sandweiler ech resseln nemmen den kaap....

You have had good or bad experiences with Sandweiler, Esch-sur-Alzette or Wilwerwiltz ? Share them here ! Maybe together we can shed some light on this messy situation we have right now in Luxembourg ... (public)
Vous avez eu de bonnes ou mauvaises expériences avec Sandweiler, Esch-sur-Alzette ou Wilverwiltz ? Partagez-les ici ! Peut-être qu'ensemble nous réussiront à éclaircir cette situation chaotique que nous subissons actuellement au Luxembourg ... (public)

Moderators: Committee, Former-Committee

Post Reply
User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

sandweiler ech resseln nemmen den kaap....

Post by BenD-86 » 09/10/2009 18:31:11

folgendes:

op engem auto sin an engem garage fiedern vun hr op ee seat ibiza montiert gin...den auto get op sandweiler gefuhr fir se androen ze loosen,den mann deen mam auto do war kritt gesoot ,nodeems de jongen vun ct an der agreatioun sech den auto an den tuv ugekuckt hun dei fiischt fideren wären falsch...et wären fideren fir een anner auto...den mann geet zereck an den garage do get gekuckt den auto opgehuwen di fiedern sin laut tuv richteg fir den auto...een vun den jongen am garage freet bei der firma hr no dei bestätgen nach emol dat d fiedern richteg sin...also den auto rem op sandweiler an d agreatioun an siehe da den auto geet durch ouni laach!!!!!!!!!!

ech froen mech wei geet dat??
een auto den dei eischt keier net durchkomm ass an gesot gouf et waeren dei falsch fiedern drop get eng stonn dono rem dohin ouni dat irgendeppes geaennert gin ass kennt dann ouni laach durch an si gin agedro!!!!!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 09/10/2009 19:01:14

Do dierf een sech keng Froen stellen !

Ech hun schon oft fun esou Fäll héieren ! :evil:

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 10/10/2009 9:45:35

trotzddeem!!!!!!!!! :evil:

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 12/10/2009 9:55:25

Daat dierft jo awer nët sinn :evil:

"Richteg" an "Falsch" sinn zwee zimmlech kloer Konzepter, dei kënnen dach nët bannen 1 Stonn geännert hun...

Gët echt Zeit, dass ët zu deenen Nickien Alternativen à la Dekra oder TüV hei zu Lëtzbuerg gët, do wier eng Privatisatioun nët vun Mutwell, dann geifen se hier Client villeicht och endlech als Client'en betruechten, staat just als "Idioten dei jo souweisou d'nächst Joët mussen zerëck kommen" :-(

An wann nët, verschwannen se eben einfach vun der Bildfläsch, eng Firma ouni Client'en kann nët bestoen !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 12/10/2009 21:23:44

.... :evil:

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 13/10/2009 10:07:17

Deen Betrieb do misst zou gemach gin, dei sin dach just do fir Leit ze schikaneieren, du mess dir dach keng aarbecht fir fiederen ze bestellen, professionell drop ze bauen, direkt bei dei Idioten ze fueren fir se anzedroen wann et dei falsch wären, wei domm!!! Sie sollen dei huelen dei selwer bastelen an net dei zur sau maachen dei alles wellen richteg maachen! Get een och nach geld aus vir deen ganzen Schaiss!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 13/10/2009 12:37:23

@S.T.I : Den Nol op de Kapp getraff, awer genau esou ass ët :-(
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

ramon

Post by ramon » 05/11/2009 12:59:47

ett ass jo och guer nett em d'Fiederen gaangen ooder opp se richteg ooder falsch sinn, ett as ganz einfach den Jempi den seng Muecht e bessen ausspillen well. Dier musst verstoen, den Typ ass zu Letzebuerg gebuer, huet sain ganzt d'Liewen hei gewunnt, huet nii eppes aanescht gesinn ann ass mam Marie-Paule bestued daat hien schon seit der Spillschoul kennt.
Huet elo 3 Kanner doheem, d'Marie Paule as fett a liddereg ann hien huet all oowees voll Frust fier heem ze goen.

Vunn dofier maat dem Typ a gefaalen an sitt nett esou haart matt him....

steinke

Post by steinke » 05/11/2009 20:32:07

et mist een mol eng protestaktioun starten ob deenen jeweilegen controllstatiounen ;) Geifen bestemmt genug leit matmaan , aus allen sekteuren mat allen gefierer :) fierdrun alles offiziell man , dann kennen garagen an privat leit sech dodrop anstellen , an dann den buttek blockeiren ;) vleit geifen dei do uewen deenen klengen leit wou an da schlaang mussen stoen dann mol nolauschteren?!

