen mech opp ett nett derwaert wier denn Auto bei den CT ze brengen matt engem Beleeg daat enn erem 'standard' ass? Froen den Patrick emool opp daat meiglech ass...

Emmerhin spurt mech daat 120 Euro/Joer dei ech manner Steieren bezuelen muss...ann dei 60 extra-ps mierkt eh keen...

Ramon

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 16/06/2008 10:07:56

Mein ass agedroen, wollt daat deemols (2006) esou, well ech wollt proper do stoen, och am Fall vun engem Accident, fiir keng Schwieregkeeten ze kreien, an och fiir dass d'Assurance beemol nët geif opkommen.

Kloer, keen wënscht sech, dass eppes passeiert, mä wann awer mol eppes passeieren sollt, och wann ech 100% nët am Fehler sinn, an ët geif z.B. zu engem Doudesfall kommen, well ech nët weinst nët agedroenem Tuning op eemol fiir den Schued aus eegener Tesch mussen opkommen, well daat kann den Ruin bedeiten, dann gees de den Rescht vum dengem Liewen just nach doweinst schaffen, an daat war ët dann gewiecht fiir deng Zeit hei ! :? :shock: An dorop hun ech echt keen Bock...

Wei gesoot, daat ass elo d'Welt ganz schwarz gemolt, mä ech ginn do awer leiwer op Nummer sëcher.

Kloer, dass daat mech elo 148€ am Joër (487€ statt 339€) mei kascht, ass nach dëck Sch*iss, an waat ech souweisou vun deier Saach haalen, kanns de hei am Forum noliesen ;-)

Ech bleiwen awer dobei, leiwer legal, wann dann een domm gët, woufiir och ëmmer, hues du dei besser Kaarten an der Hand, nët ëmgedreint...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

ramon

Post by ramon » 17/06/2008 16:03:56

Jo stemmt, legal (scheint ett) ass besser, mee ett gett een jo eh penaliseiert wann een legal ass....

A esou gesinn ginn ech eh nemmen nach schaffen fier aaner saachen, wanns de hautdesdaags keng pai hues vunn 5000 euro netto + gees de eh schaffen fier Auto, Haus, Benzin a Steieren ann mamm rescht Liewenmettel ann vlaicht 1-2 Mool de Mount e klengen Plaiseier, eegal opp Resto matt der Fra, Videospill, Rees oder eppes fier den Auto...

Do fueren ech leiwer illegal wei ze faerten daat emol eppes geschitt. Wann en doudegen amm spill ass, ass meeschtens dain auto souwisou totalschrott ann ech mengen nett daat do nach een opp d'Iddi kennt den Auto opp e Preifstand se setzen fier ze kucken opp en elo 280 oder 340ps haat!? (ausser du hues en Fousganger iwwerrant dann ass ett eh futsch matt oder ouni EcuTek!!)

Ausserdeem, och wann ett nett ugemellt ass, gett ett emmer nach e Wesch vum TUV wou ganz genau drasteet daat sech naischt um auto aennert an dei originall Bremsen, Pneu'en etc genug sinn fier dei puer extra Perdecher...opp daat elo opp denger groer Kaart steet oder nett, dei spezifesch Tuning Stufe (GP1.1 oder wei och emmer) ass un engem Auto getest ginn an gellt fier all aanerer och

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 17/06/2008 18:18:03

Also wann den Auto schrott ass, kann ëmmer nach d'Steiergerät ausgeliess ginn. Oder daat muss och huddel sinn :? An bei engem Doudesfall kann ech mer daat awer nach ganz gudd fiirstellen, dass daat gemach gët.

Kloer, wann ët en TüV gët, misst de fiirun Geriicht domat duerch kommen, awer 100% garanteiert ass ët leider nët. An esou eng Geschicht dauert Joooooooren :-(

Awer wei gesoot, do muss jiddereen fiir sech entscheeden, an ech kann deng Iwerleeung ganz gudd novollzeien, eis Kaafkraft geet geint 0 wann ët nach länger esou weidergeet :shock:

Wier mein nët agedroen gewiecht, muss ech ganz eierelech soen, dass ech nët wees, ob ech ët dann elo nach geif androen oder nët, mä bon, bei mer ass ët elo e bessen ze speit dofiir, ech gleewen nët, dass se daat nees ausdroen... Wier awer interessant daat ze wëssen !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

ramon

Post by ramon » 17/06/2008 19:06:05

Ech soen der dann Bescheed, vu que daat main steiergeraet jo erem original ass ann iwwermuer erem den EcuTek droppkennt froen ech emool den Patrick op hien en Breif kann oppsetzen deen zertifieiert daat den Auto erem orig. ass. (Den TUV matt all den Tester dei duerchgefouert gi sinn hunn ech jo)
Natiirlech muss hien domat averstaanen sinn, wann ett meiglech ass, maachen ech ett ouni matt der Wimper ze zucken.

Ech verstinn natiirlech deng Suergen matt Accident ann esou, mei wei gesoot wann ech wielen kann zweschen waat elo ass a waat keint sinn, ass mer d'Realiteit leiwer ann dei ass weis de gesoot hues 'eis Kaafkraft ass geschwenn 0'!!

Scheinen Ooweend nach,
Ramon

Post Reply