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 06/11/2009 14:39:23

steinke wrote:et mist een mol eng protestaktioun starten ob deenen jeweilegen controllstatiounen ;) Geifen bestemmt genug leit matmaan , aus allen sekteuren mat allen gefierer :) fierdrun alles offiziell man , dann kennen garagen an privat leit sech dodrop anstellen , an dann den buttek blockeiren ;) vleit geifen dei do uewen deenen klengen leit wou an da schlaang mussen stoen dann mol nolauschteren?!

Wier eng Méiglechkeet !

MikeW-78
Club-Member
Posts: 317
Joined: 30/12/2007 23:46:40
Location: Neunhausen (L)

Post by MikeW-78 » 22/04/2010 20:55:52

War haut zu wilwerwiltz op der Kontroll, ech hun just den Ninja rof geholl, dei hun guer naicht zu mengem Auto gesot, weder zu der Leps nach Saitenschweller! Ganz relax an fein, einfach top! Mengen d nächst Joer bleiwt den Auspuff och drop, mat Silencer!!
Es kommt zusammen was zusammen gehört!!
Mike-Subaru!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 23/04/2010 11:24:55

Ma ech mengen ech kommen an Zukunft och mol bis op Wëlerwerwoltz rop, do scheinen d'Leit nach mei verstänneg ze sinn wei hei am Süden ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 23/04/2010 12:57:56

Den Diffusor och drop gelooss ?

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 23/04/2010 17:31:52

Den Ben huet sein Diffusor beim TüV oofgeholl kruut !!! :shock: :twisted: :lol:

Wo ein Wille ist, ist ein Weg ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

MikeB-78
Forum-User
Posts: 72
Joined: 19/04/2008 1:11:31
Location: COLMAR-BERG
Contact:

Post by MikeB-78 » 24/04/2010 12:16:09

Yank555 wrote:Ma ech mengen ech kommen an Zukunft och mol bis op Wëlerwerwoltz rop, do scheinen d'Leit nach mei verstänneg ze sinn wei hei am Süden ;-)
Et sin trotzdeem nach dei selwecht Leit! Verschiddener switchen eben, mol hei mol do! Mee ech mengen et ass einfach dei gudd eislecker Loft, dei hinnen gudd deet an mol Gehier mat richtegem Sauerstoff versuergt! :D

Muss Bedenken zu Sandweiler fueren vill Autoen an dann nach dei Oofgasen vun den Fliiger!!! :p
Drive it like you stole it!

User avatar
SergeK-80
Former committee member
Posts: 349
Joined: 26/12/2007 16:51:57
Location: Schifflange (L)
Contact:

Post by SergeK-80 » 13/05/2010 12:08:25

War geschter mat mengem STI op Esch an den CT. Bis op een klengen Zweifel mam Fuerwierk (den Mann wollt Pabeiren vun den Fiederen, haat ech awer keng. Fuerwierk war eng Einzelabnahm) as alles tip-top gelaaf.

Haat gefuart, dass se eppes geingen zu mengen Bremsen soe, well dei quietschen. Sot daat och, dun huet den Mann gemengt, dass se quitschen därfen, mee virun allem sollen se goen :wink:

Also ech kann trotz massiven Embau-Massnahmen bis elo nach nascht schlechtes iwert Sandweiler (resp. Esch) soen. Ech sin emmer fain en frendlech an deemno waren sie och emmer mat mär.

mfg
Form follows function

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 03/07/2010 23:07:18

E Méinde moien geet mäin mol rem op Sandweiler. Rem séier d'original Enddeppen dropgemaach, Pabeieren zesumme gesicht fir d'Fiederen anzedroen an prett ass en ! Hoffentlech :-( Ech färten di Sei wi Fixfeier. Mol ofwaarden.

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 04/07/2010 0:53:06

Aiaiai ;)

Ech muss den 12. mam GT an den 13. mam STi an d'Agréatioun, sinn frouh wann ech daat hannert mer hun !!

Drecken der d'Daumen !
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 05/07/2010 15:55:28

Anscheinend hues du d'Daumen net fest genuch gedréckt :-(

Agréatioun alles gudd gelaaf, war jo just fir d'Fiederen anzedroen. Dunn duerch d'Kontroll.

2 Lächer well di fiicht riets Luucht ze héich agestallt war. Daat muß een sech mol op d'Long zéien !!! Haaptsaach firun engem Joer nach alles an der Rei an lo beemol, aus heiterem Himmel huet déi sech fum selwen souvill verstallt. Deen haat chance daß ECH net do war mam Auto well soss wier d'Haal ze kleng gewiecht. Hun méng Madame misse schécken well ech all Daag fun 8-17 Cours hun.

Dann probéiere mir et des Woch nach eng kéier, awer zu Welwerwoltz !

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 05/07/2010 17:07:20

F*ck ! Dofiir 2x gepëtzt ?! :shock:

Ma dann loossen ech mech mol iwerraschen, wei daat d'nächst Woch bei mer ausgeht...
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

PedroP-76
Forum-User
Posts: 37
Joined: 05/04/2010 15:44:45
Location: Pratz ( L )

Post by PedroP-76 » 05/07/2010 22:49:28

Salut.

Je crois que c'est un peut à la tête du client. Moi je viens de passer la moto , j'ai plein de piéces qui ne sont pas homologuées , et on ne m'a rien dit. Même les modifications moteur n'on pas été constatées. De la chance sans doute . :lol:

C'est tout de même déconcertant . Par fois ça passe , par fois pas. :cry:
Pp

User avatar
BenD-86
Former committee member
Posts: 1329
Joined: 19/02/2008 22:00:51
Location: Mamer

Post by BenD-86 » 05/07/2010 22:53:46

Pp wrote: Je crois que c'est un peut à la tête du client. Moi je viens de passer la moto , j'ai plein de piéces qui ne sont pas homologuées , et on ne m'a rien dit. Même les modifications moteur n'on pas été constatées. De la chance sans doute . :lol:

C'est tout de même déconcertant . Par fois ça passe , par fois pas. :cry:
toute a fait d accord!!!!!!!!!!!!

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 05/07/2010 23:11:45

Triste réalité :(
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 06/07/2010 8:55:41

@ JayJay

Hat virun e puer Joër en ähnlëcht Erliefnis zu Esch um CT.

Virgeschicht: Hat um Auto (en Seat Ibiza) missten eng H4 Biir wiesselen, an dobäi nët genuch opgepasst, well ech hat se anscheinend nët riit an d'Halterung eragrdréckt, sou datt d'biir zwar gaang as, mee kromm geliicht huet.

Den Dag duerno hat ech Rdv um CT, wou ech dann och prompt wéinst dem falsch agestalltenen Scheinwerfer (!) duerchgefall sin. Hat dem gudde Mann dunn erklärt datt et nët de Scheinwerfer wier, mais datt just d'Biir kromm an der Fassung wier, an ech dat an 1 Minutt erleedegt hätt... . Den Kontroller huet awer nët mat sëch schwätze gelooss an mier 2 Lächer gepëtzt!

Sin dun hannen erausgefuer, hun um Parking stall gehaal an d'Biir riicht agesat, an dun nees vir am CT eragefuer (huet mech allerdings bal 2 Stonnen kascht fir an der Reih ze waarden fir erëm eran ze kommen :evil: ). Sin dun nees bei de sëlweschten Kontroller komm, denn dës Kéier meng Luuchtenastellung fir gutt befonnt huet...

Moral: um CT schaffen eng Partie fein a capabel Leit, mais och eng ganz Partie Trëllerten....

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/07/2010 10:11:11

D'Fro ass allerdings d'Verhältnins ze klären tëcht kapabel Leit an Trëllerten ... ech färten do fällt d'Wo wuel an d'Richtung Trëllerten ... leider ... an mer mussen dei Zopp ausleffelen, all Joër op en neits :-(

Weinie kënnt do endlech eng Liberalisatioun, dass mer en TüV oder Dekra oder Veritas kreien, wou een dann mol och als Client an nët als "Kallëf daat jo souweisou muss do passeieren" behandelt gët ?!
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
ChristianS-80
Forum-User
Posts: 351
Joined: 13/07/2009 18:51:05
Location: Grosbous

Post by ChristianS-80 » 06/07/2010 11:10:23

Juhuuuu, zu Welwerwoltz duerchkomm de moien ! :-)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/07/2010 12:08:36

Muss ech dann an Zukunft och bis doroper fueren ?? 8)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

User avatar
SteveP-78
Former committee member
Posts: 386
Joined: 28/12/2007 22:54:08
Location: Belvaux (L)
Contact:

Post by SteveP-78 » 06/07/2010 13:27:47

@yank

...souguer 2X pro Joër ;-)

User avatar
Jean-PierreR-71
President
Posts: 2053
Joined: 23/12/2007 21:10:06
Location: Bascharage (L)
Contact:

Post by Jean-PierreR-71 » 06/07/2010 14:39:36

D'Strecken sinn jo mei flott do uewen wei hei nidden, also weisou nët ;-)
Jean-Pierre Rasquin / Webmaster & Chairman / Impreza Club Luxembourg / www.impreza-club.lu

Post Reply